Huet et dëst Joer geklappt? Oder fëmmt Dir schonn erëm oder ëmmer nach? Waart net bis 2021, mat dësen Tipps klappt et dës Kéier bestëmmt.

Eng zweet Vakanz, shoppe goen, wéini ee wëll, oder sech deen deiere Flatscreen leeschten – als Netfëmmert spuert Dir vill Suen. Benotzt dës Tatsaach net nëmmen als Motivatioun, mee och als Belounung. Gënnt Iech eppes a sidd houfereg op Ären Erfolleg.

Fir vill Mënschen ass et de Virsaz Nummer 1, fir am neie Joer mam Fëmmen opzehalen. Awer et geet och op all anerem Dag. Sech en Dag auszesichen an un deem festzehalen, kann Iech mental beim Ophalen hëllefen.

Haalt fest, firwat Dir mam Fëmmen ophale wëllt. Reegelméisseg e Bléck op d’Lëscht ze geheien, kann Iech ënnerstëtzen, déi schwéierst Zäit ze iwwerstoen.

Wousst Dir, datt dat akut Verlaangen no enger Zigarett nëmmen ongeféier fënnef Minutten unhält? Iwwerleet Iech Oflenkungen, déi ongeféier esou laang daueren: Lauschtert zum Beispill Äert Liblingslidd, iesst e Stéck Uebst, huelt en zockerfräie Knätsch oder verbréngt méi Zäit mat Frënn, déi net fëmmen.

Wann Dir a Versuchung gerot, denkt un alles ausser dorun, Iech eng Zigarett unzefänken – e schéinen Dag an der Natur, e gutt Iessen oder eng schéin Erënnerung. Jee manner Dir un d’Fëmmen denkt, wat et Iech méi liicht fält, dobäi ze bleiwen.

Gedeelt Leed … Studien hu gewisen, datt d’Ophale méi liicht fält, wann een et net eleng maache muss.

Mat sportlechen Aktivitéite vermeit Dir och zouzehuelen.

Fëmmen ass och eng Aktioun, déi Dir mat Ärer Hand an Ärem Mond maacht. Dofir ass et eng gutt Iddi, sech eng nei Gewunnecht ze sichen, fir dës ze kompenséieren, zum Beispill knätschen oder méi Waasser drénken.

Vermeit och Situatiounen, déi Dir fest mam Fëmme verbannt! Wann Dir moies bei der Taass Kaffi ëmmer gär gefëmmt hutt, drénkt léiwer Téi. Och den Alkohol gëtt heefeg mat Zigarette verbonnen.

Netfëmmerte vermëssen an der éischter Phas vum Entwinnen net nëmmen de gewinnte Grëff zur Zigarett. Wann Dir ophaalt mat fëmmen, fält d’Nikotinkonzentratioun am Blutt an et kënnt zu Entzuchserscheinungen. Dës maache sech duerch Nervositéit, Reizbarkeet a schliisslech duerch en neit Verlaange bemierkbar.

De Prof. Stephan Mühlig, Psycholog, Suchtfuerscher a Chef vun der Fëmmertenambulanz un der „Technischen Universität Chemnitz“, seet: „Ouni Ënnerstëtzung läit d’Erfollegsquot beim éischte Versuch bei nëmmen dräi bis sechs Prozent.“

Eng gutt Erfollegsquot erreechen Entwinnungsprogrammer an der Grupp. „D’Grupp bitt Réckhalt a kreéiert eng Aart vun hëllefräichem sozialen Drock fir wierklech duerchzehalen“, erkläert de Prof. Mühlig.

Nikotinersatzpräparater, zum Beispill a Form vu Knätsch, Plooschteren oder Lutschtabletten, erliichteren d’Entwinnen, andeem si Nikotin ofginn an domat d’Entzuchserscheinunge staark erliichteren. Ausserdeem gëtt et weider rezeptflichteg Medikamenter an Tabletteform, déi d’Entzuchssymptomer wierksam berouegen an den Abstinenzerfolleg erhéije kënnen. Well dës awer och Niewewierkunge kënnen hunn, si si verschreiwungsflichteg.

