Eng schéi Plaz fir ze schlofen, egal a wéi engem Eck vum Land

Wien am Fréijoer en Tour duerch d’Stad mecht, deem fällt séier eppes op: Touristen. Ob an den Hop-On-Hop-Off-Busse bei der Gëlle Fra, ënnen am Gronn oder op den Terrasse vun der Plëss, iwwerall huet ee Leit mam Sonnebrëll op der Nues an dem Fotoapparat am Grapp begéint. Ma net nëmmen am Fréijoer ass Lëtzebuerg eng beléiften Destinatioun fir Gäscht aus der ganzer Welt, well eist klengt Ländchen huet nawell vill Flottes ze bidden. Geschichtsfrënn kommen am Kär vum Land op hir Käschten, wann se eng Zäitrees duerch d’Kasematte woen, fir Naturbegeeschterter ass d‘Éislek einfach en Dram. Och fir ze iwwernuechte bitt de Groussherzogtum genuch Méiglechkeeten, an dat fir all Budget.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wie mat liichte Posche reest, dee wëll meeschtens och net allze deier fir e Bett an eng kleng Molzecht bezuelen. Um Site www.youthhostels.lu fannen dofir besonnesch Jonker a Gruppen déi ideal Ënnerkonft och fir de klenge Portmonni. Eent vun de Jugendhaiser, wat bei Touristen immens gutt ukënnt, ass dat zu Veianen. „Et ass zwar net eent vun den neiste Gebaier, mee eent wou mat am flottste läit, nämlech direkt vis-à-vis vum Schlass“, erkläert d’Martine Backendorf, Pressespriecherin vun der Asbl. Ab 27 Euro pro Nuecht kënnen Touristen hei an engem vun de 66 Better schlofen an d’Vue genéissen. Bei de Gäscht vun der Auberge ginn et generell zwou Kategorien: Gruppen, dorënner eng Grousszuel vu Schoulklassen aus Lëtzebuerg, an déi sougenannten Naturtouristen aus dem Ausland. D’Regioun begeeschtert vill Leit wéint senger Landschaft an der Qualitéit vun de Wanderweeër. Niewent der Natur, déi vill Vëlos- a Motorradfuerer unzitt, lackelt natierlech virun allem och dat aalt Schlass. „Mir hunn en immens flotte Programm fir Schoulklassen an aner Gruppe ronderëm d’Thema Mëttelalter. Do ass d’Schlass natierlech en touristeschten Highlight“, sou d’Martine Backendorf.

Fir Leit, déi mam Campingswon oder Zelt ënnerwee sinn, bitt de Camping Rouspert eng Rëtsch schéi Stellplazen. Virun allem an de leschte Joren ass dës Form vun Tourismus hei am Land ëmmer méi beléift ginn an dat ënner anerem wéinst der gudder Vermaartung vun den eenzele Regioune vum Land, wéi d’Gestionnaire vum Camping eis erkläeren: „Fréier waren d’Leit hei oft just op der Duerchrees fir an de Süden. Haut kommen der vill ganz bewosst op Lëtzebuerg. Bei eis läit dat sécher un der Qualitéit vum Label Mëllerdall, deen an de leschte Joren immens am Bekanntheetsgrad eropgaangen ass.“

Virun allem Vëlostouristen, Outdoor-Sportler a Famillen zitt et op Campingen a mëttlerweil bleiwen d’Gäscht zu Rouspert och gäre mol bis zu enger Woch. „Mir hunn hei de Virdeel, dass mir immens gutt mam däitschen a lëtzebuergesche Vëlosnetz vernetzt sinn“, sou d’Bedreiwer vum Camping. Déi rise Spillplaz a Schwämm maachen dann och deene klenge Gäscht Freed a mat Präisser ab 18 Euro fir eng Zeltplaz fir zwou Persounen ass dëse Logement och definitiv net ze deier.

Eng nach méi nei Alternativ ass „AirBnB“. D’Online-Plattform aus Kalifornien huet an de leschte Joren och hire Wee op Lëtzebuerg fonnt an ëmmer méi Privatpersoune verlounen en Zëmmer, eng Wunneng oder e ganzt Haus iwwer dëse Site. Och d’Lisa Castagna a seng Famill si säit ronn aacht Joer „Hosts“ bei AirBnB. „D’Haus wat mir verlounen, gehéiert mengen Elteren. Fréier si mir ëmmer selwer dohin an d’Vakanz gefuer, mee d’Joer iwwer stoung et vill eidel“, erkläert d’Lisa. Den ale Bauerenhaff läit am Duerf Harel, net wäit ewech vum Stauséi Uewersauer a bitt Schlofméiglechkeete fir bis zu zéng Persounen. „Déi meescht vun eise Gäscht kommen aus Holland oder der Belsch. Mir hu vill Famille mat Kanner awer och Mountainbiker a Leit mat Hënn“, sou d’Lisa. De Minimumopenthalt läit bei dräi Nuechten, fir zwou Persoune kascht eng Nuecht 70 Euro ouni Taxen. Dat rustikaalt Bauerenhaus kënnt gutt u bei de Leit. „Et hu schonn e puer Gäscht eis gefrot, ob mir d’Haus net verkafe wëllen an et gouf och schonn e Kuerzfilm hei gedréint“, verréit eis d’Lisa.

