al, rabbeleg … a rebellesch!

Den Nuckes huet et fauschtendéck hanner den Oueren. Säin Alldag op der Aarbecht an engem Altersheem kritt hien nawell ganz gutt ëm. Al John Wayne Filmer gehéiere fir hien zum Alldag, an och dat heemlecht Beschafe vun Zigarette fir déi Leit, op déi hien eigentlech oppasse soll, ass ganz normal fir de Nuckes. Wéi hien […]
Senioren en Doheem ginn

Dëse Gedanke steet vun Ufank u bei der SERVIOR am Mëttelpunkt. SERVIOR, dat ass en Numm, deen deene meeschte Leit e Begrëff ass, an awer wëssen déi mannst, wat d‘SERVIOR eigentlech ass. Och wann d‘SERVIOR an éischter Linn fir hir Wunnstrukture fir eeler Leit bekannt ass, bitt een dem drëtten Alter weesentlech méi ewéi nëmmen […]
Botter a waarm Decken!

Hautdesdaags ass et vläicht e bësse méi roueg ginn, mee nach virun enger 20 Joer koumen all guddes Daags schéi faarweg Héichglanzprospekter an d’Boîttë gefladdert, fir d’Leit op ee flotten Ausfluch ze invitéieren. Huet een dann dat Klénggedrécktent gelies (Möglichkeit zur Teilnahme an einer Verkaufsveranstaltung), dann huet ee séier spatz kritt, datt hei eng ganz kommerziell […]
Et feelt een, an dat all Dag
„Glécklech bestuet. Iwwer 35 Joer schonn! An du koum deen onerwaarten Aschnëtt a mäi Liewen, mat deem ech mental einfach net fäerdeg ginn.“ De Charles W. steet elo eleng do. Seng Fra huet eng schwéier Operatioun net iwwerlieft an ass am Alter vun nëmmen 69 Joer gestuerwen. „Ech war an der Klinick an hunn drop […]
Décke Gas am Internet

Si sinn d’Silver Surfer, déi Generatioun, déi nach ouni Smartphone, Snapchat a Co. opgewuess ass, hir Pensioun awer an der digitaliséierter Welt verbréngt. D’Rieds ass vu Senioren, op gutt Lëtzebuergesch d’Bomien a Bopien ënner eis. Wärend si fréier nach mam Chèque an d’Bank spadséiert si fir e Virement ze maachen a portabel Computere fir an […]
D’Amiperas D‘Stëmm vun de Senioren
„Firwat soll keng Associatioun geschaf ginn, déi sech just mat de Problemer vun den eelere Persoune befaasst?“ Dat war d’Fro, déi de Grënner vun der Amiperas (Amicale des personnes retraitées âgées et solitaires), den Här Jean-Pierre Thoma, den 30. November 1963 a sengem Schreiwes un d’Press gestallt huet. Säit dësem Datum huet sech vill bei dëser ASBL […]
Du hues jo elo gutt Zäit!

„Wéi laang muss du da nach goen?“ Dee Saz héiert een oft, wa sech Leit begéinen, déi de 50. Gebuertsdag scho gefeiert hunn. Et geet ëm d’Alterspensioun, déi déi eng esou séier wéi méiglech wëllen hunn, déi aner huelen sech domat awer nach gäre vill Zäit. Et ass net een ewéi deen aneren, net virun der […]
Mat Léift zoubereet: en 3 Gäng Menü

Frësch Zalot mat Geméis a Vinaigrette mat Fréijoersgebeess Dir braucht (fir 4 Persounen): 60 g reng gréng Bounen 60 g Zockerierbessen 1 Muert 50 g Radicchio, Lollo Rosso, Lollo Verde oder aner Zalot 1 Chicon ¼ Staangenzelleri 1 Apel 1 Fenchel Vinaigrette: 1 cl Sherry-Esseg 6 cl Olivenueleg 20 g Fréijoersgebeess Rengt Salz, Peffer aus […]
Wéi Touristen Aarbechtsplaze fir Leit mat enger Behënnerung schafen

Mir stellen iech dräi Plaze vir, déi ëmmer vill Touristen unzéien a wou Leit mat enger Behënnerung eng Aarbechtsplaz fannen: de Beetebuerger Mäerchepark, de Päiperleksgaart an de Park Sënnesräich.
Tourismus fir jiddereen zu Lëtzebuerg

D’Grondiddi vum accessibele Reesen oder vum „Tourismus fir jiddereen“ kënnt aus dem Konzept vum Design for All, deen op europäeschem Niveau ausgeschafft ginn ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet schonn 2013 de Konzept vum Design for All an hir Regierungserklärung niddergeschriwwen a war domat e Virreider a ganz Europa. Design for All bedeit, e gutt zougänglecht […]