De Virsaz vum Joer: Ech halen op mat fëmmen!

Huet et dëst Joer geklappt? Oder fëmmt Dir schonn erëm oder ëmmer nach? Waart net bis 2021, mat dësen Tipps klappt et dës Kéier bestëmmt. Eng zweet Vakanz, shoppe goen, wéini ee wëll, oder sech deen deiere Flatscreen leeschten – als Netfëmmert spuert Dir vill Suen. Benotzt dës Tatsaach net nëmmen als Motivatioun, mee och als […]
Stonnelaangt Spillen um Computer: e systematescht Unzeeche fir Ofhängegkeet?

D’Kanner spillen ëmmer méi op Bildschiermer. Déi meescht Eltere si beonrouegt, datt d’Kanner sou vill Zäit mat Videospiller verbréngen. Munch gesinn doran en Unzeeche vu Videospillsucht. Ass dat wierklech e Krittär, fir vun Ofhängegkeet ze schwätzen?
Lëtzebuerg a seng „Blockbusteren“

Jo, et gëtt se. Lëtzebuergesch Filmer, déi fir Begeeschterung gesuergt hunn. Virun allem déi lëtzebuergeschsproocheg Produktiounen hu vill Leit virun déi grouss Leinwand gezunn. Mam éischte Spillfilm Wat huet e gesot? ass am Joer 1981 eng nei Ära an der Lëtzebuerger Filmwelt agelaut ginn. Virun allem d’Produktioune vum AFO-Team, vum Andy Bausch, vum Pol Cruchten a […]
Eng Renaissance fir de Kino vu fréier?
Ween erënnert sech nach un de „Kino vu fréier“? Wou nach kee Popcorn an Eemere verkaaft gouf, mee eng méi oder manner frëndlech Damm mam „Friscos-Kuerf“ voll mat lackelege Glacen duerch d’Reie gaangen ass. Wou wärend dem Film amplaz vun zeg Handy-Displaye just heiansdo mol eng Täscheluucht opgeblëtzt huet, wann engem verspéite Spectateur de Wee […]
De Mënsch Jeff Strasser

Dem Fussballspiller Jeff Strasser säi Werdegang ass impressionant. Wéi huet hien déi eenzel Etappe vun senger Karriär erlieft? Hien erënnert sech, datt den Ufank schwéier war, fir Proffi ze ginn.
Roude Léiw, huel se!

„Roude Léiw, huel se!“ – mat dësem Sproch spornen eestëmmeg d’Unhänger d’Foussballekipp vun engem Mini-Land un, dat nach ni déi ugepeilte lescht Etappe vun der FIFA-Weltcoupe erreecht huet, obwuel et zënter 1934 mat dobäi ass. Amüsant … an derwäert, sech Gedanken driwwer ze maachen! Wat soll dee Slogan, a firwat e Léiw?
Panini Carbonara …

Déi aktuell Panini-Lawin fält e bëssen aus der Roll am Verglach mat fréiere Weltmeeschterschaften, zum Beispill och wëll se zäitlech versat ass. Deemno ass et wuel fir d’éischt, dass d’Kanner an der Strooss de Pak oprappen mat engem liichte Neelchen an de Fanger, wëll dat ronnt Lieder vun November bis Dezember am Katar rullt.
D’Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg

Fotoen: © Darren Campbell / Cinémathèque VDL Wien hei zu Lëtzebuerg gären emol e Film op der grousser Leinwand genéisst, huet eng Rëtsch Kinoen zur Auswiel. Bis op e puer Ausname weisen déi meescht vun dëse Kinoe Filmer, déi ganz nei erauskomm sinn a gréisstendeels aus den USA, England, Däitschland oder Frankräich kommen. Dat bescht […]
Eng stëbseg Affär!

An der kaler, naasser fënnefter Joreszäit ass an de Kino goen, fir sech zum Beispill déi neisten Aventurë vun de Marvel-Superhelden eranzezéien, eng heefeg Fräizäitaktivitéit, där vill Familljen, Koppelen oder Frënn sech widmen. Firwat och net? Et ass schuckeleg waarm, eng flott Oflenkung vum Alldag a fir Geschneeks ass och gesuergt. Déi bekanntste Kinoen, de […]
Wichteg Zäitzeien

Fotoen: © CNA/Romain Girtgen Laang Jore gouf doriwwer diskutéiert, wéi een dat räicht audiovisuellt a fotografescht Ierwe vu Lëtzebuerg kann zesummendroen a schützen, fir datt dëse Räichtum och den nächste Generatiounen zougänglech ass. D’Grënnung vum „Centre national de l’audiovisuel“ (CNA) am Joer 1989 war e wichtege Schrëtt an dës Richtung. Ënner der Responsabilitéit vum Kulturministère huet […]