Placeholder Dummy template
Fotoen: © Darren Campbell / Cinémathèque VDL

Wien hei zu Lëtzebuerg gären emol e Film op der grousser Leinwand genéisst, huet eng Rëtsch Kinoen zur Auswiel. Bis op e puer Ausname weisen déi meescht vun dëse Kinoe Filmer, déi ganz nei erauskomm sinn a gréisstendeels aus den USA, England, Däitschland oder Frankräich kommen. Dat bescht Beispill dofir ass de Kinepolis um Kierchbierg, wou all déi grouss Blockbustere lafen, esoubal se erauskommen. Mee déi aner zwee Kinoen an der Stad gehéieren éischter zu den Ausnamen. Am Utopia um Lampertsbierg lafe méi international an onofhängeg Filmer. Am klengste Kino an der Stad – der Cinemathéik op der Theaterplaz – gi Filmer gewisen, déi scho säit méi Laangem net méi an deenen anere Kinoe lafen oder et vläicht och ni an dës gepackt hunn. Gemengt sinn domat al Meeschterwierker, déi ee soss net méi kann op der grousser Leinwand genéissen, „Films d’auteur“, Dokumentarfilmer an nach villes méi.

Mee dëst ass awer net deen eenzege Grond, firwat sech d’Cinemathéik vun anere Kinoen ënnerscheet. D’Cinemathéik, obwuel si de klengste Kino an der Stad ass, huet déi gréissten Auswiel u Filmer. Dëst läit dorun, datt d’Cinemathéik fir d’éischt emol e Filmarchiv ass an net nëmmen e Projektiounssall. Sou besëtzt si eng gutt 13.000 verschidde Filmtitelen, weider Kopien an anere Sproochen net matgezielt, vill dovun an hirem originale 35-mm-Format. Als Archiv ass et der Cinemathéik enorm wichteg, dës Filmer als Deel vum internationale Patrimoine culturel ze erhalen. Genee sou wichteg ass et dem Katherine Krettels vun der Cinemathéik awer och, datt d’Leit dozou ugereegt ginn, erëm an den Kino ze goen, fir dës Filmer ze genéissen.

Selbstverständlech kann ee sech d’Fro stellen, firwat een en ale Film an de Kino kucke goe sollt, deen ee genee sou gutt bei sech doheem op DVD, Blu-Ray, Netflix oder engem anere Streaming-Site kucke kéint. D’Cinemathéik besëtzt vill Filmer, déi ee soss net direkt géif fannen, virun allem net an där Qualitéit, an där ee se an hirem Kinossall gewise kritt. Esou ass et grad flott, sech eraus aus der eegener Stuff ze beweegen an eleng, mat der Famill oder mat Frënn e flotte Film an engem professionellen Ëmfeld mat deem néidegen techneschen Ekipement ze genéissen. „Genee dës Astellung wëlle mir bei de Leit fërderen“, seet d’Nicole Dahlen, Programmatrice vun der Cinemathéik, „an dowéinst ass eis en ëmfangräiche Programm wichteg.“ Den Haaptprogramm ass no Theemen oder Persounen opgebaut, sou kënne mol wärend engem gewëssen Zäitraum Filmer vun engem bestëmmte Regisseur oder iwwer e speziellt Theema gewise ginn. Och den aktuellen zäitgenëssesche Kontext kann de Kader fir eng Serie vu Filmer bidden, wéi zum Beispill Filmer mam typesche schwaarzen Humor vun de Britte passend zum Brexit. Domat wëll d’Ekipp vun der Cinemathéik bewierken, datt d’Leit sech och méi mat der Thematik vun de Filmer auserneesetzen. Vill Filmer hunn nämlech zousätzlech dozou, datt se ënnerhalsam sinn, och en edukative Wäert! Esou invitéiert d’Cinemathéik gäre mol Experten iwwer de Sujet vum Film oder organiséiert e klenge „Meet & Greet“ mam Regisseur oder anere Bedeelegten. Doniewent ginn extra Seancë fir Kanner a Jonker organiséiert, wou déi gewielte Filmer fir d’éischt kuerz virgestallt ginn an duerno eng Diskussioun stattfënnt.

