Lëtzebuerg a seng „Blockbusteren“

Jo, et gëtt se. Lëtzebuergesch Filmer, déi fir Begeeschterung gesuergt hunn. Virun allem déi lëtzebuergeschsproocheg Produktiounen hu vill Leit virun déi grouss Leinwand gezunn. Mam éischte Spillfilm Wat huet e gesot? ass am Joer 1981 eng nei Ära an der Lëtzebuerger Filmwelt agelaut ginn. Virun allem d’Produktioune vum AFO-Team, vum Andy Bausch, vum Pol Cruchten a spéider vu Samsa Film konnten sech als déi gréisste Publikumsmagnéiter bis elo erauskristalliséieren. Hei en Iwwerbléck iwwer dës audiovisuell Aarbechten.

An enger éischter Phas war et den Amateurgrupp AFO, deen am Joer 1981 mat sengem Film Wat huet e gesot? fir eppes Neies gesuergt huet. Fir d’éischte Kéier gouf e lëtzebuergeschsproochege Film an de Kinoen hei am Land projezéiert. D’Ekipp ëm Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer konnten d’Cinephille mat hirer Geschicht vum Alldagsliewe vun de Schüler an de Proffen am Dikrecher Kolléisch iwwerzeegen. D’lëtzebuergesch Press war vun dësem neie Phenomeen méi wéi begeeschtert. „Kee Kinosfan dierft dës Produktioun verpassen“, gouf zum Beispill an der Zeitung Lëtzebuerger Journal geschriwwen.

Nëmmen zwee Joer drop wot sech d’AFO-Team un e weidere Projet erun. Mat E Congé fir e Mord produzéiert den Trio fir d’éischte Kéier e Krimi. De Film, mat engem Budget vun 1,7 Millioune Frang (ëmgerechent 42.500 Euro), huet beim lëtzebuergesche Public ageschloe wéi eng Bomm. Net manner wéi 50.056 Tickete goungen iwwer d’Théik. Wat de Film sou spektakulär gemaach huet, beschreift d’lëtzebuergesch Dageszeitung Tageblatt an hirer Kritik. „Sou e perfekt gemaachten an interpretéierte lëtzebuergesche Film gouf bis elo nach ni gedréit. Et kann een einfach nëmme begeeschtert si vun der Qualitéit vun der Inzenéierung an der Kameraféierung. Et kënnt een aus dem Staunen einfach net eraus“, stoung deemools an der Zeitung.

1988 mécht fir déi éischte Kéier de lëtzebuergesche Regisseur an Dréibuchauteur Andy Bausch mat enger komplett lëtzebuergescher Verfilmung op sech opmierksam. De Film Troublemaker, deen éischten Deel vun enger Trilogie, huet dem Thierry Van Werveke d’Diere fir eng international Schauspillkarriär opgemaach. D’Handlung vun dësem Film ass u sech ganz einfach: Zwee Klengkrimineller, de Jacques Goudebour alias Johny Chicago (gespillt vum Van Werveke) an den Chuck Moreno, déi sech am Prisong kenne geléiert hunn, dreemen no hirer Entloossung vum grousse Geld. En Iwwerfall op e Geldtransporter soll hinnen déi néideg Suen erabréngen, fir sech an Amerika kënnen ofzesetzen. Dës Geschicht ëm déi zwee bësse méi chaotesch Gangstere kënnt gutt bei der lokaler Press un. Virun allem d’Komik, déi wüüst Verfolgungsjuegten an déi excellent Schauspillleeschtunge géifen dëse Film zu engem spannenden an amusante Film maachen.

