D’Apdikteblietchen

Letz be healthy!

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Wëllt Dir och eng Zäitschrëft mathuelen?“


Wie kennt se net, d’Apotheken Umschau? Déi däitsch Apdiktenzäitschrëft kennt ee schonn éiweg a se gëtt gär matgeholl. Si kascht näischt an ass ëmmer ganz informativ.

Zanter 2015 hunn dann och déi lëtzebuergesch Apdikten hiert Blietchen. Letz be healthy heescht se. Op Lëtzebuergesch bedeit dat esou vill ewéi „Loosst eis gesond sinn“.

D‘Letz be healthy gëtt vu Connexims erausginn an dréit sech ëm d’Theema Gesondheet am Allgemengen. D’Zäitschrëft ass laut dem Verlagshaus genee esou fir Kanner ewéi fir Jugendlecher, Erwuessener a Senioren, also fir jiddereen.

Connexims ass eng Spin-off-Gesellschaft vun DSB Communication. DSB Communication gëtt et zanter 2005 an et ass eng belsch Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg am Beräich vun der Gesondheet. Eng belsch Versioun vun der Letz be healthy gëtt et zum Beispill mam selwechten Numm och an de belschen Apdikten.

Laut dem Editeur ginn 20.000 Exemplare gedréckt a se kënnt am Ganzen zéng Mol d’Joer eraus. Si läit an de meeschten Apdikten zu Lëtzebuerg. Awer net nëmmen do, se läit och an de Wartesäll vu verschiddene Spideeler an Dokteren.

Wat fënnt een an der Letz be healthy?

Et gëtt e ganze Koup Kategorien, déi sech ëmmer erëm ofwiesselen. Zum Beispill gëtt et „D’Rotschléi vum Mount“ an heiansdo Rezepter. Dann am „Dossier Santé“ geet et ëm d’Gesondheet an et kommen Dokteren zu Wuert, sief et an engem Interview, oder den Dokter schreift en Artikel iwwer gewësse Fuerschungen, Krankheeten an Therapien. Duerch Partnerschafte liest een hei dofir dacks vun Dokteren aus dem CHL oder den Hôpitaux Robert Schuman. Et geet hei ëm d’Gesondheet am Allgemengen, et kann awer och emol iwwer d’Zänngesondheet geschwat ginn.

Et gëtt och vill Artikelen iwwer d’Schéinheet a Kosmeetik, Informatiounen iwwer Produkter an Nahrungsergänzungsmëttelen ewéi Vitaminnen.

Iwwer Ernärung geet et an der Rubrik „Nutrition“. Heiansdo fënnt een en Interview mat enger bekannter Persoun an der Kategorie „People“ oder en Erfarungsbericht vun engem Patient mat enger spezieller Krankheet oder Therapie.

Et gëtt dann och nach Artikelen, déi mat Psychologie ze dinn hunn, oder d‘Kanner an hir Entwécklung betreffen, iwwer déi perséinlech Entwécklung, Wellness an d’Ëmwelt. Esouguer eis Hausdéiere sinn zum Deel en Theema. Zum Schluss gëtt et och ëmmer eppes ze gewannen an e Rätsel.

Och Rendez-vousen a Konferenzen oder Seminairen a Workshoppen, déi an de Spideeler geplangt sinn oder vun Initiativen ugebuede ginn, ginn ugekënnegt. Et kann och emol sinn, datt Concerten oder Theaterstécker mat an de Kalenner gesat ginn.

Ewéi an all Apdikteschblietche fënnt een dann och e ganze Koup Reklamme fir Produkter, déi een dann an der Apdikt vu sengem Vertrauen ze kafe kritt; hei ass vu Vitaminne bis zu Gesondheetsaccessoiren a Kosmeetikartikelen alles dobäi.

D’Letz be healthy kann een och, wann een net dacks genuch an eng Apdikt geet, abonéieren an heemgeschéckt kréien, natierlech ass se dann net méi fir näischt. Et kann ee se awer och op hirer Websäit eroflueden an online liesen. Et gëtt och eng Facebook-Säit mat Neiegkeeten.

Fir déi eeler Leit, déi warscheinlech am meeschten an am dacksten an der Apdikt akafen, ass et e bësse schued, datt d’Zäitschrëft, déi sech op hirer Websäit an och op Facebook mam Slogan „le magazine santé 100% luxembourgeois“ ukënnegt, bal nëmmen op Franséisch geschriwwen ass. Ganz seele fënnt een och emol en Artikel op Däitsch, da geschriwwe vun engem däitschen Dokter. Op Lëtzebuergesch fënnt een zanter bal dräi Joer näischt méi. Och op der Web- an op der Facebook-Säit gëtt nëmmen op Franséisch kommunizéiert.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.