Fit am Bett

Sex – déi wahrscheinlech schéinsten Niewesaach vun der Welt. Erotesch a romantesch Momenter mat sengem Partner ze erliewen, léisen am Mënsch eng gewëssen Zefriddenheet aus. Wat déi meescht Männer a Fraen awer net wëssen, ass, datt duerch de Sport an d’Ernärung d’Loscht op deen aneren nach méi grouss ka ginn. An dëse folgenden Zeile ginn et e puer Rotschléi derzou, wat een alles a Schwong brénge kann.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wéi seet een esou schéin: d’Léift geet bekanntlech duerch de Mo. Fir méi opreegend ,Schäfersstonnen’ ze verbréngen, kann eng gesond Ernärung eng net onwesentlech Roll spillen. Mat verschiddene Liewensmëttele kann ee méi Feier an d’Schlofzëmmer bréngen. Ingwer hat dobäi schonn ëmmer de Status – a virun allem an der chinesescher Kultur – d’Fruchtbarkeet ze verbesseren an och d’erektil Dysfunktioun, also d’Impotenz, bei de Männer ze bekämpfen. Dëst Gewierz bréngt nämlech mam Vitamin B6, Magnesium, Mangan a Kalium alles mat sech, wat d’Sexualliewen op Trapp hält. D’Waassermeloun ass och net ganz esou „onschëlleg“, wéi se ausgesäit. Dës Fruucht besteet zwar zu 92 Prozent aus Waasser, mee déi puer Prozent Citrulin, déi och an der Meloun enthale sinn, wandele sech am mënschleche Kierper zu der Aminosaier Arginin ëm, déi een och an der Viagrapëll erëmfënnt.

Avocadoen an Nëss gehéieren och zu de sougenannten natierlechen Aphrodisiaquen, also Iesswueren, déi déi sexuell Loscht eropdreiwen. Déi vill gesond Fetter, Vitaminnen an och Ballaststoffer, déi dës zwou Friichten enthalen, reegen déi natierlech Hormonproduktioun un. Bei den Nëss beleeë Studien esouguer, datt d’Qualitéit vun de Spermie verbessert soll ginn. Speziell d’Mandele si räich u Mineralien an Nährstoffer, déi wichteg fir eng gutt sexuell Gesondheet sinn. Weider Beispiller, déi d’Loscht op de Libesakt an d’Luucht dreiwen, si Granatäppel, Biren, Spinat a Knuewelek, souwéi och d’Käre vun de Sonneblummen oder vum Kalbass.

Ganz normal Nahrungsmëttele wéi z.B. Eeër enthalen Elementer wéi Kalium an Zénk, déi gutt sinn, fir d’Potenz ze steigeren. E gutt Stéck Fleesch gëtt dem Kierper duerch d’Eewäiss d’Kraaft, déi fir eng romantesch Nuecht erwënscht ass. Bei de Fëschzorte wéi Thon, Hierken a Saumon ass et esou, datt si duerch hir vill Omega-3-Fetter zu enger besserer Duerchbluddung ureegen. Mee domadder net genuch. Dës dräi Fëschzorten erhéijen och den Dopamin-Wäert am mënschleche Kierper, wat derzou féiere kann, datt dëse méi Glécksgefiller empfanne kann. Méi schaarf kann et och nom Iesse vun enger Chili zougoen, déi nämlech dofir verantwortlech ass, datt de Kierper d’Gléckshormon Endorphin ausschëtt.

Dann zu gudder Lescht kann een och eise klenge Verfroossene Courage maachen, andeems ee weess, datt den däischtere Schockela ënner anerem duerch säi Magnesium hëlleft, fir bei der schéinster Niewesaach vun der Welt méi op Touren ze kommen.

Mee net nëmmen d’Iessen, och déi kierperlech Verfassung beaflosst zu engem gudden Deel d’Performance beim Sex. Virun allem Sport bréngt eise Kierper op Héichtouren. Dobäi ginn et verschidde Sportaarten an Trainingsprogrammer, déi och en Impakt dorobber hunn, datt et op der Horizontaler besser virugoe kann. Ugefaange bei engem hondsgewéinleche Kardiotraining. Wéi dësen Ausdauertraining elo genee auszegesinn huet, ass jiddwerengem selwer iwwerlooss: Puer Sessiounen um Crosstrainer an joggen eegnen sech mol ganz gutt, fir seng Fitness ze steigeren.

Well och mol e bëssi am Bett experimentéiert gëtt, wier et och net vun Nodeel – ganz no engem Virbild vun engem Héichleeschtungssportler – e puer Stretchübungen ze maachen. Esou geréit een am Äifer och net an eng penibel Situatioun, wa bis op eemol en Hexeschoss all Pläng duerchernee brénge géif.

Mee et bestinn och Tricken, wéi ee mat ganz normalem Kraafttraining de Kierper derzou kritt, datt dëse fir eng kuerz Zäit vill Testosteron produzéiert an domat dat sexuellt Verlaangen erhéicht. An d’Huppe goen, Bänkdrécken an och de sougenannte Plank (op däitsch: Unterarmstütz) sinn ideal derfir, fir eng ganz Partie Kierperpartien ze fërderen.

Och Ausdauersport – a gesonde Moossen – kann duerch d’Kombinatioun vu Beweegung, Entspanung a besserer Duerchbluddung e positiven Afloss op dat sexuellt Bedierfnes hunn. Bei Yoga a Pilates kann der Libido och op d’Spréng gehollef ginn. Bei dëse Sportaarten, wou geziilt op Relaxatioun gesat gëtt, suergen nämlech déi verschidde Beweegungsaarte fir e bessert Kierpergefill. Doduercher ass bei ville Leit en erhéichte Wäert vu Serotonin an Oxytocin, besser bekannt als „Kuschelhormoner“, nom Ausübe vun dësen Übunge festgestallt ginn. Wann ee Mann awer méi Ausdauer fir säi bescht Stéck wëll hunn, soll hien et mol mat Beckenboden-Training ausprobéieren. Duerch geziilt Übunge gëtt d’Bluttzirkulatioun ugereegt, wat derzou féiert, datt dat männlecht Sexualorgan eng besser Standfestegkeet erreeche kann. D’Frae sollen duerch dës Exercicer, wou eng ganz Rei vun hire Muskelen ugestrengt ginn, de sexuellen Akt méi intensiv empfannen.

Conclusioun vun dem Ganzen: Sport an Iessen, eng schéngs onschlagbar Kombinatioun.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.