Wann et ëm Kino geet, dann däerf e bëssen Nostalgie roueg erlaabt sinn. Ageschwuere Cinephiller erënneren sech vläicht nach un de Film Cinema Paradiso (1988) vum Giuseppe Tornatore, en Hommage an eng Libeserklärung un d’Welt vum Kino. Interessanterweis ass dat Wierk grad zu enger Zäit erauskomm, an där d’Kinoslandschaft – och zu Lëtzebuerg – am Gaang war, sech dramatesch ze veränneren.
Schonn ufangs vum leschte Joerhonnert gouf et op der Escher Päischt- an Ouschterkiermes e „Fahrendes Kino“, mat deem d’Visiteure vun der Kiermes mat dëser nach fuschneier Konschtform bekannt gemaach goufen. Déi éischt richteg Kinoen hunn dann och net laang op sech waarde gelooss. 1902 huet an der Stad de Cinema Parisiana um fréiere Schoulbierg bei der haiteger Place Clairefontaine seng Paarten opgemaach an am Laf vun den nächste Joerzéngte sinn am ganze Land nei „Liichtspillhaiser“ wéi d’Champignonen aus dem Buedem geschoss – eng Entwécklung, déi natierlech zweemol duerch d’Weltkricher staark gebremst gouf.
Kinosnimm wéi Marivaux, Cinémathèque, Cité an Eldorado (Stad Lëtzebuerg), Ariston a Moderne (Esch-Uelzecht), Lutétia (Diddeleng) oder Mirador an Apollo (Déifferdeng) hunn d’Fräizäitliewe vu Generatioune gepräägt. Et ware Plazen, op deenen een sech Rendez-vous ginn huet a wou ee Filmer gesinn huet, un déi een sech och nach no ville Joren erënnert. Fir d’Keess opzebesseren, ware munch Kinoen sech heiansdo esouguer net ze schued, fir och emol net ganz jugendfräi Filmer ze weisen – am Fall vum Escher Ariston war dat besonnesch pikant, well déi respektiv Filmplakater just vis-à-vis vun enger Kierch aushoungen …
En interessant Beispill fir en historescht Kinosgebai ass de Kursaal zu Rëmeleng, deen 1908 opgemaach gouf an nach haut a Betrib ass. Awer och ongewéinlech Etablissementer wéi de beléifte Klenge Kino zu Schrondweiler, dee vu 1986 un zéng Joer laang vun engem filmbegeeschterte Privatmann bedriwwe gouf, sinn an d’Lëtzebuerger Kinosgeschicht agaangen.
Och wann de Kinossall a senger klassescher Form, déi vun Operen- an Theaterhaiser inspiréiert war, sech nach joerzéngtelaang konnt géint d’Flimmerkëscht an der heemescher Stuff behaapten, haten d’Bedreiwer dach mat ëmmer méi héije Käschten ze kämpfen. D’Digitaliséierung war do bei gewëssermoossen nëmmen d’Drëps, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. Well scho virdrun haten déi dacks familljegefouert Kinoe schwéier um finanziellen Opwand fir néideg Moderniséierunge wéi z. B. Klimaanlagen oder zäitgeméiss Kinosstill ze droen an och de staarke Konkurrenzdrock duerch nei Multiplex-Kinosarealer huet hinnen zougesat. Verschiddener hunn en Auswee dora gesicht, hire grousse Kinossall a méi kleng Entitéiten ze ënnerdeelen, fir méi Filmer parallel kënnen ze weisen. Mee och sou Ëmbaute sinn natierlech an d’Geld geschloen an hunn Investitioune bedeit, déi net sou liicht iwwer d’Billjeesverkeef ze kompenséiere waren! D’Resultat war, datt wéi an anere Länner och vill Kinoen hu missten hir Dieren ee fir allemol zoumaachen …
Keen Happyend à la Hollywood deemno fir de Kino vu fréier? Erfreelecherweis gesäit een, datt d’Situatioun sech, knapp 30 bis 40 Joer nom grousse Stierwe vun de Kinoen, hei am Ländchen haut erëm eppes méi positiv presentéiert. D’Kinoslandschaft zu Lëtzebuerg schéngt sech erholl ze hunn, well niewent den ëmmer nach dominéierende Säll vun der Kinepolis-Grupp gëtt et uechter d’Land mëttlerweil erëm eng ganz Rei Filmtheateren, déi probéieren, hire Clienten de Filmgenoss mat enger méi iwwersiichtlecher a gemittlecher Struktur ze verséissen. De Kino vu fréier ass deemno nach laang net dout, mee schéngt éischter eng iwwerzeegend Renaissance ze erliewen!
En Artikel vum Patrick Calzi