Panini Carbonara …

… an dann dobäi eng Coca-Cola! Zanter 1961, dem Grënnungsjoer vun der italieenescher Firma leie Millioune Kanner op der Welt hiren Elteren an den Oueren a soueren esou laang, bis op d’mannst ee Pak där Panini-Billercher, meeschtens mat lauter Dubletten, an hirer Täsch knistert. Mee och déi Erwuesse kréien dacks net genuch vun deene faarwege Sammlungen, a besonnesch fir déi aktuell Fussball-Weltmeeschterschaft am Katar lafen d’Drockpressen an Italien bestëmmt Dag an Nuecht.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Ugaangen ass et bei de Panini-Bridder nämlech mat Fussballbillercher vun italieeneschen Ekippen, déi an engem Botterfaass gemëscht gi sinn (d’Biller, net d’Ekippen) an an deen éischte Sammelalbum agepecht konnte ginn. Iwwer d’Joren huet d’Firma Panini méi ewéi eemol de Proprietär gewiesselt a war och alt emol vun der US-Amerikanescher Marvel Entertainment Group opkaaft ginn, wat erkläert, firwat am Sortiment ëmmer méi Superhelden-Sammelbiller opgedaucht sinn; de Superjhemp feelt do awer nach bis haut, obschonn eng Hellewull verschidden Themen an Alben ugebuede ginn, vu Mangaen iwwer Star Wars bis bei d’Simpsons.

Mee Fussball bleift wuel d’Haaptgeschäft vu Panini, déi zënter 1970 traditionell déi offiziell WM-Stickere publizéieren an och 2022 als Partner vun der FIFA un der aktueller Weltmeeschterschaft deelhuelen. Am ganze 486 verschidde Pechbiller verséissen dës Kéier de Sammler d’Juegd no Motiven. Ëmmer erëm ass behaapt ginn, datt verschidde Sujete méi schwéier opzedreiwe wären wéi anerer, an doriwwer ass souguer vum Spiegel online enquêtéiert ginn, wëll Panini behaapt huet, alleguer d’Biller wären an der selwechter Oplag gedréckt ginn a géifen esou mat der selwechter Warscheinlechkeet beim Sammler ukommen. Fakt ass awer, datt muss e Villfacht dervu kaaft ginn, fir kënnen en Album komplett ze fëllen. An da geet d’Tauschgeschäft lass; nom Motto Sammler a Jeeër liewen dës Panini-Amateuren a Pre-Weltmeeschterschaftszäite grad ewéi deemools, wou mat Dinosaurierzänn bezuelt ginn ass a wou et schick war, d’Rad ze erfannen.

Déi aktuell Panini-Lawin fält wuel allerdéngs e bëssen aus der Roll am Verglach mat fréiere Weltmeeschterschaften, zum Beispill och wëll se zäitlech versat ass. Deemno ass et wuel fir d’éischt, dass d’Kanner an der Strooss de Pak oprappen mat engem liichte Neelchen an de Fanger, wëll eréischt elo vun November bis Dezember am Katar dat ronnt Lieder rullt, an zwar ganz genëschelt verhënnert laanscht iergendwellech Reebou-Fantasien. De Kleesche soll souguer eng ganz Partie Elfen an eng oder zwou Zölfen zousätzlech agestallt hunn, fir d’Paninistitercher an Italien ze bestellen. Firwat och net, hie bezilt se jo och anstänneg, am Géigesaz zum Katar-Akt, wat iwweregens eng Akrankheet ass, bei där sech d’Lëns andréift.

Well et do de Moment zwar net grad esou waarm ass wéi am Summer an awer trotzdeem d’Sonn de ganzen Dag erbaarmungslos vum Himmel brennt, behaapte béis Zongen, datt Panini nach zousätzlech Biller gedréckt huet. Déi hunn als Sujet eng butzeg Klimaanlag, déi am Album op all eenzelt Bild ka gepecht ginn, fir ze verhënneren, datt duerch de Schweess vun de Fussballspiller d’Biller aus dem Album erausglëtschen. All Mënsch huet d’Recht, am Album kënne pechen ze bleiwen, och wann dat net ëmmer op der Plaz esou gekuckt gëtt.

Wéi ech gëschter Owend am Café niewendrun wollt mäin Humpe mat e puer Dubletten aus mengen Pak Biller bezuelen, dunn huet de Wiert gemengt, ech hätt se net all, wat scho richteg ass, well mir der nach e puer feelen. Allerdéngs hat hie vum Prinzip hir näischt dergéint, just datt meng Biller scho bei him am Album waren, deen iwwregens all Owend de Clienten um Comptoir gewise gëtt, komplett mat butzege Klima-Anlage fir d’Wuelbefanne vun de Fussballspiller; hien huet souguer hannendrop en illegale Reebou gemoolt, looss dech nëmmen net erwëschen, Luss!

Well et do de Moment zwar net grad esou waarm ass wéi am Summer an awer trotzdeem d’Sonn de ganzen Dag erbaarmungslos vum Himmel brennt, behaapte béis Zongen, datt Panini nach zousätzlech Biller gedréckt huet. Déi hunn als Sujet eng butzeg Klimaanlag, déi am Album op all eenzelt Bild ka gepecht ginn, fir ze verhënneren, datt duerch de Schweess vun de Fussballspiller d’Biller aus dem Album erausglëtschen. All Mënsch huet d’Recht, am Album kënne pechen ze bleiwen, och wann dat net ëmmer op der Plaz esou gekuckt gëtt.

Wéi ech gëschter Owend am Café niewendrun wollt mäin Humpe mat e puer Dubletten aus mengem Pak Biller bezuelen, dunn huet de Wiert gemengt, ech hätt se net all, wat scho richteg ass, well mir der nach e puer feelen. Allerdéngs hat hie vum Prinzip hir näischt dergéint, just datt meng Biller scho bei him am Album waren, deen iwwregens all Owend de Clienten um Comptoir gewise gëtt, komplett mat butzege Klima-Anlage fir d’Wuelbefanne vun de Fussballspiller; hien huet souguer hannendrop en illegale Reebou gemoolt, looss dech nëmmen net erwëschen, Luss!

Elo fueren ech op d’Tankstell a setze mech do mat engem klenge, schmocken Dëschelche voll mat Dubletten nieft d’Pompel 8 – do sinn ëmmer nach gutt Affären ze maachen – an ech verdénge mir en Tank voll Diesel an eng gutt waarm Portioun Carbonara beim Italieener.

En Artikel vum Sully Prud’homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.