Baue mat Steen a Bëton, dat ass eis Welt…

… behaapten se zu Bënzelt, engem éischter klengen Nascht am Norde vun eisem Ländchen.

Wéi de Jean-Pierre Rinnen am Joer 1936 de Pawee Handwierksbetrib vu sengem Papp iwwerholl hat, konnt hien sech sécher net virstellen, wat eng Kéier aus dem 1-Mann-Betrib géing ginn: E Betrib mat 300 Mataarbechter, deen haut zu de gréisste Betriber am Bausecteur zielt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Aus dem eenstege Handwierksbetrib ass iwwer d‘Zäit en zouverlässegen a staarke Partner fir Privatpersounen an ëffentlech Déngschter am Beräich vum Baue ginn. Domat awer net genuch. Schonn 1972 gëtt zu Holler eng Bëtonsfabrik opgemaach. Hei zu Holler gëtt haut Fäerdegbëton an ënnerschiddleche Festegkeetsklassen an no verschiddene Standarde produzéiert.

Am Joer 1987 kritt de Betrib nach eng Kéier Zouwuess. D‘Steekaul zu Konstem gëtt vun der Firma iwwerholl. Och dës gehéiert haut nach zum ganze Grupp. An deem klengen Duerf zwëscht Clierf an Housen gëtt Hasselter Steen ofgebaut. Dëse Steen ass bekannt duerch seng groblo Faarf a seng héich Festegkeet. Hie gëtt entweder als maschinell gebrachent Steematerial fir de Stroossebau oder awer vun Hand gehae, fir Maueren oder als Steng fir Weeër produzéiert.

Säit 2009 gëtt d‘Firma a véierter Generatioun vum Bob Rinnen, zesumme mat senger Mamm, dem Danièle Rinnen-Pütz geleet an zielt mëttlerweil méi ewéi 300 Mataarbechter.

Vill Wäert gëtt bei Rinnen Constructions Générales S.à.r.l., wéi de Baubetrib säit 2010 heescht, op en héije Sécherheetsstandard geluecht. Dëst gëtt duerch den SCIPRISC Certificat („Système de Coaching Innovant pour la Prévention des Risques professionnels dans le Secteur de la Construction“) ënnermauert.

Mat villen a flotte Wierder kann een dëse Lëtzebuerger Familjenbetrib a seng Aarbechte beschreiwen, mee well jo bekanntlech Biller méi soe wéi Wierder, stelle mir Iech Rinnen a Biller a Videoe fir. Loosst Iech begeeschteren!

1936 De Jean-Pierre Rinnen iwwerhëlt de Pawee Handwierksbetrieb vun sengem Papp Grégoire.

1943 Hie kritt d’Meeschterkaart als Pavéer.

1952 Hie kritt och d’Meeschterkaart als Steemetzer a grënnt offiziell d’Entreprise J.P. RINNEN-LENGLER mat 23 Mataarbechter.

1972 Zu Holler gëtt eng Bëtonsfabrik opgemaach.

1976 De Bouf Pierre Rinnen iwwerhëlt no sengem Studium als Bauingenieur d’Gerance vum Betrib.

1984 D’Gesellschaft gëtt an „Société de Constructions Générales P. Rinnen et Fils S.à r.l“ ëmbenannt an zielt 91 Mataarbechter.

1987  De Steebroch zu Konstem gëtt iwwerholl.

1995 De Pierre Rinnen stierft am Alter vun 41 Joer duerch en tragescht Accident.

  • D’Societéit beschäftegt 207 Mataarbechter.

2004 De Jean-Pierre Rinnen stierft am Alter vun 87 Joer.

2009 De Bob Rinnen, Bouf vum Pierre an Danièle Rinnen trëtt, no senger Etüd als Bauingenieur, der Entreprise bäi.

2010 D’Firma gëtt an „Rinnen Constructions Générales S.à r.l.“ ëmbenannt an zielt 260 Mataarbechter.

  •  Si gëtt vum Bob Rinnen a senger Mamm Danièle Rinnen-Pütz dirigéiert. Techneschen Direkter ass den Heinrich Michaelis
  •  Administrativen Direkter ass de Johann Peters (Ɨ 2012).

2015 Den 11. September 2015 gëtt d’Firma „Rinnen Carrière S.à.r.l.“ gegrënnt

  • D’Firma beschäftegt 285 Mataarbechter.
  • Neien Administrativen Direkter gëtt den Edgar Johanns

2017 D’Firma beschäftegt 300 Mataarbechter.

2018 D’Danièle Rinnen-Pütz stierft am Alter vun 63 Joer. Si war de Garant fir de Fortbestand an d’Entwécklung vun der Firma säit dem Doud vun hirem Mann (Pierre Rinnen) am Joer 1995.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.