Buschtawenzopp mécht besonnesch Spaass! Zemools wann se mat frëschem Geméis an Héngerbroscht verfeinert gëtt. Esou schmaacht se net nëmme formidabel, mee ass och nach richteg gesond.
[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Du brauchs (fir 4 Persounen)
1 Bott Zoppegeméis
200 Gramm Héngerbroscht
1 Zwiwwel
100 Gramm Buschtawen-Nuddelen
1/2 Bott Péiterséileg
2 Muerten
100 Gramm Ierbesen
Salz
Peffer
D’Zoppegeméis schielen an zesumme mat der Héngerbroscht ënner dem Krunn ofspullen. D’Héngerbroscht an d’Zoppegeméis mat 2 Liter Waasser an engem Dëppen zum kache bréngen a bei mëttlerer Hëtzt brutschele loossen.
D’Zwiwwele schielen, an zwou Hallschente schneiden an an enger Pan op der Schnattsäit bei staarker Hëtzt ubroden. D’Zwiwwelen an d’Zopp maachen a 15 Minutten bei schwaacher Hëtzt brutschele loossen.
D’Geméis an d’Héngerbroscht aus der Britt eraus huelen. D’Geméis entsuergen. D’Héngerbroscht ofkille loossen an a kleng Wierfele schneiden.
D’Muerten an den Zelleri schielen, a Wierfele schneiden an zesumme mam Héngerfleesch, den Ierbessen an de Nuddelen an d’Zopp maachen. De Péiterséileg wäschen, kleng hacken, an och an d’Zopp dra maachen. Nach eng Kéier opkachen a 5 Minutte brutschele loossen.