Ham, Fritten
an Zalot

e Lëtzebuerger Klassiker modern interpretéiert

Zoutaten fir 3 bis 4 Leit

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Fir d‘Mousse

Fir d‘Fritten

Fir d‘Zalot

Fir d‘Hamchipsen

100 g réi Ham an Tranchen (net ze fetteg)

Preparatioun

Déi gekachten Ham a kléng Stecker schneiden. De Philadelphia an d‘Ram vermëschen. Déi kléng Stecker Ham zesumme mat der Philadelphia-Mëschung an d‘Kichemaschinn maachen a mat Knuewelek, Salz a Peffer wierzen. An der Kichemaschinn verklengeren bis eng homogen Mass entsteet. Schmaachen, wann néideg nach eng Kéier nowierzen an an de Frigo stellen.

Zwou Tranchë réi Ham tëschent zwee Stécker Kichepabeier leeën an an der Mikrowell ongeféier 1 Minutt laang bei 650 bis 1000 Watt ophëtzen. Kontrolléieren op d‘Tranchen och gutt knuspereg sinn.

Déi dräi Zorte Grompere schielen, a Fritteform schneiden an dann am Frittendëppe knuspereg frittéieren.

Tipp vu Kichechef

D‘Fritte gi besser, wann se am blanc de bœuf frittéiert ginn! Op engem Kichepabeier ofdrëpse loossen a salzen.

Déi verschidden Zalote wäschen a mat Salz a Peffer wierzen. E puer Drëpse Balsamicoesseg, an den Olivenueleg drop verdeelen. Alles matenaner vermëschen.

Gudden Appetit!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.