Querdenker aus Iwwerzeegung
Hie war Kënschtler, Designer, Editeur, Computerpionéier, Reklammsmécher, dat schlecht Gewësse vu senger Stad, onkonventionell, konservativ. Zwou Saache waren him besonnesch wichteg: d’Lëtzebuerger Musel a seng Heemechtsstad Gréiwemaacher. Fir béid huet hie villes gemaach an iwwer béid konnt hie sech ganz fuerchtbar opreegen.
Et konnt een e liicht ënnerschätzen, dobäi hat hien d’Konschtakademien zu Düsseldorf a Bréissel besicht, an deen een oder anere Präis gewonnen. Awer am Gréiwemaacher vun den 1980er war hien deen Typ, deen nach um hallwer zwielef d’Dier am Buedmantel opgemaach huet, wann een e Grafiker gebraucht huet.
Och wann et ewéi eng Banalitéit kléngt, d’Musel, a virun allem d’Stad Gréiwemaacher, sinn zanter dem 22. Mee 2020 e gutt Stéck méi aarm. Mam Usch (Eugène) Burton ass e Mann gestuerwen, deen d’Queeschdenken oder och d’Géint-de-Stroum-Schwammen zu senger Passioun gemaach hat.