Och säin zweete Film, mam ganz ongewéinlechen Numm A Wopbopaloobop A Lopbamboom, wosst e Joer drop, ze gefalen. Am Verglach zu de viregte Produktioune gouf e wäitaus méi héije Budget vu 14 Millioune Frang (ëmgerechent 350.000 Euro) gebraucht, fir dëse Film ze finanzéieren. Auslännesch Produzenten hunn e gudde Batz u Suen derzou bäigesteiert, fir virun allem d‘Technik op deen neiste Stand ze bréngen. Dee ganzen – och finanziellen – Opwand huet sech awer gelount: Um Filmfestival zu San Sebastian ass et dem Andy Bausch gelongen, mat dësem schwaarzwäisse Film deen éischte Präis an der Kategorie „Open Zone/New Directors“ fir Regisseuren ze gewannen.

Et sollt awer net laang zougoen, éier deen éischte Lëtzebuerger Film en internationale Präis ofraume konnt. 1993 huet d’Hochzäitsnuecht beim Max-Ophüls-Präis d’Auszeechnung an der Kategorie „beschte Film“ gewonn. Mee domat net genuch: Beim Filmfestival zu Cannes gouf dës Produktioun vum Regisseur Pol Cruchten an der renomméierter Sektiounun certain regard“ ausgestraalt. Soumadder war et wéineg verwonnerlech, datt d’Hochzäitsnuecht net nëmmen an den Nopeschlänner, mee och hei zu Lëtzebuerg vill Unerkennung krut. D’Geschicht iwwer eng Koppel, déi aus ënnerschiddleche gesellschaftleche Verhältnesser kënnt an als hire gemeinsamen Hobby den Drogekonsum huet, gëtt an der Press zum Beispill als en „haarden, mee zugläich schockéierende Film ouni sentimentalen Happyend“ ugesinn.

An deene leeschte Joren ass et haaptsächlech eng Filmproduktiounsfirma, déi sech Samsa Film nennt, déi an der lëtzebuergescher Kinoszeen vun sech schwätzen deet. Zwee vun hire „Grand Crue“ si sécherlech den Doudege Wénkel an de Superjhemp retörns. Vun den Handlunge kënne béid Produktioune kaum méi ënnerschiddlech sinn. Beim Doudege Wénkel handelt et sech ëm e klassesche Krimi, wou zwee Polizisten engem aflossräiche Geschäftsmann op der Spuer sinn, dee mat Geldwäsch a Korruptiounsproduktiounen säi Geld verdéngt. Fir vill Experten hei am Land gëtt dëse mat 2,6 Milliounen Euro produzéierte Film vum Christopher Wagner als e weidere Meilesteen an der nationaler Filmgeschicht ugesinn. Bei dësem Krimi géif wäit méi wéi just kriminell Ermëttlung dohannerstiechen, mee e géif wäit iwwer d’Grenze vu Gutt a Béis erausgoen, steet an der Wochenzeitung woxx.

Beim Superjhemp retörns ass et engem nationale Superheld, dee sech mat Hëllef vu Kachkéis iwwernatierlech Kräften uneegent, seng Missioun, Luxusbuerg (Wuertspill fir Lëtzebuerg) virun enger kosmescher Katastroph ze retten. Virun allem fir e lëtzebuergescht d’Publikum huet dëse Film vill ze bidden: Gekonnte Wuertspiller, typesch lëtzebuergesch Virurteeler an eng Hellewull u gudde Witzer komme bei dëser Produktioun un d’Liicht. Deen neiste Film (Budget 3,5 Milliounen Euro) vum Regisseur Felix Koch, deen eréischt Enn 2018 erauskoum, brécht – wat Entréeszuelen ugeet – sämtlech Rekorder. Nach ni huet e lëtzebuergeschsproochege Film sou vill Leit an de Kino gelackelt. Wäit méi wéi 50.000 Billjeeë goufe kaaft, woumadder de Beschtwäert vum Congé fir e Mord iwwertraff gouf.

Mee an engem Punkt hunn dës Filmer eppes gemeinsam: Niewent der Sprooch léist den Erëmerkennungswäert vun de verschiddenen Uertschafte beim Cineast e Gefill vun Heemecht aus. D’Ervirruffe vun Emotioune mécht ënner anerem en erfollegräiche Film aus; an dat hunn dës lëtzebuergesch „Blockbustere“ sécherlech erreecht.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.