Meewäin

Déi gréng Medezin

„Alles neu macht der Mai“ seet en aalt däitscht Spréchwuert. Et schéngt, ewéi wann d‘Pateren dëst Mëtt néngten Joerhonnert méi ewéi eescht geholl hätten. Am Joer 845 schreift den Benediktinermënch Wandalbertus aus dem Klouschter vu Prüm an der Äifel déi éischte Kéier vun engem Gedrénks mam Numm Maiwein. Ufangs Mee hunn d‘Mënchen aus dem Klouschter an de Bëscher d‘Meekraitchen (an Däitschland bekannt ënner dem Numm Waldmeister), dat da voll an der Bléi steet, gesammelt an hunn domat hire Wäin aromatiséiert. De Meewäin ass fir d‘Mënchen eng Zort Medezin, soll hien dach de Kierper nom Wanter entgëften a rengegen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Bekannt a beléift ass dat gréngt Gedrénks haut op ville Plazen an ënner enger ganzer Rei vu Nimm. Maitrank oder Maibowle gëtt e bei eisen däitschen Nopere genannt. Als Meewäin ass en hei zu Lëtzebuerg bekannt, an am Arelerland, wou dee grénge Pättchen alt allze gär als Aperitif op den Dësch kënnt, schwätzen se vun le Maitrank.

Mee wat brauch een alles fir seng Gäscht mat dëser Medezin ze begeeschteren?

  • 1,5 Liter Elbling oder Riesling
  • 0,75 Liter dréchene Cremant
  • 15 Straiss Meekraitchen
  • +/- 50 Gramm rengen Zocker (jee no Wäinzort)
  • 50 Milliliter Cognac
  • 1 Bio-Orange

Placeholder Dummy template

Zoubereedung:

D‘Meekraitche frësch plécken a fir zwou Stonnen an den Tifküler leeën. De Wäin an eng Schossel schëdden an d‘Orange a Scheiwe schneiden. D‘Meekraitchen mat enger Ficelle zu enger Bott zesummebannen a kappiwwer fir eng Stonn an de Wäin dauchen. Onbedéngt drop oppassen, datt d‘Enner vum Still net mat an de Wäi gedaucht ginn! De Cognac derbäischëdden a mat Zocker ofschmaachen.

D‘Glieser ¾ mat Meewäi fëllen a mam Cremant opfëllen. Direkt genéissen.

Prost, op eng gutt Gesondheet!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.