Placeholder Dummy template

Op de Spure vu Lance Armstrong, Andy Schleck a Co.

Vum 5. bis den 9. Juni 2019 ginn zu Lëtzebuerg eis Stroossen nees onsécher gemaach. Dat huet e ganz bestëmmte Grond. Deen elo un e Blëtzmarathon vun der Police denkt, dee läit falsch. Op dësen Deeg feiert den Tour de Luxembourg nämlech seng 79. Editioun.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Fotoen: © Jeff Lahr / Tageblatt - Wikipedia CC by McSmit - © Gerry Schmi / Tageblatt

De Vëlossport huet zu Lëtzebuerg scho säit iwwer engem Joerhonnert eng grouss Traditioun. Mam François Faber, Nicolas Frantz, Charly Gaul, Kim Kirchen, Fränk an Andy Schleck an net zulescht mam Bob Jungels hat oder huet de Grand-duché schonn e puer Weltklass-Fuerer erausbruecht. De Quartet Faber, Frantz, Gaul an Andy Schleck konnt sech esouguer als Tour-de-France-Gewënner, déi bekanntsten a wichtegst Course am professionelle Vëlossport, feiere loossen. A propos Tour-de-France-Gewënner. Souer hunn sech der och schonn e puer d’Éier beim Tour de Luxembourg ginn. Net nëmmen déi Lëtzebuerger Vedetten à

la Andy Schleck a Compagnie, mee och international Stare wéi e Lance Armstrong oder e Bernard Hinault hunn dës Etappe schonn an Ugrëff geholl. „Et ass déi wichtegst international Course an eisem Land. Et brauch ee sech just de Palmarès unzekucken, da weess ee schonn, wéi en héije Standard dës Veranstaltung huet“, seet de Generalsekretär vum Tour de Luxembourg Ed Buchette.

Fotoen: © Jeff Lahr / Tageblatt - Wikipedia CC by McSmit - © Gerry Schmi / Tageblatt

Fir d’Fans ass et ëmmer erëm e grousse Spektakel. An dat Schéinst derbäi ass, et brauch een am Géigesaz vu villen anere Sportaarte keen Entrée ze bezuelen. Hautno kann ee seng Idoler gesinn an ufeieren. Dat war och eng vun den Iddie vun den deemolegen Organisatiounen, fir esou eng Kompetitioun an d’Liewen ze ruffen. Ofgesi vun den nationale Meeschterschafte goufen et net vill Méiglechkeeten, Lëtzebuerger Coureuren op der Plaz matverfollegen ze kënnen. Mat der Grënnung vun dësem Event am Joer 1935 gouf dëser Contrainte en Enn gesat.

Zanterhier ass vill geschitt. Bis virum zweete Weltkrich hunn ausschliisslech Lëtzebuerger Vëlosfuerer deelgeholl, eréischt duerno gouf de Peloton méi international. Den Ed Buchette, dee säit 1984 derbäi ass, schwätzt dovun, datt ëmmer erëm nei Defien op d’Organisatiounsteam waarden. De Verkéier, deen ëmmer méi opkënnt, stellt eng vun dësen Erausfuerderungen duer. „D’Sécherheet geet bei allem vir. Dofir musse mer mat de jeeweilege Gemengen, mam Service vun der ponts et chaussées an och der Police kucken, wéi mer d’Strecken zeechnen, esoudatt keng weider Problemer am Stroosseverkéier bestinn. Ouni eng gutt Zesummenaarbecht mat dësen Instanze wier et net méiglech, esou en Event op d’Been ze stellen“, verréit den Ed Buchette.

Den Datum an och déi vill Courssen am noen Ausland hunn derzou gefouert, datt an de leschte Joren ëmmer manner grouss Ekippe beim Skoda Tour de Luxembourg, sou wéi en zënter 2005 heescht, deelhuelen. 2017 hat just nach eng sougenannte WorldTour-Equipe de Wee an de Groussherzogtum fonnt. 2018 hunn d’Organisateuren esouguer ganz op déi Equippen aus der Weltelite verzichte mussen. Trotzdeem bleift dës Sportveranstaltung en Héichpunkt, woubäi keng Käschten a Méie gescheit ginn, fir datt de Spectateur zefridden ass. 750.000 Euro ass de Budget fir dës Veranstaltung, wourënner ënner anerem d’Ausgabe fir de Catering an de VIP-Beräich och dorënner falen.

Fir déi Lëtzebuerger Tourismusbranche a Geschäftswelt si sportlech Eventer – zemools wann se iwwer méi Deeg ginn – ëmmer attraktiv. D’Geschäfter an d’Veräiner vun de jeeweilege Stänn erhoffen sech während dëser knapper Woch, eng gutt Keess kënnen ze maachen. Dat ass och beim Tour de Luxembourg net anescht. D’Zuschauer kommen nämlech net ëmmer aus Lëtzebuerg selwer. Et versteet sech zwar vum selwen, datt déi gréisste Fangemeinschaft aus dem Grand-duché kënnt, mee och Leit aus der Belsch, Däitschland a Frankräich kommen ëmmer erëm erof, fir dës Course live suivéieren ze kënnen. E klengt Undenken aus dem Souvenirsbuttek geet do scho gären iwwer d’Théik.

