Nei Weeër, nei Medien

En Atelier protégé deen eng digital Zeitung op Lëtzebuergesch eraus gëtt. Eng Traditiounszeitung déi no méi ewéi 70 Joer alles iwwer de Koup geheit an nei Weeër geet. 3 Journalisten déi mat investigativem Journalismus géint de Populismus virginn, an e Jugendmagasinn dat beweist datt eng Zesummenaarbecht vun zukünftege Journalisten iwwer d‘Landesgrenzen eraus ouni Problemer funktionéiere kann.

An 4 Artikele stelle mir dir 4 nei a modern Forme vu Journalismus fir!

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

En anere Journalismus zu Lëtzebuerg

Mir liewen an enger Informatiounsgesellschaft. Informatioun ass dat neit Gold. Se gëtt kaaft oder och verkaaft. Wien se besëtzt, huet oft e Virdeel vis-à-vis vun deem, deen se net huet. Se kann den Eenzele beaflossen, mee awer och eng ganz Gesellschaft.

Nach ni gouf Informatioun iwwer esou vill Kanäl a vun esou ënnerschiddleche Leit, déi domadder probéieren, Afloss op d’Meenung vun anere Mënschen ze huelen, verbreet. Dat, wat virdrun de professionelle Journaliste virbehale war, steet haut jiddwerengem iwwer déi sozial Medien zur Verfügung. Natierlech wierkt dat sech direkt op d’Qualitéit vun den Informatiounen aus – e gutt recherchéierten an neutral gehalenen Artikel däerf een sech hei net onbedéngt erwaarden.

Mee och de professionelle Journalismus ass ënnerschiddlechen Aflëss ausgesat, ewéi zum Beispill der Aart vun der Plattform, op där den Artikel publizéiert gëtt, der Zilgrupp, un déi sech den Artikel riicht, der Aktualitéit oder och nach dem Beruffsverständnis vum Journalist selwer.

Vill Leit wëllen haut ganz einfach um Lafende bleiwen, esouwuel bei deem, wat esou ëm een erëm passéiert, ewéi och an der grousser Welt. Kuerz a knackeg sollt d’Informatioun sinn, well de Konsument sech hautdesdaags ganz oft einfach iwwerrannt spiert vun der Hellewull vun Informatioun, déi vun alle Säiten op hien erofprasselt. A Fakenews sollen et wa méiglech och net sinn. Wann de Lieser sech dann awer emol d’Zäit wëll huelen, sech méi an en Theema eranzeliesen, oder et him wichteg ass, e Pressemedium am Grapp ze hunn, an deem de Journalist net nëmmen op der Uewerfläch ronderëmsurft, dann ass et gutt ze wëssen, datt et och ëmmer nach Presseorganer gëtt, déi sech dem investigative Journalismus verschriwwen hunn.

D’Grënner vu Reporter.lu sinn dëse Wee konsequent gaangen. De Christoph Bumb an d’Laurence Bervard wollte kee Mainstream-Journalismus maachen a waren der Meenung, datt et ville Leit net duergeet, op der Uewerfläch Schlittschong ze fueren, mee datt si d’Äis wëllen opgebrach gesinn an datt bis op de Gronn gedaucht gëtt!

Si hunn en neien, onofhängegen a virun allem anere Journalismus op Lëtzebuerg bruecht a konnten hir Glafwierdegkeet schonn ënner Beweis stellen, ier de Projet iwwerhaapt lancéiert war. Nach virum Oflaf vun hirer Crowdfunding-Campagne haten si genuch Ënnerstëtzter gewonnen, fir hire Projet ze finanzéieren. Eng Alternativ gouf et fir si net – entweeder sollte genuch Leit fonnt ginn, déi den Notze vun dësem Medium erkennen an dohanner stinn, oder de Projet sollt eeben einfach net zustan kommen. Sech vu klasseschen Aktionäre finanzéieren ze loossen, esou ewéi dat bei villen Zeitungen de Fall ass, géif sech vun der Iddi distanzéieren, an aller Hisiicht onofhängeg ze bleiwen a mam digitale Medium den Ënnerscheed ze maachen.

Den Ënnerscheed läit awer och doran, datt Reporter.lu, als digitale Magasinn, sech manner un d’Aktualitéit, dofir awer méi un de Bedarf vu senge Lieser bënnt. An de Bedarf vum Lieser ass Hannergrondinformatioun. Déi gëtt gebraucht, fir politesch awer och privat a professionell Entscheedunge kënnen ze treffen. A genee dat ass de Wee, dee Reporter.lu ageschloen huet: hannerfroen, analyséieren, kritiséieren an opdecken.

