Wann de Blues rifft
D’Deeg ginn zwar erëm méi laang, awer trotzdeem loossen d’Liewensfreed an den Drang eppes ze maachen, bei ville Mënschen nach op sech waarden. Wien am Wanter depriméiert ass, sech zeréckzitt an d’Gefill huet, nëmmen nach schlofen ze wëllen, leit vläicht un enger saisonaler Depressioun. D’Marie kennt déi Zeechen schonn zënter Joren. An ëmmer, wann de […]
Fouerméindeg oder Braderie an der Stad
D‘Braderie an der Stad ass ewéi gewinnt all Joer op Fouerméindeg. De Stroosseverkaf ass jiddwerengem bekannt an déi éischt Braderie an der Stad gouf den 2. September 1929 ofgehalen. D‘lescht Joer huet se hir 90 Joer gefeiert, och wann tëschent 1938 an 1948 wéinst dem Krich keng Braderie war. D’Geschäftsleit riichte fir d‘Braderie hir Stänn virun hirem Buttek op, a […]
Chrëschtdags-Bûche mat Hunneg-Bottercrème
Dir braucht: Fir de Biscuitsdeeg: 70 Gramm Miel30 Gramm Stäerkt1 Téiläffel Backpulver6 EewäissE puer Drëpsen Zitrounejus1 Pouz rengt Salz6 Eegiel70 Gramm Zocker1 Pak Vanillzocker1 Iessläffel kachend Waasser Fir d’Hunneg-Bottercrème 250 Milliliter frësch Vollmëllech200 Gramm Pudderzocker400 Gramm mëlle Botter100 Gramm lëtzebuergeschen Hunneg Zoubereedung Miel, Stäerkt an de Backpulver an eng grouss Schossel siften. D’Eewäiss zesumme mat e puer Drëpsen Zitrounejus an enger Pouz Salz steif schloen […]
Et ass Theater am Duerf!
D’Mamm huet der Fra an der Entrée Sue ginn, a scho konnte mir era goen. Eran an e Sall, dee vu vir bis hanne voll mat deene selwechte Still war, déi all an déi selwecht Richtung gekuckt hunn. Op eng grouss rout Riddo. Soss gouf et näischt. „Da géi kucken, wou s de sëtz. Misst […]
Vu Schong a Bong: en Dag am Commerce
Wärend déi meescht viru Chrëschtdag duerch d’Rayone jauwen a sech a laang Schlaange stellen, fir nach schnell lescht Besuergungen ze maachen, sinn et d’Leit hanner de Kulissen, déi de Commerce um Rullen halen. Op Vendeuse oder Caissière – ouni si géif am Buttek näischt lafen. Ma déi mannst kennen awer den Alldag vun deene Leit, […]
Shoppen an der Groussregioun
Mat der Bomi mam Zuch op Tréier fuere fir nei Kleeder fir de Schoulufank ze kafen? Oder mat der Mamm fir en Dagesausfluch op Saarbrécken an duerch d’Butteker bummelen? Op enger Terrass bei schéinem Wieder eng Glace iessen? E puer gutt Affäre maachen an dann erëm heemfueren … Jo, ech mengen, dat kenne mer all. D’Awunner […]
Akafen – fréier, haut … a muer?
Déi lescht 30 Joer hunn am Handel eng rasant Entwécklung an der Form an och am Volume vu verkaafte Wuere gewisen. Et gëtt fir Lëtzebuerg keng prezis Donnéeën iwwer déi tatsächlech Entwécklung am Eenzelhandel, verschidden Unhaltspunkter fënnt een awer zum Beispill an däitschen Erhiewunge vum Marché. D‘Nofro bestëmmt d’Offer Dat heescht ganz einfach: dat wat mir […]
Zweehonnert Cent fir Mënsch an Ëmwelt
Kennt Dir d’Tafel an Däitschland? Wien elo un eng Tafel denkt, déi am Klassesall hänkt, deem werft de Schoulmeeschter grad e béise Bléck zou. Nee, eng aner Tafel ass gemengt, an de Slogan vun der Hëllefsorganisatioun mat dësem Numm bréngt hir Missioun op de Punkt: „Lebensmittel retten. Menschen helfen.” Obwuel grad d’Zäit ëm Chrëschtdag zu […]
Motorsport ouni Motor

A menger Jugend waren déi eenzeg Seefekëschten, op déi mir eis als Kanner gefreet hunn, déi mam Wäschmëttel Bonux, well do als Marketinggag ëmmer eng Spillsaach iergendwou tëschent de Seefeflacke verstoppt war. Dat war alt emol e Plastiksauto, e Plastiksbijou oder soss Plastiksplastiker. Ech hunn nach ëmmer am Kapp, datt um Pak stoung « ne secouez […]
E Stéck Fleesch fir de Bëschaarbechter

Et fënnt een esou muench Geschichten, wann ee probéiert erauszefannen, wouhier eigentlech den Holzfällersteak kënnt. Eng vu deene sëllegen ass et, datt en dem Bëschaarbechter erëm Kraaft soll ginn, fir weider Beem ëmzehaen! Eng Hellewull vu Geschichten a Mythen, mee genee esou vill Rezepter, fënnt ee fir den Holzfällersteak. Mir presentéieren Iech hei eng ganz […]