Bei der „Université populaire du cinéma“ ginn Experten agelueden, déi eng Virliesung iwwer verschidden Aspekter vun der Filmanalys ginn, sou datt et de Cinephillen méiglech ass, Filmer nach besser ze verstoen. D’Cinemathéik hëlleft och ganz vill beim LuxFilmFest mat, engem Festival, deen 2020 seng 10 Joer feiert an dee versicht, de Grand public méi fir d’Filmmaachen ze interesséieren.

Des Weideren ass d’Cinemathéik den Haaptorganisateur vum beléifte City Open Air Cinema, deen am Summer d’Leit op verschidde Plazen an der Stad aluet, gratis e Film ënner fräiem Himmel ze genéissen.

All dëst ass der Cinemathéik méiglech, well se engersäits Member vun der Internationaler Vereenegung fir Filmarchiver ass a well se anerersäits zur Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg gehéiert. Duerch d’Verbindung zu Cinemathéiken an Archiven aus anere Länner steet d’Cinemathéik a stännegem Austausch a kann och Filmer weisen, déi hei soss net direkt zur Verfügung stinn. Als Bestanddeel vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg ass si en ëffentlech gefërderte Kino a steet esou manner ënner ekonomeschen Drock. Dëst gëtt hir déi néideg Fräiheet, hire Programm geziilt opzebauen an Eventer ze organiséieren, déi de Leit de Kino an d’Filmgeschicht erëm méi no bréngen.

D’Cinemathéik ass e Kino, deen net nëmme Filmer an enger flotter Atmosphär weist, mee de Leit och bäibréngt, de Film erëm richteg ze appreciéieren an ze genéissen.

D’Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg

Fotoen: © Darren Campbell / Cinémathèque VDL

Wien hei zu Lëtzebuerg gären emol e Film op der grousser Leinwand genéisst, huet eng Rëtsch Kinoen zur Auswiel. Bis op e puer Ausname weisen déi meescht vun dëse Kinoe Filmer, déi ganz nei erauskomm sinn a gréisstendeels aus den USA, England, Däitschland oder Frankräich kommen. Dat bescht Beispill dofir ass de Kinepolis um Kierchbierg, wou all déi grouss Blockbustere lafen, esoubal se erauskommen. Mee déi aner zwee Kinoen an der Stad gehéieren éischter zu den Ausnamen. Am Utopia um Lampertsbierg lafe méi international an onofhängeg Filmer. Am klengste Kino an der Stad – der Cinemathéik op der Theaterplaz – gi Filmer gewisen, déi scho säit méi Laangem net méi an deenen anere Kinoe lafen oder et vläicht och ni an dës gepackt hunn. Gemengt sinn domat al Meeschterwierker, déi ee soss net méi kann op der grousser Leinwand genéissen, „Films d’auteur“, Dokumentarfilmer an nach villes méi.

Mee dëst ass awer net deen eenzege Grond, firwat sech d’Cinemathéik vun anere Kinoen ënnerscheet. D’Cinemathéik, obwuel si de klengste Kino an der Stad ass, huet déi gréissten Auswiel u Filmer. Dëst läit dorun, datt d’Cinemathéik fir d’éischt emol e Filmarchiv ass an net nëmmen e Projektiounssall. Sou besëtzt si eng gutt 13.000 verschidde Filmtitelen, weider Kopien an anere Sproochen net matgezielt, vill dovun an hirem originale 35-mm-Format. Als Archiv ass et der Cinemathéik enorm wichteg, dës Filmer als Deel vum internationale Patrimoine culturel ze erhalen. Genee sou wichteg ass et dem Katherine Krettels vun der Cinemathéik awer och, datt d’Leit dozou ugereegt ginn, erëm an den Kino ze goen, fir dës Filmer ze genéissen.