„Mir wäerte manner Artikele liwweren ewéi aner Zeitungen, dofir awer relevant a pregnant“, esou d’Laurence Bervard. A grad dat hëlt vill Zäit an Usproch, op déi Reporter.lu net verzichte wëll, ewéi de Christoph Bumb erkläert. Dem Christoph Bumb no bedreift Reporter.lu „e Journalismus, deen sech déi néideg Zäit a Fräiheet hëlt, fir fondéiert ze recherchéieren a wierklech kritesch a couragéiert ze berichten […]“. Fir déi fréier Journaliste vum Luxemburger Wort geet Qualitéit viru Quantitéit, hallef Saache stinn net zur Debatt.

Qualitéit brauch awer och Erfarung, an déi bréngen déi zwee Grënner vu Reporter.lu definitiv mat. De Christoph Bumb huet sech als diploméierte Politikwëssenschaftler an Historiker iwwer fënnef Joer mat der lëtzebuergescher Bannepolitik beschäftegt, huet 2015 en eegent Buch verëffentlecht a war 2016 op der Plaz fir iwwer d’US-Walen ze berichten, wärend d’Laurence Bervard fir d’Luxemburger Wort a L’essentiel geschafft huet an och den Amnesty Mediepräis fir hire Bericht iwwer d’Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg kritt huet. Hiren Associé, de Laurent Schmit, schreift selwer och iwwer politesch a wirtschaftlech Theeme fir Reporter.lu a war 2019 Deel vun der europawäiter, investigativer Recherche „Grand Theft Europe“. Zousätzlech gëtt den Trio duerch e Grappvoll vu kompetente Journalisten, Linguisten a Redaktere verstäerkt a liwwert zwar eng manner grouss Quantitéit, verglach mat anere Medien, dofir kann ee sech bei Reporter.lu awer sécher sinn, datt ee mol Saache gewuer gëtt, déi et net op all Plattform ze liese gëtt.

De Konterbont, déi aner Zäitschrëft op Lëtzebuergesch

D’Associatioun Autisme Luxembourg gouf am Joer 1981 gegrënnt. Zil war et deemools, Fachunterrechtsklasse fir Kanner mat Stéierungen aus dem Autismus-Spektrum ze schafen. Den Institut fir autistesch a psychotesch Kanner gouf gegrënnt an als éischt vum Bildungsministère an derno, vun 1988 un, vum Service fir differenzéiert Bildung ënnerstëtzt. An dësem Artikel soll et awer net ëm d’Associatioun selwer goen, mee vill méi ëm ee vun hire Projeten, deen 2017 ëmgesat gouf.

Fir e bessert Verständnis komme mir awer net derlaanscht, kuerz iwwer d’Associatioun selwer ze schwätzen. Säit 2004 bitt de „Centre Roger Thelen“ (CRT) zu Biekerech en Doheem fir e Grappvoll Atelier-protégéën an déi zentral Zerwisser vun der ASBL Autisme Luxembourg. De CRT huet den Aktivitéiten an dem Personal vun der Associatioun en enormen Opschwong erméiglecht. No an no goufen hei ënnerschiddlech Déngschtleeschtungen ënnerbruecht, wéi zum Beispill den Dageszentrum (Centre de jour), an deem déi Leit betreit ginn, déi net kënnen an d’Aarbechtsstrukturen integréiert ginn. De sougenannte CdJ bitt dëse Leit ugepassten Aktivitéiten un, fir hir Eegestännegkeet, hir perséinlech Entwécklung an hiert Wuelbefannen ze steigeren. Derbäi kënnt e Berodungszerwiss, deen aus enger multidisziplinärer Ekipp besteet, e Fleege- a Gesondheetszerwiss an en Zerwiss, dee sech ëm d’Beruffsausbildung këmmert a säit 2007 jonk Leit nom Ofschloss vun hirem schoulesche Flichtdeel ophëlt a se op d’Aarbechtsliewen an engem Atelier protégé oder um regulären Aarbechtsmaart virbereet.

