E gudde Maufel an eng flott Rees.
Kachen a Reesen, zwee Theemaen déi an eisem klengen Ländchen grouss geschriwwe ginn a vill Lëtzebuerger a Residenten ëmmer erëm op e Neits begeeschteren. Zwou Thematiken déi e gebiertege Minettsdapp säit enger Zäit mat ganz vill Fangerspëtzegefill op Pabeier, an domat de Leit ganz no bréngt. Riets ass vum Bibi Wintersdorf, Joergang 1963. Scho fréi zitt […]
Fastfood oder Slowfood, dat ass hei d’Fro!
Fastfood ass schonn zanter Joerzéngten iwwerall ze fannen. Seng modern Geschicht fänkt wuel viru 75 Joer mat deem éischte McDonald‘s-Restaurant an Amerika un. Fastfood heescht esou vill ewéi séiert Iessen. Fäerdeg Platen, déi einfach preparéiert kënne ginn, nennt ee Fastfood. Ënner Fastfood muss ee sech och Fäerdegplate virstellen, déi fir d‘Masseproduktioun hiergestallt ginn. Beim Fastfood steet […]
Alles a Moossen
D’Analys vun der d’Lëtzebuerger Kichen aus Siicht vun enger Nutricienne Bouneschlupp, e Bifdeck mat Fritten, Kniddele mat Gréiwen – et ass kee Geheimnis: de Lëtzebuerger lieft fir gutt ze iessen. Eng uerdentlech Moolzecht ënner Kolleegen oder mat der Famill, am Beschte mat engem Pättche Wäin dobäi, dat mécht eis hei am Land glécklech. Wie selwer […]
Firwat kënnt d‘Iessen net einfach gerullt?
De Repas sur roues, wuertwiertlech iwwersat Iessen op Rieder, ass am Zweete Weltkrich an England entstanen, wéi eng Fraenorganisatioun am Krichsjoer 1943 fir d’éischte Kéier Iessen un eeler Persounen ausgedeelt huet. Eng revolutionär Iddi, déi an den nächste Joerzéngten a ville weidere Länner hire Wee gemaach huet, sou och zu Lëtzebuerg. De Begrëff Repas sur Roues, […]
Iessen wéi beim Xavier Kieffer!
Huesenziwwi Fir 10 Persoune braucht Dir: 3500 Gramm Hues 100 Milliliter Ueleg 2000 Milliliter roude Wäin 100 Gramm Zwiwwelen 50 Gramm Schalotten Thymian, Lorberblieder a Péiterséileg jee no Goût 150 Gramm Botter 150 Gramm Miel 1000 Milliliter Fong 250 Gramm gereecherte Bauchspeck 400 Gramm Champignonen 150 Gramm Miniënnen 150 Gramm Panéiermiel 120 Gramm Botter […]
Blutint mat roude Friichten
Wat Dir braucht: 1 Blutint 2 Zoppeläffelen „3 Friichten Gebeess“ 2 Zoppeläffelen Ahornsirop Salz a Peffer E puer Blieder Peffermënz Rout Friichten (Äerdbier, Hammbier) Zoubereedung: Den Ahornsirop lues brutschele loossen. De Filet vun der Int wierzen an als éischt op der Hautsäit, derno op där anerer Säit 6 Minutte broden. 10 Minutten op der Dier vum […]
E Stéck vum Paradis matzen an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz
De Mëllerdall, esou muencher Lëtzebuerger ass dat gréngt Stéck Landschaft am Nordosten vum Groussherzogtum e Begrëff. Esou muencher Een denkt un déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz ewéi déi flott Regioun ronderëm d‘Uerschafften Iechternach, Berdorf, Consdorf, Beefort, a Mëllerdall am Volleksmond gär genannt gëtt. Deem Aneren kënnt éischter de Schiessentümpel, dee klenge Waasserfall am Mëllerdall, a gläichzäiteg […]
Och d‘Kache wëll geléiert sinn!
Och wann dat oft ganz einfach ausgesäit, léif Leit, d‘Kache wëll definitiv geléiert sinn! An domat menge mir och net d‘Brode vum Bifdeck an der Pan, déi richteg Kachzäit fir d‘Nuddelen oder déi richteg Wiel vun der Kachtenue. Kach sinn, erfuerdert vill méi. E gudde Geschmaachs- a Gerochssënn, preziist a schnellt Schaffen, Teamfäegkeet, Organisatiounstalent, Kreativitéit, […]
Food Trucken an der Kris
Food Trucken an der Kris E Stéck Amerika zu Lëtzebuerg Et war an ass eng schwiereg Zäit fir den Horesca-Secteur. Déi meescht Baren a Restaurante waren am Abrëll an am Mee am Stëllstand. Wien nach schaffe wollt, deen huet missen op Liwwerungen oder Take-outen, also Menüen fir matzehuele setzen – op der Plaz gëtt et […]
Grillen, méi ewéi nëmmen en Hobby?
Seng Terrass huet hien an eng Baussekiche, ekipéiert mat héichwäertege Grillapparaten, vun deene mir déi meescht komplett onbekannt sinn, verwandelt. Am Hannergrond: gréng Wisen esou wäit d’A kucke kann. Ganz wäit ewech erbléckst een en Trapp Kéi, déi gemittlech viru sech hi grasen. Keng Mënscheséil wäit a breet. E Plakat un der Mauer gëtt den […]