Selbstverständlech kann ee sech d’Fro stellen, firwat een en ale Film an de Kino kucke goe sollt, deen ee genee sou gutt bei sech doheem op DVD, Blu-Ray, Netflix oder engem anere Streaming-Site kucke kéint. D’Cinemathéik besëtzt vill Filmer, déi ee soss net direkt géif fannen, virun allem net an där Qualitéit, an där ee se an hirem Kinossall gewise kritt. Esou ass et grad flott, sech eraus aus der eegener Stuff ze beweegen an eleng, mat der Famill oder mat Frënn e flotte Film an engem professionellen Ëmfeld mat deem néidegen techneschen Ekipement ze genéissen. „Genee dës Astellung wëlle mir bei de Leit fërderen“, seet d’Nicole Dahlen, Programmatrice vun der Cinemathéik, „an dowéinst ass eis en ëmfangräiche Programm wichteg.“

Den Haaptprogramm ass no Theemen oder Persounen opgebaut, sou kënne mol wärend engem gewëssen Zäitraum Filmer vun engem bestëmmte Regisseur oder iwwer e speziellt Theema gewise ginn. Och den aktuellen zäitgenëssesche Kontext kann de Kader fir eng Serie vu Filmer bidden, wéi zum Beispill Filmer mam typesche schwaarzen Humor vun de Britte passend zum Brexit. Domat wëll d’Ekipp vun der Cinemathéik bewierken, datt d’Leit sech och méi mat der Thematik vun de Filmer auserneesetzen. Vill Filmer hunn nämlech zousätzlech dozou, datt se ënnerhalsam sinn, och en edukative Wäert! Esou invitéiert d’Cinemathéik gäre mol Experten iwwer de Sujet vum Film oder organiséiert e klenge „Meet & Greet“ mam Regisseur oder anere Bedeelegten. Doniewent ginn extra Seancë fir Kanner a Jonker organiséiert, wou déi gewielte Filmer fir d’éischt kuerz virgestallt ginn an duerno eng Diskussioun stattfënnt.

Bei der „Université populaire du cinéma“ ginn Experten agelueden, déi eng Virliesung iwwer verschidden Aspekter vun der Filmanalys ginn, sou datt et de Cinephillen méiglech ass, Filmer nach besser ze verstoen. D’Cinemathéik hëlleft och ganz vill beim LuxFilmFest mat, engem Festival, deen 2020 seng 10 Joer feiert an dee versicht, de Grand public méi fir d’Filmmaachen ze interesséieren.

Des Weideren ass d’Cinemathéik den Haaptorganisateur vum beléifte City Open Air Cinema, deen am Summer d’Leit op verschidde Plazen an der Stad aluet, gratis e Film ënner fräiem Himmel ze genéissen.

All dëst ass der Cinemathéik méiglech, well se engersäits Member vun der Internationaler Vereenegung fir Filmarchiver ass a well se anerersäits zur Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg gehéiert. Duerch d’Verbindung zu Cinemathéiken an Archiven aus anere Länner steet d’Cinemathéik a stännegem Austausch a kann och Filmer weisen, déi hei soss net direkt zur Verfügung stinn. Als Bestanddeel vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg ass si en ëffentlech gefërderte Kino a steet esou manner ënner ekonomeschen Drock. Dëst gëtt hir déi néideg Fräiheet, hire Programm geziilt opzebauen an Eventer ze organiséieren, déi de Leit de Kino an d’Filmgeschicht erëm méi no bréngen.

D’Cinemathéik ass e Kino, deen net nëmme Filmer an enger flotter Atmosphär weist, mee de Leit och bäibréngt, de Film erëm richteg ze appreciéieren an ze genéissen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.