Iwwersetzungen a 4 Sproochen

An engem vun dësen Atelieren, deen zanter dem vergaangene Joer an der fréierer Schoul zu Useldeng ënnerbruecht ass, gëtt hautdesdaags e Projet realiséiert, deem seng Wuerzelen zeréck bis an d’Joer 2015 ginn. Den Direkter vun der Associatioun, de Marc De Geest, huet deemools mat der Iddi gespillt, eng digital Zäitschrëft op de Marché ze bréngen. Wärend fräiberufflech Journalisten a Korrespondenten den Inhalt dozou liwwere kéinten, sollt d’Zäitschrëft am hauseegenen Info-Média Atelier zesummegestallt a grafesch opgeschafft ginn.

Zwee Joer méi spéit, méi genee am Dezember 2017, ass déi éischt Nummer vum Konterbont, där éischter digitaler Zäitschrëft komplett op Lëtzebuergesch, erauskomm. Gouf de Projet an deenen éischten zwee Joer nach vum „Fonds social européen“ finanziell ënnerstëtzt, sou mussen d’Produzenten haut op eegene Féiss stoen. Awer net eleng déi ausgewielte Sprooch ass d’Aushängeschëld vun dësem Magasinn, mee och d’Pop-uppen, déi de Lieser an all den Texter fënnt.

Méi genee erkläert: Uechter déi ganz Rubricke sinn eng sëllege Wierder ënnerstrach. Klickt een op dës Wierder, sou ginn déi zoutreffend Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch an och Portugisesch ugewisen. Doniewent kann ee sech d’Wierder och ulauschteren.

Eelef fest Rubricken

Mir hunn dëser Deeg den Info-Média Atelier zu Useldeng besicht, wou de Marc Wilgé (Typograf a Responsabel vum Projet), de Bob Felz (Grafiker) an d’Aida Kocan (Erzéierin), zesumme mat fënnef Mataarbechter, déi ënner Stéierungen aus dem Autismus-Spektrum leiden an tëschent Mëtt 20 a Mëtt 30 Joer al sinn, un der nächster Editioun vum Konterbont schaffen.

„Verbesser deng lëtzebuergesch Sproochkenntnisser an erweider däi Wuertschatz! Mam Konterbont, deem éischte komplett digitale Magasinn op Lëtzebuergesch! An 11 Rubricke fënns du all 2 Méint spannend an informativ Artikele ronderëm d’Lëtzebuerger Land, seng Kultur a seng Leit. Iwwer dem Liese léiers du nei Wierder kennen a verbessers deng Aussprooch!“ Sou stellt sech de Konterbont, deen et den Ament nëmmen als App fir Smartphonen an Tablette gëtt, selwer vir. Déi gratis App gouf bis dato schonn 2.000 Mol erofgelueden, d’Erofluede vun enger Nummer kascht 4,99 Euro.

„Am Laf vum Joer wäerte mir de Konterbont och op den normale Computer-Desktop bréngen“, seet de Marc Wilgé. Op d’Fro, wéi den Aarbechtsoflaf beim Konterbont ass, äntwert de Marc Wilgé: „Sou wéi an anere Magasinner oder Zeitungen och. E Redaktiounskommitee beréit a bestëmmt iwwer den Haapttheema vun där nächster Nummer, an d’Artikele fir déi ëmmer erëm opdauchend eelef Rubricken Am Vierdergrond, Zäitmaschinn, Popcorn/Buschtawenzopp a Knallierbessen, Zesumme liewen, Kachen a Brachen, Eist Ländchen, Typesch Lëtzebuerg, Fit a gesond, Aktiv a produktiv, D’Passfoto an, zu gudder Lescht, De politesche Stamminee gi bei den aacht fräiberufflech matschaffende Journalisten a Korrespondente bestallt. Gläichzäiteg gi sech Gedanken iwwer d’grafesch Gestaltung vum Theema gemaach.“

Enk Zesummenaarbecht

Um 9 Auer geet et lass am Info-Média Atelier. No engem gemeinsame Gespréich mat all de Mataarbechter, an deem ënner anerem d’Aufgabe fir den Dag verdeelt ginn, geet et un d’Aarbecht. Wärend deen een u grafeschem Material schafft, iwwersetzt een aneren Artikelen op Lëtzebuergesch, et ginn Texter an e fäerdege Layout gesat, Animatiounen oder Soundeffekter erstallt an nach villes méi.

