24 Stonne Vëlo Wëntger

Placeholder Dummy template

Wien Wëntger héiert, denkt méiglecherweis „flächeméisseg gréisst Gemeng vum Lëtzebuerger Land mat ronn 4000 Awunner, geleeën am Kanton Klierf” oder „éischt Fusiounsgemeng vum Lëtzebuerger Land”. Mee méiglecherweis denkt en och „24 Stonne Vëlo Wëntger”.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Fotoen: 24 Stonne Vëlo Wëntger © Ben Pfeiffer
Click Here

Lorem ipsum dolor sit amet consectetur adipiscing elit dolor

Previous slide
Next slide

Bedingt ass den Zoustand, datt d’Nordgemeng d’Staffelrennen „24 Stonne Vëlo Wëntger” säit 2008 ausdréit, awer net doduerch, datt Wëntger op sportlechem Plang eng besonnesch vëlosbegeeschtert Gemeng ass. Zwar gëtt et mat „Dëschtennis, Foussball, Judo, Turnerinnen a Volleyball” hei 5 Sportsveräiner, woubäi awer kee speziell eppes mam Vëlo um Hutt huet.

Am Gespréich mam Carlo Weber, Präsident vun der „asbl 24 Stonne Vëlo Wëntger” wollte mer also fir d’éischt mol där Fro op de Grond goen: „Firwat dës Manifestatioun an der Wëntger Gemeng?”

Carlo Weber:

De Grondsteen vum „Vëlo Wëntger” gouf eigentlech geluecht mat der Oplag vum „Télévie” 2007, wou Wëntger ee vun de „Centres de promesse” war. Bei dësem Evenement hunn d’Veräiner aus der Gemeng eng virbildlech a solidaresch Zesummenaarbecht fir de gudden Zweck geleescht. Mam Zil, dëse Geescht oprecht ze erhalen, gouf nach am selwechte Joer dunn den éischte „24 Stonne Vëlo Wëntger” geplangt a säit 2008 am Eejoresrhythmus ausgedroen. Sollt et bei der éischter Oplo haaptsächlech drëm goen, e grousst Fest ze organiséieren, sou huet den éischten Organisatiounscomité sech 2009 eng legal Basis ginn, andeems d’ „24 Stonne Vëlo Wëntger asbl” gegrënnt gouf mat dem Zil Sport, Famill, soziaalt Engagement, Animatioun an Ënnerstëtzung ënner een Hutt ze bréngen. An deenen éischten 10 Joer vum Bestehe gouf eis Äerd um „Vëlo Wëntger” mat beachtleche 661.239 erstrampelte Kilometer ronn 15 Mol ëmronnt an 270.000 € u Spende konnte fir philanthropesch Organisatioune vun der Asbl zesummegedroe ginn.

Op d’Fro hin, wat déi gréisst Eraus­fuerderunge bei der Organisatioun sinn, huet den Här Weber dat hei gemengt:

Déi gréisst Erausfuerderung besteet dodran, all Joers op een Neits genuch Vëlosfuerer fir d’„Rennen” ze motivéieren. Dofir muss eis Asbl d’ganzt Joer iwwer vill Ëffentlech­keetsaarbecht leeschten. Gradsou wichteg ass d’Sich no Sponsoren, well d’Fest all Joers mat Käschten tëschent 55.000 € a 60.000 € verbonn ass. De gréissten Deel vum gesammelte Kapital fléisst an een ëmfangräiche Rahmeprogramm, wou de Comité all Joers beméit ass, de ronn 5.000 bis 6.000 Besicher an 1.000 Radler en ofwiesslungsräiche Programm ze bidden. A last, but not least, mussen och all Joer vill Fräiwëlleger mobiliséiert ginn, fir d’Evenement ze stemmen. Plus minus 250 Leit aus de Veräiner organiséieren de Catering, dobäi kommen nach 50 Pompjeeën a Leit vun der Protection civile, déi sech ëm d’Sécherheet um a ronderëm de Circuit këmmeren. Eng Woch virum Evenement sinn d’Gemengenaarbechter an d’Preparatiounsaarbechte vum Parcours mat agebonn.

Wat den Oflaf vum Rennen u sech ugeet, sou ass deen all Joers ähnlech. Freides um 19.00 Auer sinn d’Famillen dozou agelueden, virun dem eigentleche Startschoss de Circuit vun 3,3 km zesummen ze befueren, fir sou an de Genoss vun enger autofräier Strooss ze kommen. Um 20.00 Auer start dann dat eigentlecht “Wettrennen”. D’Streck féiert ënner anerem duerch dat grousst Zelt beim Gemengenhaus, wou all Joers während där ganzer Course e flotte Rahmeprogramm gebuede gëtt.

Puer besonnesch Erënnerungen:

Gréisstendeels sinn dës mat positiven Emotioune verbonn, mee och méi schwéier Momenter hu missen vun den Organisateuren an deene vergaangene Jore gemeeschtert ginn.

D’Oplag 2012 hat u sech ganz gutt ugefaangen, bis ëm Mëtternuecht e schwéiert Donnerwieder d’Nerve vun alle Bedeelegten op d’Prouf gestallt huet. Dräi Zelter ware beim Stuerm ewechgeblose ginn an d’Course hat wéinst unhalendem Ree fir puer Stonne missen ausgesat ginn.

2014 war sécherlech dat bis elo markantst Joer. Een Dag nämlech virun der Manifestatioun koum déi traureg Noriicht, datt de Camille Arend an d’Noémie Siebenaller am Déngscht fir de „Soleil dans la main” am Mali bei engem Fligeraccident ëm d’Liewe komm waren. Fir hirer ze gedenke gouf ënnert dem Motto „Hoffen a Bangen” en Trauermarsch iwwer déi gesamt Streck organiséiert.

Eng vu ville positiven Erënnerungen ass de Passage vum Tour de France zu Wëntger bei der 10. Oplag vun „24 Stonne Vëlo Wëntger”.

Fir déi 12. Oplag vum Staffelrennen, wou Alan Maladies rares Luxembourg dëst Joer ënnerstëtzt gëtt, wënsche mer der Equipe ronderëm de Carlo Weber vill Succès.

Wien duerch dësen Artikel Loscht krut, nach méi iwwert dëst Staffelrennen am Norde vum Land gewuer ze ginn, kann sech um Internetsite www.24hwentger.lu schlau maachen oder besser nach selwer de 26. a 27. Juli 2019 live bei der Course dobäi sinn.

En Artikel vum Patrick Dichter

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.