Eechternoacher Foasicht

Schonn iwwer 130 Joer gëtt et se schonn zu Eechternoach, d’Foasicht, also zënter 1885. Et soll een awer net mengen, datt et virun 1885 keng Fuesent zu Iechternach gouf.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„D‘Fueszäit“, huet de Professer Dominik Constantin München ëm 1815 festgehal, „gëtt vu Liichtmëssdag bis Äschermëttwoch am ganze Land méi oder wéineger gefeiert. Baler, Kavalkade sinn dann (…) un der Dagesuerdnung.“ Bekannt ass och, datt d‘Eechternoacher Metzler op Fetten Donneschdeg op d’mannst een, mat Bänner a Pabeiersblumme gerëschtenen, fette Schluechtochs, „Danzenochsen“ genannt, duerch d‘Stroosse gefouert hunn.

Zu Iechternach soll allerdéngs de Metzler Bernard Schiltz nach ëm 1900 op engem Fetten Donneschdeg mat engem Schluechtochs begleet vu Musek an Danz duerch d‘Stad gezu sinn.

E puer Joer méi spéit huet sech och zu Iechternach d‘Fueswiesen, wéi et sech am Rhäinland entwéckelt huet, mat Fuesméindegëmzich, engem Fuesprënz, Kapesëtzungen a Bütterieden, bemierkbar gemaach.

An der Ausgab vum „Echternacher Anzeiger“ vum 29. Januar 1865 fënnt een dee bis elo eelsten Hiweis heirop, an zwar eng Aluedung op déi 1. Kapesëtzung.

Awer loosst eis op d’Eechternoacher Foasicht zréckkommen. D‘Kavalkad vun 1870 war Fuesdënschdeg, den 1. Mäerz an hat als Thema „d‘Verlobung vun hirer Saierlecher Duerchlaucht, der Prinzessin Gurtela Sura mat senger Hoheit dem Prënz Carneval“. Sura ass de laténgeschen Numm vun der Sauer; de Virnumm vun der Prinzessin spillt op d’Gürtelbunn un, an eng vun de Linnen heivu war d‘Sauerlinn (Prinz-Heinrich-Bahn), déi 1873 ageweit gouf.

Owes war en „grousst Hämelmeishuppen a Galauniformen“ (huppen = hopsen). Op Äschermëttwoch am Nomëtteg konnt ee sech zum Ofschloss bei engem groussen „Häringsessen“ (Hierkeniessen) den décke Kapp verdreiwen.

D‘„Hämelmeishuppen“ weist, datt et schonn deemools eng Verbindung tëscht der Fuesent an der „Hämelmaus“, wéi déi Eechternoacher d‘Hausgrill nennen, gouf an net eréischt wéi allgemeng ugeholl duerch d‘„Hämelmauslidd“.

1871 an `72 war et a Fueshisiicht roueg zu Iechternach, vläicht wéinst dem däitsch-franséische Krich. Dat sollt sech vun 1873 un awer erëm änneren, hei fanne mir erëm ähnlech Veranstaltunge wéi virdrun.

D’Hämelmaous-Léid

Den Ursprong vum Heemelmauslidd geet op d‘Joer 1873 zréck an d’Hausgrill gëtt zum allgéigewäertege Maskottche vun der Eechternoacher Foasicht.

De Professer Jos Speck, Grënnungsmember vun der Karnevalsgesellschaft vun 1870, ass den Auteur vun der éischter Versioun vum Heemelmauslidd mat 3 Strophen.

D’Heemelmauslidd ass e bekanntent Fueslidd am Iechternacher Dialekt, dat och haut nach gesonge gëtt. De 16. Februar 1873 gouf den Text am „Echternacher Anzeiger“ publizéiert. D’Lidd erzielt vun enger Grill, déi onbeschwéiert lieft an d’Suerge vum Vollek net kennt. Et geet ënner anerem ëm d’Präisdeierecht vun de Wueren, ëm eng nei Ausgangsspär, déi de Leit d’Feiere verbitt, souwéi och ëm eng Kappsteier vun zwee Frang, déi d’Leit bezuele missten. D’Lidd gouf wéinst Beleidegung vun der Iechternacher Gendarmerie ufangs verbueden, dunn ëmgeschriwwen. Déi zweet Versioun (1884) besteet aus den éischten zwou Strophe mat neien dobäi.

Foto: iechternach.lu

D’Eechternoacher Foasicht 2019

D’ASBL Eechternoacher Foasicht huet 2016 ugefaangen, d’Fuesent nei ze plangen an 2017 déi éischt Foasicht om Moart op d’Bee gestallt. Soss war et Traditioun, datt d’Fuesboken no der Kavalkad zu Dikrech sonndes nach op Eechternoach komm sinn. Dës Traditioun sollt bäibehale ginn a sou gouf d‘ASBL gegrënnt.

Foto: iechternach.lu

Och 2019 wäert zu Eechternoach erëm vill fir d’Foasicht lass sinn. No zwee Joer mat groussem Erfolleg ass d’Fuesent dëst Joer den 3. Mäerz op enger neier Plaz an zwar „op Kack“. Op der Kack kënne si dann alle Fuesboke gerecht ginn, et ass Plaz fir jiddereen am Festzelt.

De Foasbal vum Eechternoacher Dëschtennisveräi fënnt erëm Fetten Donneschdeg, den 28. Februar am Café „Beim Cyrille“ statt!

D’Eechternoacher Massdéiner organiséieren den 1. Mäerz 2019 e Foasbal an der Diekricher Stuff.

D’Eechternoacher Elterevereenegung organiséiert den 3. Mäerz hire Kannerfuesbal am Zelt op Kack vu 14:00 bis 18:00 Auer.

Zënter iwwer 25 Joer spillen d’Scouten a Guidë vun den „Eechternoacher Quaichleken“ fir d’Foasicht Theater a verschiddenen Altersheemer an a ronderëm Eechternoach.

D’Foasicht zu Eechternoach ass awer net Äschermëttwoch eriwwer, et gëtt och nach eng am Summer, de 14. August 2019, op der oppener Moartplaz.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.