Konschttherapie am Prisong

Konschttherapie ass eng alternativ Psychotherapie, déi op der Konscht baséiert an ëmmer méi beléift gëtt. Am Prisong gëtt am Kader vum Programm Tox eng Konschttherapie ugebueden a mir hu mat der Psychologin Corinne Thill doriwwer geschwat.

Madame Thill, Dir sidd Psychologin am Prisong an Dir bitt och do eng Konschttherapie un. Kënnt Dir eis méi doriwwer erzielen?

De Programm Tox bitt de Prisonéier am Kader vu senger gruppentherapeutescher Offer zweemol de Mount d’Méiglechkeet, un enger Konschttherapie deelzehuelen. Déi Offer riicht sech momentan explizitt u männlech Prisonéier, déi vun enger Ofhängegkeetsproblematik (sief dat illegal Substanzen, Alkohol oder verhalensbezunn Ofhängegkeeten) betraff sinn. An der Regel ginn déi betraffe Persoune vun enger psychologescher Psychotherapeutin, der Madamm Anja Höhle a vu mir, enger Psychologin, betreit, eng Seance dauert annerhallef Stonn. D’Zil vun der Konschttherapie ass, datt d’Clientë sech kritesch mat Theemen auserneesetzen, déi dacks schwéier a Wierder ze faasse sinn. D’Häftlinge sollen op dës Manéier d’Méiglechkeet kréien, fir hir Emotiounen a Gedanke mat Hëllef vun engem anere Medium, wéi deem vun der Sprooch, auszedrécken. An deem Kontext benotze mir dacks verschidde Materialie wéi Bläistëfter, Pinselen, Aquarellen, Acrylfaarwen, Toun, asw…

Wéi koumt Dir op d‘Iddi, als Konschttherapeutin ze schaffen?

Ech perséinlech befanne mech de Moment an der Ausbildung zur Psychotherapeutin op der Uni.lu an hunn deemools meng Première op enger Section artistique gemaach. Leider hat ech bis elo nach keng Zäit, eng reng konschttherapeutesch Ausbildung unzefänken. Dat bremst mech als Autodidaktin allerdéngs net u mengem Wëllen, mech parallel zu mengem Studium och mat anere Methode bekanntzemaachen an se auszeprobéieren. Ech sinn der Meenung, datt et am Kader vun der Konschttherapie virun allem wichteg ass, empathesch op de Client anzegoen an en A fir Detailer ze hunn. Doriwwer eraus ass et eis och ganz wichteg, eis eegen Iddien ze entwéckelen an déi un d‘Theema vun der Ofhängegkeetsproblematik unzepassen.

Wat maacht Dir, wann de Client guer net kreativ ass?

Kreativitéit oder kënschtlerech Begabung sinn an eisen Ae keng Viraussetzung fir d’Deelhuelen un der Konschttherapie. Vill méi wichteg ass eis d’Bereetschaft, sech op eng aner Manéier mat sengen individuelle Schwieregkeeten auserneenzesetzen an emol iwwer den Tellerrand erauszekucken.

Wéi kann d’Konschttherapie enger Persoun am Prisong hëllefen?

Leit, déi sech am Prisong befannen, kenne kaum Fräiheeten. Vum Dagesoflaf bis hin zu deem, wat um Menü steet, ass fir si alles friembestëmmt. Fir eis ass et dowéinst wichteg, eise Clienten, an och wann et nëmme fir eng kuerz Zäit ass, e Gefill vun Autonomie an Eegeverantwortung ze vermëttelen.

Huelen d’Leit am Prisong fräiwëlleg un der Konschttherapie deel oder ass dat am Kader vun engem Programm oder enger Psychotherapie virgeschriwwen?

D’Deelhuelen un der gruppen-therapeutescher Offer am Kader vum Programm Tox ass ëmmer fräiwëlleg, an dat ass eis och ganz wichteg.

D’Konschttherapie gëtt ëmmer méi populär, an der Reha, an der Kriibsbehandlung, an de Schoulen, … Wéi gesitt Dir d’Zukunft vun der Konschttherapie?

Konscht, ob dat elo eng Skulptur, eng Molerei, en Danz oder e Museksstéck ass, bewierkt schonn zënter datt d’Urmënschen an hiren Höhle gemoolt hunn eppes an eis Mënschen a suergt dofir, datt mir zesummekommen. Si kann eis dozou verhëllefe bestëmmt Thematike besser ze verstoen an doduerch och ze verschaffen. Ech denken, datt et an eiser haiteger, hekteger Gesellschaft, wou een och mol ganz gären als Individuum an der Mass verschwënnt, ganz wichteg ass och mol eng Kéier de „Stop Button“ ze drécken, a sech mat anere Wäerter ze beschäftegen. Net fir näischt gewënnt d’Konschttherapie u Beléiftheet, well se ebe grad net esou streng ass wéi klassesch Interventiounsprogrammer an och net dem „Quadratisch-Praktisch-Gut“-Denken entsprécht. Ech gesinn d’Zukunft vun der Konschttherapie a ganz ville verschiddene Beräicher, mee virun allem als Medium fir Leit, fir déi d‘Sprooch als eenzegt Kommunikatiounsmethod eleng net duer geet, fir datt si verstane ginn.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.