D’E-Zigarett gëtt och ëmmer méi oft als Alternativ zur Tubakszigarett genotzt. Si ass zwar warscheinlech manner schiedlech, awer och net ganz onproblematesch. Als Entwinnungsmëttel bleift d’E-Zigarett bis op Weideres ëmstridden.

D’Offer un alternativen Therapien ass grouss. Et gëtt virun deieren, deelweis onseriöe Methoden, déi mat Hallefwouerechten an héijen Erfollegsquote Reklamm maachen, gewarnt. Besonnesch beléift wieren Akupunktur, Homeopathie an Hypnos. „Hiren Notzen ass awer wëssenschaftlech net genuch beluecht“, gëtt de Prof. Mühlig ze bedenken.

D’Klinicken, d’Dokteren an d’„Ligue médico-sociale“ bidde speziell Consultatiounen un, fir mam Fëmmen opzehalen.

Mat Hëllef vun enger telefonescher Berodung? D’Fondation Cancer bedreift d’Berodungslinn „Tabac-Stop“ ënner der Nummer 45 30 331. Dir kënnt Iech och op hirer Websäit (op Franséisch) informéieren. www.cancer.lu

Mat Hëllef vun Apps via Smartphone oder Internet?

Et gëtt och vill Applikatiounen (Apps), déi een op de Smartphone erofluede kann an déi Iech virtuell motivéieren an ënnerstëtzen.

En Artikel vum Tania Hoffmann

De Virsaz vum Joer: Ech halen op mat fëmmen!

Huet et dëst Joer geklappt? Oder fëmmt Dir schonn erëm oder ëmmer nach? Waart net bis 2021, mat dësen Tipps klappt et dës Kéier bestëmmt.

Méi Sue fir déi schéi Saachen am Liewen

Eng zweet Vakanz, shoppe goen, wéini ee wëll, oder sech deen deiere Flatscreen leeschten – als Netfëmmert spuert Dir vill Suen. Benotzt dës Tatsaach net nëmmen als Motivatioun, mee och als Belounung. Gënnt Iech eppes a sidd houfereg op Ären Erfolleg.

Setzt Iech e festen Datum

Fir vill Mënschen ass et de Virsaz Nummer 1, fir am neie Joer mam Fëmmen opzehalen. Awer et geet och op all anerem Dag. Sech en Dag auszesichen an un deem festzehalen, kann Iech mental beim Ophalen hëllefen.

Maacht Iech eng Lëscht

Haalt fest, firwat Dir mam Fëmmen ophale wëllt. Reegelméisseg e Bléck op d’Lëscht ze geheien, kann Iech ënnerstëtzen, déi schwéierst Zäit ze iwwerstoen.

Oflenkung ass alles

Wousst Dir, datt dat akut Verlaangen no enger Zigarett nëmmen ongeféier fënnef Minutten unhält? Iwwerleet Iech Oflenkungen, déi ongeféier esou laang daueren: Lauschtert zum Beispill Äert Liblingslidd, iesst e Stéck Uebst, huelt en zockerfräie Knätsch oder verbréngt méi Zäit mat Frënn, déi net fëmmen.

Ëmmer positiv denken!

Wann Dir a Versuchung gerot, denkt un alles ausser dorun, Iech eng Zigarett unzefänken – e schéinen Dag an der Natur, e gutt Iessen oder eng schéin Erënnerung. Jee manner Dir un d’Fëmmen denkt, wat et Iech méi liicht fält, dobäi ze bleiwen.

Haalt mat engem Frënd / enger Frëndin zesummen op

Gedeelt Leed … Studien hu gewisen, datt d’Ophale méi liicht fält, wann een et net eleng maache muss.

Bleift a Beweegung

Mat sportlechen Aktivitéite vermeit Dir och zouzehuelen.

