Léift geet duerch de Mo…

… also firwat net säi Léifst oder säi Léifsten op Vältesdag mat engem selwer gemaachte Liebesknochen oder enger Pomme d‘amour iwwerraschen a mat dësem Cadeau d‘Häerz an de Mo zum Laache bréngen?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
  • Mee wat huet et op sech mat där Schank a mat deem Apel?

  • A wéi maachen ech dat eigentlech?

  • Wat hunn dës Schneekegkeete mat der Léift ze dinn?

D‘Äntwerten op all dës Froe fannt Dir op den nächste Säiten!

Liebesknochen…

gëtt dëst Gebäck bei eisen däitschen Nopere genannt. Bei eis am Ländche kenne mir dës séiss Versuchung éischter ënner dem Numm Eclair.

Vill Nimm, awer ëmmer eng Versuchung!

Deen däitschen Numm leet sech vun der Form vum Gebäck of, länglech an un den Enner méi déck. Den Numm Eclair kënnt aus dem Franséischen a bedeit Blëtz, an och dësen Numm leet sech vun der Form of. Déi eng behaapten, datt duerch d‘Opsprëtze vum Deeg op de Bakblech d‘Eclair dacks eng zackeg Form kritt, vergläichbar mat engem Blëtz. Aner Stëmme behaapten, se géing esou heeschen, well se schnell ewéi de Blëtz opgiess ass. Egal ob Liebesknochen oder Eclair, eppes hunn se all: Déi schneekeg Fëllung aus Crème a verschiddene Goûten, déi engem op der Zong zergeet!

Den Erfinder vun der Eclair ass e Paräisser Stärekach aus dem 18. Joerhonnert.

Wiem den Numm Marie-Antoine Carême eppes seet, kann sech dermat bretzen, den Erfinder vun der Eclair ze kennen. Zu Liefzäiten, vu 1784 bis 1833 war hien als de Kach vun de Kinneke bekannt an hie soll déi Paräisser Patisserie duerch d‘Iddi vun der Eclair nach méi bekannt gemaach hunn. A wou soll de Liebesknochen dann och soss hierkommen ewéi aus der Stad vun der Léift an de séisse Versuchungen!?

Wann Dir elo Loscht kritt, selwer esou schneekeg Schanke fir Är besser Hallschent ze baken, musst Dir op e puer Saachen oppassen. Esoulaang ewéi den Deeg (Branddeeg) am Uewen ass a baussen nach net goldbrong ass, dierft Dir op kee Fall d‘Dier vum Schäffchen opmaachen! Anerwäerts fält den Deeg a sech zesummen! Esou ähnlech geet et engem och, wann ee seng Meeschterwierker net direkt opschneit, wann se aus dem Schäffche kommen.

Zoutaten fir den Eclairsdeeg (Branddeeg):

  • 250 ml Waasser
  • 60 g Botter
  • 150 g Miel
  • 1 Zoppeläffel Zocker
  • 4 Eeër
  • 1 halwen Téiläffel Salz

Zoutaten fir d’Fëllung
(Crème pâtissière):

  • ½ l Mëllech
  • 100 g Zocker
  • 4 Eegiel
  • 25 g Maizena
  • 20 g Miel
  • 1 Päckelchen Vanillzocker
  • 30 g Botter

  1. D’Mëllech an de Vanillzocker zesummen bei mëttlerer Hëtzt opkachen. 5-10min zougedeckt op d’Säit leeën.
  2. Den Zocker an d’Eegiel an enger Schossel vermëschen bis datt den Zocker sech opgeléist huet. D’Miel an de Maizena dann bäifügen an gutt verréieren.
  3. No an no d’Mëllech bei d’Eegiel – Mëschung bäifügen fir datt d’Eegiel sech lues un d’Temperatur vun der Mëllech gewinnen kann.
  4. Alles dann nach eng Kéier an d’Dëppen schëdden an ënner Réieren nach eng Kéier zum Kächele bréngen.

Wann d’Konsistenz dann déckflësseg ass, Botter ënnerréieren, an ofkillen loossen.

Paradiesapfel, Liebesapfel oder och Pomme d‘amour… esou ass bis zum nonzéngte Joerhonnert eis gutt bekanntent Geméis genannt ginn: d‘Tomat!

Duerch hir rout Faarf, der Faarf vun der Léift, an der Form, déi dem Apel zimlech ähnlech ass, krut d’Tomat genee dësen Numm. An och nach haut gëtt an Éisträich d‘Tomat Paradeiser genannt.

Hautdesdaags ass fir eis d‘Pomme d‘amour dee blénkegen zockerséissen Apel, dee mir vun de Kiermessen, Mäert an eiser grousser Fouer kennen. Dee perfekte rouden Apel, wéi en a Soen, Märercher, de grousse Reliounen a Mythen duergestallt gëtt, symboliséiert hautdesdaags d’Léift, Weiblechkeet, Sexualitéit, Fruchtbarkeet awer och Versuchung a Passioun!

Entstanen ass en awer ganz anescht! E sollt e Produit sinn, deen d’Leit mat sengem Ausgesi fir sech gewënnt.

Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech de Confisier William K. Kolb am New Jersey intensiv Gedanke gemaach, fir virun de Chrëschtdeeg nach mat engem neie Produit e wéineg Geld ze maachen. No laangem Iwwerleeën ass him d‘Iddi komm. „Ech stiechen e klenge Bengel an den Apel an iwwerzéien e mat enger rouder, blénkeger a knackeger Glasur!’’ An esou ass eng Iddi entstan, déi sech schnell weiderverbreet huet.

Zoutaten

  • 6 saierlech Äppel
  • 6 Holzbengelcher
  • 550 g Zocker
  • 5 Zoppeläffelen kaalt Waasser
  • 1 Téiläffel rout Liewensmëttelfaarw
  • 1 Téiläffel Zitrounejus

Zoubereedung

  1. D’Äppel wäschen an gutt ofdrëpsen loossen. D’Stiller eraus huelen an een Holzbengel duerch den Apel stiechen.
  2. Een Briet oder e Plateau mat Zocker bestreeën, fir duerno déi glaséiert frësch Äppel oofkillen ze loossen.
  3. Zocker, Waasser, rout Liewensmettelfaarw an Zitrounejus an en Dëppen fëllen. Dës Zoutaten ginn verréiert an opkache gelooss. Et gëtt esou laang weider geréiert, bis sech den Zocker vollstänneg geléist huet an d’Mass ufänkt ze karamelliséieren.
  4. Wann d’Zockermëschung am Dëppen sech opgeléist huet a kloer ass, gëtt d‘Dëppen vun der Kachplack geholl. D‘Äppel an d‘Zockerglasur dauchen an soulang dréien bis den Apel vollstänneg bedeckt ass.
  5. De frësch glaséierten Apel op d‘bezockert Briet stellen an ofkillen lossen.

Hätt hien dat éischter gewosst, hätt en d’Candy-Apples net nëmme fir 5 Cent den Apel verkaf. Hie konnt jo deemools net wëssen, datt den Erfolleg vun dëser einfacher Iddi esou grouss wier, datt se duerch d’Welt geet.

Hautdesdaags fënnt een d‘Pomme d‘amour och emol an engem Kleed aus Schockela, Karamell oder anere séisse oder schaarfe Mëttelen. An awer léisst eréischt déi klassesch Pomme d‘amour d’Häerzer méi héich schloen!

Drabäissen a sech verléiwen!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.