Typesch Fra an typesch Mann … oder dach net?

Placeholder Dummy template
Placeholder Dummy template

D‘Gläichstellung vu Fra a Mann ass a ville Beräicher vum Liewen ëmmer nees en Theema, woumat et een och net staark wonnert, datt dës Thematik an engem eegene Ministère säin Doheem fonnt huet. De Ministère fir Gläichstellung vu Fra a Mann huet, virun allem an der Aarbechtswelt, nach ëmmer vill Virurteeler ze bekämpfen, fir op Ongläichheeten opmierksam ze maachen an dës esou aus der Welt ze schafen. Eent vun den Ziler ass et, déi ënnerschiddlech Beruffer fir jiddereen zougänglech ze maachen, onofhängeg vum Geschlecht. Bei dëser Problematik sinn dann natierlech Fraen oft offensichtlech benodeelegt, an hinne gëtt entweeder net déi selwecht Unerkennung entgéintbruecht oder den Accès op de Beruff bleift allgemeng schwiereg. A verschiddene Fäll geet et esou wäit, datt de Fraen den Zougang komplett verwiert bleift, wéi zum Beispill a verschiddene reliéise Beruffer. D’Situatioun vun de Männer ass do oft net anescht. Et besti Stereotyppe vun engem richtege Mann an dozou zielt och, wat dee soll kënnen oder wéi e Beruff am beschten zu him passt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Et ginn awer natierlech, an dat ass och gutt esou, ëmmer méi Leit, déi net an esou Scheemaen denken an dee Beruff léieren, dee si wëllen, an net deen, dee scheinbar am beschte soll zu hirem Geschlecht passen.

Mir hunn esou e jonke Mann getraff, deen de Beruff vum Spillschoulmeeschter geléiert huet a sech domat e Beräich erausgesicht huet, dee staark vu Fraen dominéiert ass. Déi éischt Hürd beim Schreiwe vum Artikel huet schonn d‘Beruffsbezeechnung duergestallt. Ech selwer war ëmmer gewinnt, Spillschoulsjoffer ze soen oder Schoulmeeschter, an dat virun allem, well de Begrëff vum Spillschoulmeeschter net an der lëtzebuergescher Sprooch virgesinn ass. Dëst ännert sech jo vläicht mat dësem Artikel.

Op der anerer Säit hu mer d‘Martine Ihry, eng jonk Fra, déi sech an en Handwierk getraut huet. Beim Iwwerliese vum Artikel ass mer dann och direkt opgefall, datt ech d‘Verb „trauen“ benotzt hunn, an esou Virurteeler selwer eventuell onbewosst ënnerstëtzen. Well, wa mer éierlech sinn, firwat soll eng Fra sech net an en Handwierk „trauen“? E Grond kéint natierlech sinn, datt de Beräich no Joren nach ëmmer mat staarke Männer a schwéierer kierperlecher Aarbecht a Verbindung bruecht gëtt, an dat kéint jo dann awer schonn emol ofschrecken. Näischtdestotrotz huet si sech dann awer vläicht „getraut“ an de Beruff vun der Usträicherin geléiert. An ouni ze vill ze verroden, et och nach fäerdegbruecht, hei aus der Mass erauszestiechen.

D’Fro, déi sech natierlech bei deenen zwee stellt, ass, wéi et zu deem Choix komm ass.

Ginn et extern Beweeggrënn, datt ee wëll weisen, datt een och als Fra oder Mann e bestëmmte Beruff ka léieren, vläicht war de Papp och schonn am selwechte Beruff täteg. Oder ass et den éischter banalen, awer absolut berechtegte Grond, datt een de Beruff wëll léieren, well ee mengt, datt deen engem Spaass mécht an een am beschte Fall och nach Talent doran huet.

Bei eisem Spillschoulmeeschter war et am Fong scho relativ fréi kloer, datt hie wéilt Schoulmeeschter ginn. De Choix, fir sech dann op d‘Spillschoul ze spezialiséieren, ass wärend sengen éischte Stagë komm. Duerch positiv Erfarung mat der Aarbecht a mat engem motivéierte Patron de Stage, deen engem déi schéi Säite vum Beruff nach méi schmackhaft gemaach huet, war de Choix du séier geholl.

