Wie beim Wuert Gewerkschaft u Leit denkt, déi mat roude Fändele wénken an dobäi mat haarder Stëmm méi héich Léin beim Patronat fuerderen, dee läit u sech net falsch: Eng gerecht Entlounung ass traditionell d’Haaptuleies vun all Gewerkschaft – an natierlech och vun de lëtzebuergesche Gewerkschaftsorganisatiounen, wéi zum Beispill dem OGB-L, dem LCGB, der CGFP oder der ALEBA, fir hei nëmmen déi gréisst ze nennen …

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Aktuell sinn iwwer 150.000 Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, Member an enger Gewerkschaft, doran agerechent sinn d’Auslänner, déi all Dag an d’Land schaffe kommen an och déi pensionéiert Gewerkschaftsmemberen. Deemno si ronn e Véierel vun allen zu Lëtzebuerg Beschäftegten syndicéiert.


Aarbechterveräiner gouf et zwar zu Lëtzebuerg schonn am 19. Joerhonnert, déi éischt richteg Gewerkschaften, zu deene sech Bierg- a Schmelzaarbechter vereenegt hunn, sinn awer eréischt 1916 entstanen. Schonn ee Joer drop koum et zu engem grousse Massestreik, mat deem dës nei Verbänn sech d’politesch Unerkennung erstreide wollten – et sollt allerdéngs nach bis 1936 daueren, bis dat Zil erreecht war an d’Gewerkschaften offiziell als Sozialpartner unerkannt goufen. An den nächste Joerzéngte krute si ëmmer méi vun hire Fuerderungen duerchgesat, an och hir Memberszuele si konstant gewuess.


Haut limitéiert sech d‘Roll vun de Gewerkschaften an eiser Gesellschaft net méi eleng op de Kampf fir méi Pai a besser Aarbechtskonditiounen, an zu Streike kënnt et meeschtens nëmmen, wa wierklech keng Eenegung méi méiglech ass. Duerch hir laangjäreg Erfarung si modern Gewerkschaftsvertrieder verséiert a gutt ausgebilt Spezialisten am Sozialdialog, déi hirem Géigner, also dem Patronat, duerchaus Paroli bidde kënnen. „Och wa kee Patron dat géif zouginn“, verréit eng Persoun, déi laang fir eng grouss Gewerkschaft täteg war, „profitéiere Firmecheffen a -besëtzer oft esouguer vun där Zesummenaarbecht, well d‘Gewerkschaftler si net nëmme mat Fuerderunge konfrontéieren, mee si zousätzlech op Mëssstänn am Betrib opmierksam maachen, déi och net an hirem eegenen Interessi kënne leien – sief dat Missmanagement oder Mobbing duerch ongeeegent Responsabeler, schlecht Aarbechtssécherheetsmesuren a villes méi. Doduerch kënnt et dacks zu Reformen, déi natierlech an éischter Linn de Beschäftegten, schlussendlech awer och dem Patron notzen!“

Dat wuel bekanntste Beispill fir en effiziente Sozialdialog op ganz groussem Plang ass d‘national Tripartite, bei där sech Vertrieder vu Regierung, Patronat a Gewerkschaften all Kéiers dann zesummesetzen, wann et schwiereg Verhandlungen zu wirtschaftlechen a sozialen Theemen ze féiere gëtt. Dëse ronnen Dësch ass an de 1970er Joren am Verlaf vun der deemoleger Stolkris aus dem sougenannte Konjunkturcomité entstanen an huet deemools Moossnamen ausgeschafft, fir d’Aarbechtsplazen vun de Betraffenen ze erhalen oder, wann dat net méiglech war, si an aner Secteuren ënnerzebréngen. Eng wichteg Roll huet dobäi den OGB-L-President John Castegnaro (1944-2012) gespillt, dee bei Sympathisanten a Géigner och haut nach als Galiounsfigur fir d’Lëtzebuerger Gewerkschafte gëllt. Wichteg Instrumenter, déi zu där Zäit zesummen entwéckelt goufe fir d’Aarbechtslosegkeet ze bekämpfen, waren ënner anerem d‘Division Anti-Crise an d‘Cellule de reclassement, grad esou wéi verschidde Méiglechkeete fir d’Fréipensionéierung.


Net vergiess gi soll och den Engagement op sozialem, kulturellem an intellektuellem Plang, mat deem d’Gewerkschaften hire Memberen d’Fräizäit verséissen: Dat geet vu gesellege Keelenowenter iwwer multikulturell Museksfester bis zu interessanten Ausflich a Reesen, déi oft am Zesummenhang mat der internationaler gewerkschaftlecher Solidaritéit organiséiert ginn. Mat dësen Aktivitéite soll net zulescht den Zesummenhalt vun de Syndicéierte gefestegt ginn. Doriwwer eraus maachen d’Gewerkschafte natierlech och vill Ustrengungen fir d’Bildung a Weiderbildung: Mat villerlee Formatiounen a Konferenzen gëtt dofir gesuergt, datt de Wëssensstand vun de Beschäftegten ëmmer um aktuelle Stand ass an datt si iwwer hir Rechter informéiert bleiwen!

En Artikel vum Patrick Calzi

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.