Fir d’Hoteliere bedeiten dës Sportveranstaltungen an dësem Ausmooss geneesou e lukratiivt Geschäft. D’Vëlosequippe reesen nämlech mat engem ganze Koup vu Leit un. Et ass jo gewosst, datt en Team net just aus de Vëlosfuerer besteet, mee och nach aus sportleche Leaderen, Teammanageren, Traineren, Dokteren, Kinéen, Soigneuren a Mechaniker… Zielt een dëst alles zesummen, esou kënnt een op 300 Leit, déi all Dag en Ënnerdaach musse fannen. Derbäi kommen och nach eng Rei vu Medieleit, déi och mussen ënnerbruecht ginn.

Fir datt soumadder jiddereen op seng Käschte komme kann, loossen sech d’Organisateure vu Joer zu Joer ëmmer nei Iddien afalen, fir net Gefor ze lafen, datt op eemol Langweil beim Publikum opkomme kann. De Prolog, also en Zäitfueren, gouf z.B. ëm e puer Kilometer verlängert. Den Etappeplang gouf och ëmmer erëm geännert. Mat verschidde Stied sinn awer Accorden iwwer e puer Joer getraff ginn, datt dës Uertschaften als Startzil oder Arrivée fungéieren. „Fir déi jeeweileg Stied oder Dierfer ass et ëmmer interessant, well Biller op der Tëlee oder neierdéngs per Livestream gewise ginn“, seet den Ed Buchette. Soumadder kënne sech dës Uertschafte vun hirer gudder Säit presentéieren. 2018 konnt de Start zu Rouspert wéinst Iwwerschwemmungen net stattfannen. Dofir hunn sech d’Organisateure flexibel gewisen an hunn dëst Joer decidéiert, eng Etapp zu Rouspert ukommen ze loossen, esoudatt och dës Stad seng Visibilitéit no bausse ka kréien.

Lass geet et awer wéi gewinnt mam Prolog an der Stad. D’Zuschauer wäerten nees op hir Käschte kommen. „D’Begeeschterung fir dës Randonnée ass nach ëmmer do. Dat freet eis.“ seet den Ed Buchette. Enger erfollegräicher Oplag steet also näischt méi am Wee.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Op de Spure vu Lance Armstrong, Andy Schleck a Co.

Foto: baranq/AdobeStock

Fotoen: © Jeff Lahr / Tageblatt – Wikipedia CC by McSmit – © Gerry Schmi / Tageblatt

Vum 5. bis den 9. Juni 2019 ginn zu Lëtzebuerg eis Stroossen nees onsécher gemaach. Dat huet e ganz bestëmmte Grond. Deen elo un e Blëtzmarathon vun der Police denkt, dee läit falsch. Op dësen Deeg feiert den Tour de Luxembourg nämlech seng 79. Editioun.

De Vëlossport huet zu Lëtzebuerg scho säit iwwer engem Joerhonnert eng grouss Traditioun. Mam François Faber, Nicolas Frantz, Charly Gaul, Kim Kirchen, Fränk an Andy Schleck an net zulescht mam Bob Jungels hat oder huet de Grand-duché schonn e puer Weltklass-Fuerer erausbruecht. De Quartet Faber, Frantz, Gaul an Andy Schleck konnt sech esouguer als Tour-de-France-Gewënner, déi bekanntsten a wichtegst Course am professionelle Vëlossport, feiere loossen. A propos Tour-de-France-Gewënner. Souer hunn sech der och schonn e puer d’Éier beim Tour de Luxembourg ginn. Net nëmmen déi Lëtzebuerger Vedetten à la Andy Schleck a Compagnie, mee och international Stare wéi e Lance Armstrong oder e Bernard Hinault hunn dës Etappe schonn an Ugrëff geholl. „Et ass déi wichtegst international Course an eisem Land. Et brauch ee sech just de Palmarès unzekucken, da weess ee schonn, wéi en héije Standard dës Veranstaltung huet“, seet de Generalsekretär vum Tour de Luxembourg Ed Buchette.

Fir d’Fans ass et ëmmer erëm e grousse Spektakel. An dat Schéinst derbäi ass, et brauch een am Géigesaz vu villen anere Sportaarte keen Entrée ze bezuelen. Hautno kann ee seng Idoler gesinn an ufeieren. Dat war och eng vun den Iddie vun den deemolegen Organisatiounen, fir esou eng Kompetitioun an d’Liewen ze ruffen. Ofgesi vun den nationale Meeschterschafte goufen et net vill Méiglechkeeten, Lëtzebuerger Coureuren op der Plaz matverfollegen ze kënnen. Mat der Grënnung vun dësem Event am Joer 1935 gouf dëser Contrainte en Enn gesat.

