Placeholder Dummy template

3D-Drock zu Biekerech

Wou d’Handwierk op Inklusioun an Digitaliséierung trëfft

Bei Autisme Luxembourg fënnt d’Innovatioun ëmmer méi de Wee an den Alldag vun den Inklusiounsatelieren. Mat engem neie Projet ronderëm den 3D-Drock mécht den Atelier Info-Média e weidere Schrëtt a Richtung digital Produktioun. De Bob Felz, Responsabele vum Atelier an Initiator vum Projet, erkläert eis am Interview, wéi modern Technologie zu engem wichtegen Instrument fir Inklusioun, Kreativitéit an Handwierk gëtt.

KONTERBONT: Wéi ass d’Iddi fir dëse Projet entstanen?

Bob Felz: Eist Zil ass et, modern Technologien an eisen Atelier ze integréieren. Mir probéieren, eisen encadréierte Mataarbechter kontinuéierlech den Ëmgang mat neien digitalen Outile bäizebréngen. Esou entwéckele se nei Kompetenzen an dat stäerkt hiert Selbstwäertgefill. Se léieren, personaliséiert Objeten hierzestellen, an dat fir eisen oder aner Ateliere vun Autisme Luxembourg. Besonnesch flott ass de Moment, wou mat Hëllef vum 3D-Drécker aus der digitaler Iddi e konkreete Produit entsteet.

KB: Ass den 3D-Drock eigentlech en Handwierk?

B.F.: Ech géif vun digitalem Handwierk schwätzen. Och hei brauch een technescht Wëssen an Erfarung. Et muss een déi verschidde Materialie kennen, déi ee fir den 3D-Drock brauch. Ausserdeem muss ee beim Drécker a puncto Temperatur, Vitess an Haftung de richtegen Knowhow léieren.

Am Géigesaz zum traditionellen Handwierk fänkt d’Aarbecht awer um Computer un. Amplaz mat Bläistëft a Pabeier gëtt de Modell digital entworf an esou fir den Drécker virbereet. Trotzdeem bleift d’Handaarbecht e wichtegen Deel vum Prozess. Nom Drécke muss d’Stäipgerüst vum fäerdegen Objet ewechgeholl, geschlaff, gebotzt an déi eenzel Deeler propper zesummegebaut ginn. Genee dës Kombinatioun aus digitaler Technologie an handwierklechem Geschéck mécht de Reiz vum 3D-Drock aus.

KB: Wéi passen Handwierk an Digitaliséierung zesummen?

B.F.: Op den éischte Bléck schéngen dat zwou komplett verschidde Welten ze sinn. Handwierk verbënnt een éischter mat Traditioun, Material a manueller Aarbecht, Digitaliséierung mat Computeren an Ecranen. Am Endeffekt ass d’Technologie awer just en zousätzlechen Outil. De Mënsch als kreative Kapp spillt am Produktiounsprozess eng zentral Roll, déi net vun enger Maschinn ersat ka ginn.

Digital Technologien erméiglechen eng enorm Prezisioun an huelen eis repetitiv Aarbechtsschrëtt of. Doduerch hu mir méi Zäit fir dat, wat wierklech zielt: nodenken, kreativ sinn an nei Léisunge fannen.

PLA Filament

KB: Wéi funktionéieren Handwierk an Inklusioun zesummen?

B.F.: Dat ass eng Kombinatioun, déi ganz gutt funktionéiert. Fir eis encadréiert Mataarbechter ass et immens wichteg, ze erliewen, wat se alles kënnen. Dat mécht se houfreg, gëtt hinne Motivatioun a Selbstvertrauen. Mir passen d’Aarbecht un de Rhythmus an d’Fäegkeete vun all eenzeler Persoun un.

Gläichzäiteg hëlleft esou e Projet och, d’Bild vun eisem Atelier no baussen ze veränneren. Esou gëtt de Leit kloer, datt mir eis Mataarbechter net nëmme beschäftegen, mee zesumme mat hinnen héichwäerteg Produite realiséieren, déi gläichzäiteg en inklusive Méiwäert hunn.

KB: Bleift de Projet op den Atelier Info-Média limitéiert oder kann d’Allgemengheet och dovunner profitéieren?

B.F.: Fir de Moment konzentréiere mir eis op den interne Besoin. Mir wëllen als éischt eis Servicer ausbauen an déi aner Ateliere vun Autisme Luxembourg ënnerstëtzen. Op méi laang Siicht wëlle mer den 3D-Drock awer och fir extern Clienten ubidden, eis Aktivitéiten diversifizéieren an dobäi weisen, wat fir en Knowhow an eisem Atelier stécht.

KB: Wou leien aktuell déi gréisst technesch Erausfuerderungen?

B.F.: Mir schaffe mam FDM[1]-Verfaren. Dat ass propper, zouverlässeg an einfach ze benotzen, huet awer och seng Grenzen. D’Uewerfläch gëtt net ëmmer komplett glat, den Drock brauch Zäit a fir verschidde Stécker ass et essenziell, Stäipgerüster matzedrécken, déi dono erëm mussen ewechgeholl ginn.

Mir benotzen haaptsächlech PLA[2]. Dat Material reagéiert empfindlech op Hëtzt. Bei iwwer 50 Grad kann den Objet mëll ginn a sech verformen. Et ginn zwar méi resistent Materialien ewéi zum Beispill ASA[3], mee déi erfuerdere méi opwändeg Sécherheetsmoossnamen, op déi mir de Moment nach bewosst verzichten.

KB: Wéi gesäis du d’Zukunft vum 3D-Drock an zéng Joer?

B.F.: Ech mengen, datt d’Technologie nach méi prezis, méi performant a méi bezuelbar gëtt. Gläichzäiteg wäerten nei Materialien op de Marché kommen, déi méi nohalteg sinn an ënnerschiddlech Eegenschafte wéi méi Flexibilitéit, Stabilitéit oder Ëmweltfrëndlechkeet matbréngen.

Wat sech awer net ännere wäert, ass d’Roll vum Mënsch. Och an Zukunft brauch et Kreativitéit, Fachwëssen an Erfarung, fir digital Modeller ze entwéckelen an d’Produktioun ze iwwerwaachen.

Ech sinn iwwerzeegt, datt inklusiv a lokal Strukture wéi Autisme Luxembourg sech zu wichtege Plaze fir personaliséiert Produktioun a geziilt Reparaturen entwéckele wäerten. D’Technologie vu muer wäert méi wéi jee op de Mënsch ugewise sinn, fir hiert ganzt Potenzial kënnen ze entfalen.

En Interview vum Carlos Entringer

[1] FDM (Fused Deposition Modeling): Dat ass eng 3D-Dréckmethod, bei där geschmoltene Plastik Schicht fir Schicht opgedroe gëtt, fir esou en Objet hierzestellen.

[2] PLA (Polylaktesäure): Dat ass e biologesch ofbaubare Plastik, deen einfach ze verschaffen ass an dacks am 3D-Drock agesat gëtt.

[3] ASA (Acrylonitril-Styrol-Acrylat): Dat ass e Plastik, deen UV-Stralen, Wiederaflëss an Hëtzt gutt aushält a meeschtens fir Objete benotzt gëtt, déi dobaussen an den Asaz kommen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.