Léift geet duerch de Mo…

… also firwat net säi Léifst oder säi Léifsten op Vältesdag mat engem selwer gemaachte Liebesknochen oder enger Pomme d‘amour iwwerraschen a mat dësem Cadeau d‘Häerz an de Mo zum Laache bréngen? Mee wat huet et op sech mat där Schank a mat deem Apel? A wéi maachen ech dat eigentlech? Wat hunn dës Schneekegkeete […]
Eechternoacher Foasicht

Schonn iwwer 130 Joer gëtt et se schonn zu Eechternoach, d’Foasicht, also zënter 1885. Et soll een awer net mengen, datt et virun 1885 keng Fuesent zu Iechternach gouf. „D‘Fueszäit“, huet de Professer Dominik Constantin München ëm 1815 festgehal, „gëtt vu Liichtmëssdag bis Äschermëttwoch am ganze Land méi oder wéineger gefeiert. Baler, Kavalkade sinn dann […]
Vu Bretzelen, Ouschtereeër a Strëmpbänner…

„An diesem Tage sind die innerhalb Jahresfrist Verheiratheten verpflichtet, allen Hochzeitsgästen, die noch ein Stück des Strumpfbandes besitzen, welches der Braut während der Hochzeitsmahlzeit geraubt wurde, die sogenannten Fastenbohnen, d.h. frischgebackene Bretzeln zu verabreichen.“ Esou schreift den Dicks 1883 a sengem Buch „Luxemburger Sitten und Bräuche“ iwwer den „Fastenbohnensonntag“. Laanscht d‘Musel a laanscht d‘Sauer ass […]
Fit am Bett

Sex – déi wahrscheinlech schéinsten Niewesaach vun der Welt. Erotesch a romantesch Momenter mat sengem Partner ze erliewen, léisen am Mënsch eng gewëssen Zefriddenheet aus. Wat déi meescht Männer a Fraen awer net wëssen, ass, datt duerch de Sport an d’Ernärung d’Loscht op deen aneren nach méi grouss ka ginn. An dëse folgenden Zeile ginn […]
Iergendwéi faarweg, grouss an abstrakt

Et ass ganz schéi schwiereg, déi kënschtleresch Aarbechte vun de Sanctobin Brothers a Wierder ze faassen. E Versuch.
Konschttherapie am Prisong

Konschttherapie ass eng alternativ Psychotherapie, déi op der Konscht baséiert an ëmmer méi beléift gëtt. Am Prisong gëtt am Kader vum Programm Tox eng Konschttherapie ugebueden a mir hu mat der Psychologin Corinne Thill doriwwer geschwat. Madame Thill, Dir sidd Psychologin am Prisong an Dir bitt och do eng Konschttherapie un. Kënnt Dir eis méi […]
Op de Spure vu Lance Armstrong, Andy Schleck a Co.

Vum 5. bis den 9. Juni 2019 ginn zu Lëtzebuerg eis Stroossen nees onsécher gemaach. Dat huet e ganz bestëmmte Grond. Deen elo un e Blëtzmarathon vun der Police denkt, dee läit falsch. Op dësen Deeg feiert den Tour de Luxembourg nämlech seng 79. Editioun. Fotoen: © Jeff Lahr / Tageblatt – Wikipedia CC by […]
Mam Oval ass et net ronngelaf

Vill Tënt ass schonn zum Thema Vëlodrom zu Lëtzebuerg an deene leschte Jore gefloss. Wien 2006 gemengt hat, et géifen an deem Dossier endlech Neel mat Käpp gemaach ginn, deen hat d’Rechnung ouni d’Politik gemaach. Elo soll et awer konkret ginn an den éischte Spuetestéch fir e Vëlodrom zu Munneref ass fir 2021 geplangt. Zwee […]
Sécher duerch de Verkéier Coupe Scolaire zu Lëtzebuerg

Esoubal d’Sonn ufänkt, eraus luussen ze kommen, ass et och fir vill Leit un der Zäit, den Drotiesel erëm aus dem Keller erauszekromen. Ob am Bësch, op de Landstroossen oder den agezeechente Vëlosweeër, d’Lëtzebuerger Cycliste si bei guddem Wieder bal iwwerall op der Rull! Ma fir datt während dem Geradels duerch d’Land näischt schifgeet, gëllt […]
24 Stonne Vëlo Wëntger

Wien Wëntger héiert, denkt méiglecherweis „flächeméisseg gréisst Gemeng vum Lëtzebuerger Land mat ronn 4000 Awunner, geleeën am Kanton Klierf” oder „éischt Fusiounsgemeng vum Lëtzebuerger Land”. Mee méiglecherweis denkt en och „24 Stonne Vëlo Wëntger”. Fotoen: 24 Stonne Vëlo Wëntger © Ben PfeifferClick HereFotoen: 24 Stonne Vëlo Wëntger © Ben PfeifferLorem ipsum dolor sit amet consectetur adipiscing elit […]