Zanterhier ass vill geschitt. Bis virum zweete Weltkrich hunn ausschliisslech Lëtzebuerger Vëlosfuerer deelgeholl, eréischt duerno gouf de Peloton méi international. Den Ed Buchette, dee säit 1984 derbäi ass, schwätzt dovun, datt ëmmer erëm nei Defien op d’Organisatiounsteam waarden. De Verkéier, deen ëmmer méi opkënnt, stellt eng vun dësen Erausfuerderungen duer. „D’Sécherheet geet bei allem vir. Dofir musse mer mat de jeeweilege Gemengen, mam Service vun der ponts et chaussées an och der Police kucken, wéi mer d’Strecken zeechnen, esoudatt keng weider Problemer am Stroosseverkéier bestinn. Ouni eng gutt Zesummenaarbecht mat dësen Instanze wier et net méiglech, esou en Event op d’Been ze stellen“, verréit den Ed Buchette.

Den Datum an och déi vill Courssen am noen Ausland hunn derzou gefouert, datt an de leschte Joren ëmmer manner grouss Ekippe beim Skoda Tour de Luxembourg, sou wéi en zënter 2005 heescht, deelhuelen. 2017 hat just nach eng sougenannte WorldTour-Equipe de Wee an de Groussherzogtum fonnt. 2018 hunn d’Organisateuren esouguer ganz op déi Equippen aus der Weltelite verzichte mussen. Trotzdeem bleift dës Sportveranstaltung en Héichpunkt, woubäi keng Käschten a Méie gescheit ginn, fir datt de Spectateur zefridden ass. 750.000 Euro ass de Budget fir dës Veranstaltung, wourënner ënner anerem d’Ausgabe fir de Catering an de VIP-Beräich och dorënner falen.

Fir déi Lëtzebuerger Tourismusbranche a Geschäftswelt si sportlech Eventer – zemools wann se iwwer méi Deeg ginn – ëmmer attraktiv. D’Geschäfter an d’Veräiner vun de jeeweilege Stänn erhoffen sech während dëser knapper Woch, eng gutt Keess kënnen ze maachen. Dat ass och beim Tour de Luxembourg net anescht. D’Zuschauer kommen nämlech net ëmmer aus Lëtzebuerg selwer. Et versteet sech zwar vum selwen, datt déi gréisste Fangemeinschaft aus dem Grand-duché kënnt, mee och Leit aus der Belsch, Däitschland a Frankräich kommen ëmmer erëm erof, fir dës Course live suivéieren ze kënnen. E klengt Undenken aus dem Souvenirsbuttek geet do scho gären iwwer d’Théik.

Fir d’Hoteliere bedeiten dës Sportveranstaltungen an dësem Ausmooss geneesou e lukratiivt Geschäft. D’Vëlosequippe reesen nämlech mat engem ganze Koup vu Leit un. Et ass jo gewosst, datt en Team net just aus de Vëlosfuerer besteet, mee och nach aus sportleche Leaderen, Teammanageren, Traineren, Dokteren, Kinéen, Soigneuren a Mechaniker… Zielt een dëst alles zesummen, esou kënnt een op 300 Leit, déi all Dag en Ënnerdaach musse fannen. Derbäi kommen och nach eng Rei vu Medieleit, déi och mussen ënnerbruecht ginn.

Fir datt soumadder jiddereen op seng Käschte komme kann, loossen sech d’Organisateure vu Joer zu Joer ëmmer nei Iddien afalen, fir net Gefor ze lafen, datt op eemol Langweil beim Publikum opkomme kann. De Prolog, also en Zäitfueren, gouf z.B. ëm e puer Kilometer verlängert. Den Etappeplang gouf och ëmmer erëm geännert. Mat verschidde Stied sinn awer Accorden iwwer e puer Joer getraff ginn, datt dës Uertschaften als Startzil oder Arrivée fungéieren. „Fir déi jeeweileg Stied oder Dierfer ass et ëmmer interessant, well Biller op der Tëlee oder neierdéngs per Livestream gewise ginn“, seet den Ed Buchette. Soumadder kënne sech dës Uertschafte vun hirer gudder Säit presentéieren. 2018 konnt de Start zu Rouspert wéinst Iwwerschwemmungen net stattfannen. Dofir hunn sech d’Organisateure flexibel gewisen an hunn dëst Joer decidéiert, eng Etapp zu Rouspert ukommen ze loossen, esoudatt och dës Stad seng Visibilitéit no bausse ka kréien.

Lass geet et awer wéi gewinnt mam Prolog an der Stad. D’Zuschauer wäerten nees op hir Käschte kommen. „D’Begeeschterung fir dës Randonnée ass nach ëmmer do. Dat freet eis.“ seet den Ed Buchette. Enger erfollegräicher Oplag steet also näischt méi am Wee.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.