Hues du schonns héieren … ?

„Hues de schonn um Facebook gelies, datt de Mich sech mam Ketty gepacst huet?“ „Jo, an de Pol huet grad gepost, datt hie Papp ginn ass. Hues de d’Foto vun dem Klenge gesinn? Wéi léiiiif. Nach ganz frësch.“ Déi Informatiounen hätt ee wuel virun enger Dose vu Jore liicht anescht opgeschnaapt, well do huet nach kee vun Instagram, Facebook an deenen anere soziale Medie geschwat. Wann een iwwer déi Evenementer net direkt aus éischter Hand informéiert ginn ass, dann ass een se iwwer d‘Dageszeitung gewuer ginn. A fir esou munchereen ass dat och haut nach de Fall.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Niewent de lokalen an internationalen Neiegkeete fënnt een an der Dageszeitung och manner fondéierte Journalismus ewéi Lieserbréiwer, awer eeben och Annoncen iwwer Gebuerten, Hochzäiten, Pacs an eeben och Stierffäll. „Esou laang ewéi ech meng Foto net an der Zeitung gesinn, weess ech, datt ech nach liewen.“ Wann een d’Zeitung duerchbliedert, stellt een tatsächlech fest, datt et éischter Usus ass, d’Foto vun enger betraffener Persoun bei enger Doudesannonce, ewéi bei enger Gebuert oder enger Hochzäit bäizefügen.

Mee ass dësen analoge Facebook haut nach zäitgeméiss? Jo, absolut! Et däerf een net vergiessen, datt vill Leit, virun allem eis eeler Generatioun, dës Informatiounen aus den Zeitunge bezéien. Op ee Bléck gesäit een an der Zeitung, wien alles deen Dag gebuer, bestuet, gepacst ginn oder gestuerwen ass an esou gëtt een dann och duerch d’Unzuel vu Frënn, deenen hiren Numm een an der enger oder anerer Rubrik erëmfënnt, drun erënnert, wou ee selwer grad am Liewe steet.

Och wann d’Medien dës Informatioune scho laang och op hiren digitale Plattformen ubidden, esou behaapt dach gären deen een oder aneren, datt esou muenche Lieser sech d’Zeitung all Dag nëmmen aus deem Grond keeft, fir um leschte Stand ze si bei den Noriichten zum Etat civil vun de Matbierger, déi hien eventuell kennt. An do ass jo net nëmmen de Virwëlz. Et wëll ee jo och net verpassen, engem Bekannten ze gratuléieren oder him bäizestoen. A bei méi enger enker Relatioun zum Betraffene gëtt dann och emol gären den Ausschnëtt mat der Schéier erausgeschnëppelt an zum Beispill an den Album gepecht. Grad bei Familljebicher ass et flott, den Original-Auszuch aus der Zeitung vun der Gebuert dran ze hunn, wann een no Joren derduerchkuckt.

An de soziale Medie leeft dat natierlech anescht. Do gëtt et keng kloer Säit, ewéi an der Zeitung, op där alleguer déi Evenementer opgelëscht stinn. Déi lafen am Newsfeed, an onofhängeg dovun, ob een déi Persoun kennt oder net, gëtt dës Annonce och vläicht guer net ugewisen. Et ass och keng neutral, sachlech Annonce, déi iwwermëttelt gëtt, mee méi eng lieweg, emotional agefierften Informatioun, déi och perséinlech Erliefnesser zum Ausdrock bréngt. Esou gëtt bei der Annonce, datt eng Persoun verstuerwen ass, wuel kaum eng schwaarzwäiss Passfoto gepost, mee éischter eng Foto vun der betraffener Persoun, zum Beispill mat engem Cocktailsglas am Grapp. Als Reaktioun kommen dann och net nëmmen déi wuelgemengte Bäileedsbekundungen, mee ganz gären och emol flott Anekdoten, déi ee mat dem Verstuerwene verbonnen huet. Niewent dëser spontaner Interaktivitéit ass kloer och d‘Vitess, also ewéi schnell sech d’Informatiounen iwwerdroen, e Virdeel vun de soziale Medien. Scho wärend een nach an der Maternité steet, kann een eng Foto vum Puppelchen eroplueden an sech un de Gléckwënsch erfreeën. Béid Medien, ob d’Annoncen an der Dageszeitung oder d’Informatiounen iwwer déi sozial Medien, hunn hir Daseinsberechtegung. Mir perséinlech wäert e Schnëppel aus der Zeitung vu menger Hochzäit an 20 Joer wuel méi wäert sinn ewéi eng Foto, déi ech deemools op eng Plattform eropgelueden hunn. Mee do huet jiddwereen seng eege Preferenzen.

An hoffentlech heescht et nach ganz laang niewent dem „Hues de um Facebook gelies, de Mich huet sech mam Ketty gepacst!“ och nach: „Hues du haut schonn an der Zeitung gelies, datt dem Margréitchen säi Jéngsten sech mam Müllesch Jos vun Uewerënnerglabesch senger Duechter bestuet? Déi sinn dach nach guer net esou laang zesummen. Wann do mol net Nowuess am Spill ass! Mol kucken, ob et dann iwwerhaapt 9 Méint dauert, bis mir d’Gebuertsannonce an der Zeitung gesinn. Nujee, grad esou gutt. De Müllesch Jos wäert et och net méi laang maachen. Dann ass d’Gebuertsannonce wéinstens virun der Doudesannonce an der Zeitung. Dat freet mech fir de Jos.”

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.