Aussergewéinlech an dowéinst an aller Mënner sinn d’Bamhaiser vum Escher Déierepark. Hei kréie virun allem Famille mat Kanner eng eenzegaarteg Iwwernuechtungsméiglechkeet gebuede, déi et esou am Land soss net gëtt. „All Haus huet en Thema an e Personnage, deen dra wunnt. Wann dësen an der Vakanz ass, da kënnen Touristen dra schlofen“, verréit d’Anne Meyers, Verantwortlech vum Park. Zwee Haiser fir allkéiers sechs Persounen an ee weidert fir véier Gäscht stinn uewen um Gaalgebierg. D’Iddi vun de Bamhaiser ass awer net, Leit iwwer e längeren Zäitraum ze beherbergen, ma éischter un eng zwou Nuechten hat ee bei der Entwécklung vum Projet geduecht. „De Charme dovun ass jo dat Entdeckerescht, dass alles enk ass, an d’Iwwerraschung, wann een erakënnt. Dat geet verluer wann een eng ganz Woch bleift“, esou déi Responsabel. De Mindestpräis vun engem Haische läit bei 120 Euro fir zwou Persounen – e berechtegte Präis seet d’Anne Meyers, wann een d’Eenzegaartegkeet an d’Lag vun de Bamhaiser bedenkt: „Et huet een den direkte Kontakt mat den Déieren an et ass matzen am Bësch, ma trotzdem ass een no bei der Stad Esch.“

E Krack méi bëlleg ass den Hotel Vieux Moulin zu Aasselbuer. Mat senger Annex Auberge du Relais postal ass dësen Hotel en echten Higucker, well déi zwee Gebaier sinn Undenken u fréier Zäiten. „Dat eent ass eng Mille vun iwwer dausend Joer mat 15 Zëmmer am Stil Chalet suisse, de Relais postal huet néng Zëmmer an ass e bësse méi chic“, erkläert d’Sekretärin vun der Famill Nilles, déi den Hotel bedreift. Niewent flotte Wanderungen duerch d’Lëtzebuerger Ardenne kënnen d’Gäscht vum Etablissement e Bléck an déi zwee Muséeën oder den nogebaute Klassesall un 1900 woen a sech vun alen Objete verzaubere loossen. Virun allem eeler Leit oder Gruppen zitt et op Aasselbuer, ma och Kanner an Hënn sinn hei gär gesinn. „Mir hunn eng Baach hei mat klenge Fësch, do spillen déi Kleng ëmmer immens gär dran“, verréit d’Bedreiwerin. Eng Nuecht am familiäre Betrib kascht fir zwou Persounen ab 50 Euro, jee nodeem fir wéi een Ënnerdaach een sech entscheet.

De Schluss vun der Lëscht mécht dann den Hotel Le Royal an der Stad. Säit 1984 gehéiert de Fënnef-Stären-Hotel zu deene prestigiéisten hei am Land an och weltwäit zielt de Royal zu den Top of the Tops. D’Elsie Danjou ass Directrice vum Marketing a verréit d’Geheimrezept vum Etablissement : „Mir leien am Häerz vun der Stad an hunn eng immens Qualitéitsgarantie mat ville Servicer.“ Zu der Haaptclientèle ziele Businessleit aus dem Ausland, déi fir eng oder zwou Nuechte geschäftlech op Lëtzebuerg reese mussen – oder däerfen. Viru knapp aacht Joer krut de Royal eng komplett Revisioun an huet domat och u Modernitéit dozou gewonnen. „Mir waren deemools laang bal komplett zou an hunn och vereenzelt Clientë verluer. Trotzdem hu mir eng grouss Zuel un treie Gäscht a virun allem ausserhalb vun de Schoulvakanzen ass den Hotel zu engem Groussdeel gebucht“, sou d’Elsie Danjou. E Minimum vun 270 Euro pro Nuecht bezilt ee fir eent vun den 210 Zëmmer a Suitten, ma dofir befënnt een sech awer och quasi matzen am Lëtzebuerger Bankendistrikt an direkt niewent all den touristeschen Highlights an der Stad.

Bao Neling, 23, aus Shanghai:

„Hei ass et esou schéi roueg an et sinn net esou vill Leit hei wéi bei eis. D’Liewe wierkt vill méi simpel. Dat Eenzegt, wat eis Chinesen insgesamt meeschtens net esou u Lëtzebuerg gefält ass d’Iessen an den ëffentlechen Transport, deen ass doheem definitiv besser.“

Matthias a Regine aus Dresden:

„Mir sinn aus Virwëtz op Lëtzebuerg komm, fir eis e klengen Iwwerbléck iwwer d’Geschicht vum Land an der Alstad ze verschafen. Bis elo si mir ganz zefridden, d’Stad ass roueg an huet e schéine Flair.“

Gottardo Mazenauer a seng Fra Astrid aus der Schwäiz:

„Mir maache grad Stiedtourismus a besichen déi gréisste Stied aus Europa. Eise Camper steet um Camping Kockelscheier a lo fuere mir mam Vëlo hei ronderëm. An de Kasematte ware mir grad schonn, do war et angeneem kill.“

Kanchana a Kniffen aus Seattle:

„Mir si wéinst Amazon geschäftlech am Land a pendelen déi ganzen Zäit tëscht dem Hotel an der Stad hin an hier. Deen eelsten Deel vum Zentrum ass esou wonnerschéin, mir wëlle mol net hei fort, fir eppes anescht ze gesinn. Et ass just komesch fir eis, esou wéineg Leit an enger Stad ze gesinn, dat ass ongewinnt.“

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.