Giess, ofgeraumt a gespullt gëtt och zesummen an der Ekipp. D’Iesse gëtt an der Mëttesstonn vum Kichen-Atelier zu Biekerech geliwwert. Net ze vergiesse sinn och déi enk Zesummenaarbechten, zum Beispill mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), wou déi ganz Texter nach eng kéier iwwerlies an am Zweiwelsfall och verbessert ginn. Gläichzäiteg liwwert den ZLS och d’Iwwersetzungen an d’Audio-Dateie fir déi sougenannte Pop-Upen. Eng weider enk Zesummenaarbecht besteet mam „Institut national des langues“, wou all Apprenant, deen an engem vun deene sëllege Coursen ageschriwwen ass, e gratis Abonnement vum Konterbont zur Verfügung gestallt kritt, fir niewent de Coursë säi Lëtzebuergesch ze verbesseren.

Méi iwwer de Konterbont fënns du ënner www.konterbont.com. Fir d’Ekipp ze verstäerke ginn zudeem weider fräiberufflech Journaliste gesicht. Avis aux amateurs!

En Artikel vum Roger Infalt

Alles Extra

De Jugendmagasinn aus der Groussregioun

„Den EXTRA ass e Jugendmagasinn, dee 4 mol am Joer als Bäilag an 3 groussen Zeitungen aus dem SaarLorLux-Raum erauskënnt.“ Dës éischter banal Erklärung vum Laura Tomassini ass awer just e klengen Deel vun deem, wat den EXTRA eigentlech ass. Hannendru verstoppt sech weesentlech méi ewéi nëmmen e Jugendmagasinn. Geschriwwe vu Schüler a Studenten aus dem SaarLorLux-Raum, gëtt den Extra säit mëttlerweil bal 20 Joer all 3 Méint am Tageblatt, der Saarbrücker Zeitung an dem Républicain Lorrain u bal 400.000 Leit gratis verdeelt a beweist domat, datt eng Kooperatioun am Medieberäich iwwer d’Grenzen eraus a vu Leit mat 3 ënnerschiddlechen Nationalitéiten ouni Problem funktionéiere kann!

An d’Liewe geruff gouf de Magasinn 2004 vum Journalist Chris Mathieu, deen d’Joer duerno fir dës Iddi den däitsch-franséische Journalistepräis krut. Deemools, genee ewéi haut, ass d’Iddi hanner dem EXTRA, iwwer eng Jugendzeitung Jugendlechen en éischten Abléck an de Beruff vum Journalist ze ginn. Gouf den EXTRA am Ufank nach vum Grënner selwer geleet, huet 2011 d’Journalistin Hélène Maillasson vun der Saarbrücker Zeitung d’Rudder iwwerholl. Ufank 2017 huet dunn d’Laura Tomassini d’Koordinatioun vum Magasinn iwwerholl.

D’Redaktiounssëtzunge ginn ofwiesselnd an de Raimlechkeete vum Tageblatt zu Esch, vun der däitsch-franséischer Kulturkooperatioun zu Saarbrécken oder vum Républicain Lorrain zu Metz ofgehalen. „Mir hunn an all Nummer en Haapttheema, dee sech e wéineg wéi e roude Fuedem duerch déi ganz Nummer zitt. Deen Theema ginn ech meeschtens vir“, erzielt d’Laura Tomassini. „Oft gi mir awer och vun Associatiounen ugeschriwwen, da kucke mir natierlech fir och doraus en Artikel ze maachen.“ Déi jonk Journaliste sichen sech dann en Theema fir hiren Artikel ronderëm dee roude Fuedem eraus, tauschen Iddien a Gedanken aus, a schreiwen den Artikel dann an hirer Sprooch doheem. „Ech sinn dann do, fir si ze ënnerstëtzen, Tricker ze verroden an Tippen ze ginn, Texter ze verbesseren an se un deen neie Layout unzepassen“, beschreift d’Laura Tomassini seng Roll.

Déi jonk Journaliste kommen aus der Grenzregioun, si meeschtens zwee- oder esouguer dräisproocheg, tëschent 16 a 24 Joer al, an hinne gefält déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht. Bericht gëtt aus dem Alldag iwwer Theemen, déi Jugendlecher a jonk Erwuessener interesséieren, also net onbedéngt déi Theemen, déi een an deenen anere Medien erëmfënnt.

Säit der Grënnung ënnerstëtzen d’Stëftung fir däitsch-franséisch kulturell Zesummenaarbecht an den däitsch-franséische Kulturrot den EXTRA-Magasinn. Dës Associatiounen iwwerhuelen och d’Pai vum Koordinator an d’Onkäschte fir Reportagen an Artikelen. Déi dräi Dageszeitungen iwwerhuelen d’Käschte fir den Drock a suergen derfir, datt d’Artikele vun deenen zukünftege Journalisten a Journalistinnen an de Stéit zu Lëtzebuerg, dem Saarland a Loutrengen gelies kënne ginn.

