D’Maison Moderne

eng Erfollegstory

D’Maison Moderne huet sech hautdesdaags zu enger staarker Kraaft an der nationaler Mediewelt entwéckelt. Virun allem duerch d’Publikatioun vun hirem Wirtschaftsmagasinn, dem Paperjam, huet sech d’Verlagshaus zu Lëtzebuerg en Numm gemaach. Niewent dem Paperjam gëtt d’Maison Moderne awer och nach eng gutt Partie aner Zäitschrëften eraus a publizéiert Magasinner fir verschidde lëtzebuergesch Clienten: Hex fir d’Nordstad, City fir d’Stad Lëtzebuerg, Flydoscope fir d’Luxair, Merkur fir d’Chambre de commerce a GUDD! fir de Lëtzebuerger Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung sinn e puer vun hire Verëffentlechungen. An de leschte Joren huet d’Maison Moderne sech awer net just op d’Erausgi vun Zäitschrëfte konzentréiert, mee si bitt dem Public eng ganz Bandbreet vun anere Méiglechkeeten un: Si trëtt och als Editeur vu Bicher, Organisateur vun Evenementer a Konferenzen a Beroder vu Publicitéitscampagnen op. De Choix, deen dëse Medium ubitt, ass wéi gesot ganz diversifizéiert. De Grënner a President vum Verwaltungsrot, de Mike Koedinger, geet am Interview e bësse méi genee op dat erfollegräicht Konzept vun dësem Verlagshaus an.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Am Verglach zu de grousse Verlagshaiser Saint-Paul (1886) an Editpress (1913) ass d’Maison Moderne mat hire 27 Joer um Bockel nach relativ jonk. Wéi ass et trotz dëser Konkurrenz iwwerhaapt zu där Iddi komm, dëse Schrëtt an d’Lëtzebuerger Mediewelt ze woen?

Eigentlech huet dëse Projet mam Lancement vum Magasinn „Explorator“ ugefaangen. 1995 gouf et nämlech kee richtege Restaurant-Guide aus Lëtzebuerg iwwer Lëtzebuerg. Et war an der Lëtzebuerger Medielandschaft och keng Plaz dofir do, sech mat Theemen ewéi opstriewende Restaurantsbesëtzer, der lëtzebuergescher Musekszeen, DJen oder Änlechem ze befaassen. Mech hunn esou Theemen, déi e bësse méi onkonventionell sinn, awer och ëmmer interesséiert.

Wat mécht d‘Erfollegstory vun der Maison Moderne an Ären Aen aus?

D’Maison Moderne steet dofir, datt si ëmmer Produiten op de Maart bréngt, déi sech mat enger Branche beschäftegen, déi elo hei am Land net esou vill Interessi vun der allgemenger Press kritt. Mir bidde sougenannten Nische-Produiten un. Eis Produite stinn also a kenger direkter Konkurrenz zu de gewéinleche Medien zu Lëtzebuerg. D’Dageszeitungen zum Beispill liwweren éischter Informatioune fir eng gewëssen Allgemengheet. Dat ass net eis Philosophie. Mir sprieche Leit aus anere Secteuren un, déi normalerweis am allgemengen Informatiounsspektrum ze kuerz kommen. Am Géigesaz zu den Dageszeitunge maachen déi sozial Medien eisem Medium och net grad esou ze schafen. Eis Informatiounen, déi mir erausginn, fënnt een net esou séier op Facebook. Eis Theemefelder gi méi an d’Déift. Déi Sujete maachen an de soziale Medien net sou séier d’Ronn ewéi méi alldeeglech Sujeten.

D’Artikelen am Paperjam sinn, am Géigesaz zu villen anere Medien, op Franséisch an Englesch. Wat war d’Iwwerleeung dohannert?

Dat war e ganz bewosste Choix. Déi lëtzebuergesch Press, virun allem déi grouss lëtzebuergesch Dageszeitungen, ginn op Däitsch geschriwwen. Um Radio gëtt Lëtzebuergesch geschwat. Dat sinn déi Sproochen, déi déif am lëtzebuergesche Public verankert sinn. Vill auslännesch Matbierger dinn sech schwéier mat dëse Sproochen. Viru gutt 30 Joer hu mir Franséisch als eng Langue d’inclusion ugesinn. Mir wollten einfach kee potenzielle Lieser duerch d’Sprooch ausschléissen. Ech mengen, hautdesdaags schwätzen 98 Prozent vun de Leit hei zu Lëtzebuerg Franséisch. Mee et ass awer och kloer, datt déi englesch Sprooch, virun allem am wirtschaftleche Secteur, mëttlerweil eng ganz wichteg Roll kritt huet. Et ass déi Sprooch, déi am Milieu vum Business Virrang huet an als gemeinsam Sprooch bei Meetingen déngt. Dat ass och hei zu Lëtzebuerg net anescht. An den internationale Firmaen, déi sech hei zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn, leeft villes op Englesch. Duerch de Paperjam fannen d’Cheffe vun de Firmaen, déi hire Sëtz zu London oder Singapur hunn, Informatiounen iwwer d’Konkurrenz oder och iwwer hir Filialen – a kënnen dës och verstoen, well eis Artikelen an englescher Sprooch sinn.

Hutt Dir scho weider Projeten am Hannerkapp?

Nee, mir wëlle mat eisen zwee Haaptproduiten (Delano a Paperjam) schaffen, déi weider opwäerten a mat weiderem – nach vläicht méi spezialiséiertem – Contenu an Zukunft fidderen. Wéinst der Corona-Kris hu mir awer missen e puer Upassunge virhuelen.

 Virun allem un den digitale Plattforme vun Delano a Paperjam gouf vill geschafft. Mëttlerweil kann een d’Contenuen als Audioen oflauschteren. Dat ass net déi eenzeg Neiegkeet. Mir hunn och Podcasten a Live-Chats agebaut. Op de soziale Medien hu mer och méi Presenz gewisen a sinn do op ville Kanäl ze erreechen. Mee mir hunn awer net just un der Technologie vun eisen Internetsitte gefeilt, mee mir hunn och e puer Newsletteren erausbruecht. Alles an allem hu mir eis Hausaufgabe gemaach an eisen zwou grousse Marke méi Substanz ginn.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.