Zäit fir nei Gewunnechten

Fëmmen ass och eng Aktioun, déi Dir mat Ärer Hand an Ärem Mond maacht. Dofir ass et eng gutt Iddi, sech eng nei Gewunnecht ze sichen, fir dës ze kompenséieren, zum Beispill knätschen oder méi Waasser drénken.

Ausléiser identifizéieren

Vermeit och Situatiounen, déi Dir fest mam Fëmme verbannt! Wann Dir moies bei der Taass Kaffi ëmmer gär gefëmmt hutt, drénkt léiwer Téi. Och den Alkohol gëtt heefeg mat Zigarette verbonnen.

Endlech dampfräi – mat Nikotinersatz

Netfëmmerte vermëssen an der éischter Phas vum Entwinnen net nëmmen de gewinnte Grëff zur Zigarett. Wann Dir ophaalt mat fëmmen, fält d’Nikotinkonzentratioun am Blutt an et kënnt zu Entzuchserscheinungen. Dës maache sech duerch Nervositéit, Reizbarkeet a schliisslech duerch en neit Verlaange bemierkbar.

Schluss mam Fëmmen: Esou haalt Dir op – Mëttel a Methode fir d’Entwinnen

De Prof. Stephan Mühlig, Psycholog, Suchtfuerscher a Chef vun der Fëmmertenambulanz un der „Technischen Universität Chemnitz“, seet: „Ouni Ënnerstëtzung läit d’Erfollegsquot beim éischte Versuch bei nëmmen dräi bis sechs Prozent.“

Therapie an der Grupp

Eng gutt Erfollegsquot erreechen Entwinnungsprogrammer an der Grupp. „D’Grupp bitt Réckhalt a kreéiert eng Aart vun hëllefräichem sozialen Drock fir wierklech duerchzehalen“, erkläert de Prof. Mühlig.

Nikotinersatz a Medikamenter aus der Apdikt

Nikotinersatzpräparater, zum Beispill a Form vu Knätsch, Plooschteren oder Lutschtabletten, erliichteren d’Entwinnen, andeem si Nikotin ofginn an domat d’Entzuchserscheinunge staark erliichteren. Ausserdeem gëtt et weider rezeptflichteg Medikamenter an Tabletteform, déi d’Entzuchssymptomer wierksam berouegen an den Abstinenzerfolleg erhéije kënnen. Well dës awer och Niewewierkunge kënnen hunn, si si verschreiwungsflichteg.

D’E-Zigarett gëtt och ëmmer méi oft als Alternativ zur Tubakszigarett genotzt. Si ass zwar warscheinlech manner schiedlech, awer och net ganz onproblematesch. Als Entwinnungsmëttel bleift d’E-Zigarett bis op Weideres ëmstridden.

Alternativ Methode fir opzehalen

D’Offer un alternativen Therapien ass grouss. Et gëtt virun deieren, deelweis onseriöe Methoden, déi mat Hallefwouerechten an héijen Erfollegsquote Reklamm maachen, gewarnt. Besonnesch beléift wieren Akupunktur, Homeopathie an Hypnos. „Hiren Notzen ass awer wëssenschaftlech net genuch beluecht“, gëtt de Prof. Mühlig ze bedenken.

Wou kréien ech Hëllef?

D’Klinicken, d’Dokteren an d’„Ligue médico-sociale“ bidde speziell Consultatiounen un, fir mam Fëmmen opzehalen.

Mat Hëllef vun enger telefonescher Berodung? D’Fondation Cancer bedreift d’Berodungslinn „Tabac-Stop“ ënner der Nummer 45 30 331. Dir kënnt Iech och op hirer Websäit (op Franséisch) informéieren. www.cancer.lu

Mat Hëllef vun Apps via Smartphone oder Internet?

Et gëtt och vill Applikatiounen (Apps), déi een op de Smartphone erofluede kann an déi Iech virtuell motivéieren an ënnerstëtzen.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.