An du war Schluss!

Den 31. Dezember war op eemol Schluss. Net nëmme mam Joer 2020, mee och mam Lëtzebuerger Journal, op d’mannst an där Form ewéi déi meescht vun eis e säit dem Joer 1948 kannt hunn. Als Dageszeitung a Pabeierform, mat hirem prominenten, iwwer Joerzéngte bloe Schrëftzuch aus grousse Buschtawen op der éischter Säit, huet een de Journal säit 1948 an de Kioske fonnt. Tëschent deem rouden Tageblatt an deem schwaarze Luxemburger Wort huet déi blo Faarf ëmmer e wéineg erausgestach an de Journal huet sech domat och kloer als Parteizeitung vun der DP ze erkenne ginn.

Datt een och ouni massive Geld- a Personalopwand, dofir awer mat vill Engagement an Häerzblutt, eng Dageszeitung kann iwwer Joerzéngten um Liewen halen, ausbauen an ëmmer erëm veränneren, dat weist schonn eleng d’Geschicht vum Journal. De Journal entsteet sengerzäit aus dem Zesummeschloss vun där säit 1881 zu Gréiwemaacher produzéierter Obermoselzeitung an der offizieller Zeitung vun der lëtzebuergescher Resistenz d’Unio’n. Schonn am Leitartikel vun där éischter Nummer steet geschriwwen: „Wir hassen jeden extremen Fanatismus“, woumat déi liberal Ausriichtung vun der Dageszeitung kloer no bausse gedroe gouf. Déi nei Dageszeitung wosst deemools net nëmmen d’Lieser vu béide fusionéierten Zeitungen, mee och d’Membere vum deemolege „Groupement Patriotique et Démocratique“, aus deem 1955 déi haiteg Demokratesch Partei ginn ass, ze begeeschteren. Datt de Lëtzebuerger Journal spéiderhin zur Parteizeitung vun der DP géif mutéieren, an am Volleksmond och als solch bekannt war, louch scho bal op der Hand.

Mam Saz „Mir mussen endlech ophalen, de Journal als Parteizeitung duerzestellen.“, wiert sech den haitegen Direkter vum Journal awer mat Nodrock géint dës Baussenduerstellung vu senger Zeitung. Schonn am Summer 2020 huet de fréiere Programmdirekter vun RTL mat enger klenger Ekipp un där neier Ausriichtung vum Journal gefeilt, wärend déi al Ekipp ronderëm de Chefredakter Claude Karger zu där Zäit nach all Dag fläisseg un der Pabeierform vum Journal geschafft huet.

No 72 Joer war du Schluss – oder et geet grad eréischt lass. Den 31. Dezember 2020 haten d’Lieser déi lescht Nummer vum Journal am Grapp. Schonn e puer Woche virdrun huet een op der Internetsäit vum Journal gesinn, datt sech eppes sollt änneren. Deen ale Contenu war verschwonnen, an an engem Video ass deen ale Journal verbrannt ginn.

Mam Slogan Get the bigger picture an 9 Prinzippie gouf scho virum Enn vum Joer op deen neie Journal an déi nei Ausriichtung vum Inhalt opmierksam gemaach. „Mir wëllen e méisproochege Medium schafen, deen net nëmme Fast news produzéiert, mee méi op Qualitéit setzt an d’Méiglechkeete vun digitale Formater konsequent ausnotzt“, seet den Daniel Nepgen am Interview mat Reporter.lu an ënnersträicht domat kloer, wou d’Rees soll higoen.

Ënnerstëtzt gëtt den Daniel Nepgen vum Lynn Warken als Content Director a vum Melody Hansen, dat d’Rudder vum Claude Karger als Chefredakter iwwerhëlt. Hand an Hand wëlle si hiren 9 Prinzippie Liewen anhauchen, mat Häerz a Verstand. Ënnerstëtzt ginn déi 3 vun engem Grappvoll Freelance-Journalisten, vun esou munchem alen „Haudegen“ ewéi dem Pascal Steinwachs oder och dem Claude Frisoni, dee mat bekannt spatzer Fieder fir déi néideg Ofwiesslung beim Inhalt suergt.

An du war Schluss – oder et geet grad eréischt lass!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.