Ganz änlech ass et beim Martine gewiescht. Fir hatt war et fréi kloer, en Handwierk ze léieren. Hatt ass, wéi et selwer seet, „faszinéiert dovun, mat sengen Hänn ze schaffen“. An no e puer Vakanzjobs war de Choix séier op de Beruff vum Usträicher gefall. Knapps virum Bäcker, deen duerch seng Horairen op der zweeter Plaz vun den Dramberuffer gelant ass. Datt et de richtege Choix war, huet sech beim Martine dunn och séier bemierkbar gemaach. Wärend der Ausbildung huet hatt u verschidde Concoursen deelgeholl a konnt 2005 d‘Landesmeeschterschaften zu Esch, déi sougenannte „Luxskills“, fir sech entscheeden. Doduerch konnt hatt am Joer drop als éischt weiblech Kandidatin Lëtzebuerg op der Europameeschterschaft zu Olomouc an Tschechie representéieren. Hei konnt hatt dunn nach emol weisen, wat hatt konnt, an huet den Titel vum Vizeeuropameeschter oder besser der Vizeeuropameeschterin mat heembruecht

Wéi wann et domat net genuch gewiescht wier, war hatt 2015 och nach als Expertin mat op d‘Weltmeeschterschaft a Brasilien, wou hatt d‘Lëtzebuergerin Miriam Thommes beim Concours begleet huet. Mat dëser weiderer weiblecher Kandidatin gesäit een, datt an dësem Handwierk d’Bild vum typesche Männerberuff sech mëttlerweil sécher geännert huet, an d’Martine seet och selwer, datt hatt sech an all de Joren a sengem Beruff och ni, bedéngt duerch säi Geschlecht, ongerecht behandelt gefillt huet oder diskriminéiert gouf.

Bei eisem Schoulmeeschter komme ganz änlech Aussoen op déi selwecht Fro, obwuel et am Ufank vu senger Karriär nach net esou eendeiteg war. Als Spillschoulmeeschter „stécht een aus der Norm eraus“ an domat kennen d‘Kanner ee ganz séier, och wann een se net onbedéngt an der eegener Klass huet. Dobäi ass de Respekt vun de Kanner am Ufank eventuell méi grouss, well een op deem selwechten Niveau wéi de Papp steet, deen a ville Famillen nach ëmmer de strenge Part vun den Elteren anhëlt. Dëst ass awer éischter ee ganz subjektiivt Empfannen an no kuerzer Zäit ass ee fir d‘Kanner „eng Joffer wéi déi aner och“, erzielt eise Spillschoulmeeschter mat engem klenge Schmunzelen am Gesiicht.

Am Ufank vu senger Karriär als Spillschoulmeeschter war dëst awer net esou an hien ass net „als eng Joffer wéi déi aner och“ ugesi ginn. Esou hunn am Ufank verschidden Eltere bei der Gemeng nogefrot, well si hir Kanner net bei hien an d’Klass hätte wollte ginn.

Dëst huet sech awer séier geännert a schnell ass de Contraire agetraff, esou datt Demandë koumen, fir d‘Kanner bei hien an d‘Klass ze kréien, erzielt eis de Spillschoulmeeschter. Dat awer net wéinst sengem Geschlecht, mee wéinst senger Manéier, fir ze schaffen. Dëst éischt Virurteel, dat duerch säi Schaffe séier an den Hannergrond gerëtscht ass, huet sécherlech och mat der Thematik vun der Pedophilie ze dinn. Bei ville Leit ass Kannerbetreiung nach ëmmer en typesche Fraeberuff a Männer, déi dat wëlle maachen, gi séier mat der Thematik vun der Pedophilie a Verbindung bruecht. Esou gouf am Studium dëst och oft thematiséiert, hei natierlech mat der Absicht, datt déi jonk Schoulmeeschteren net an eng Situatioun kommen, wou si falsche Beschëllegungen zum Affer falen. Villes ass a Richtung Gläichstellung vu Fra a Mann schonn erreecht ginn, an et si virun allem Leit wéi eis zwee Interviewpartner, déi aktiv dozou bäidroen. Trotzdeem huet de Ministère fir Gläichstellung vu Fra a Mann nach genuch Aarbecht viru sech.

Wéi seet en däitscht Spréchwuert: „Die Hoffnung stirbt zuletzt“. Mir hoffe jiddefalls, datt mir an e puer Joer net méi iwwer typesch Männer- oder Fraeberuffer schwätzen a schreiwe mussen an eis op dat Weesentlecht kënne konzentréieren, de Mënsch onofhängeg vum Geschlecht. Déi zwee Beispiller weisen eis, datt ee keng Angscht soll hunn, fir dat ze maachen, wat ee wëll maachen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.