Säit d’ASBL Repair Café Lëtzebuerg 2014 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf, hu sech ronn 450 Benevollen ugemellt. D’ASBL huet am leschte Joer 122 Eventer vu ronn 50 Gruppe respektiv Gemengen organiséiert, an all Grupp huet mindestens véier bis fënnef Benevollen. „Ouni dës Leit wär dat sécherlech net ze stemmen“, seet hien. Dat heescht awer och, datt theoreetesch all Weekend iergendwou iergendee Repair-Café net ze wäit ewech misst stattfannen. „Dëst Joer wäerte mer d’Zuel vun den Eventer weider toppen“, ass hien sech sécher.
Als Coordinateur bei der ASBL CELL (Citizens for Ecological Learning and Living) ass de Ben Bossi den éischten Uspriechpartner, wann een zu Lëtzebuerg e Repair-Café wëll opmaachen. Dobäi ass Repair Café Lëtzebuerg eng eegestänneg ASBL, déi Reparatur-Treffen organiséiert, d’Reparateure vernetzt an d’Ëffentlechkeet uschwätzt. Dëst mécht d’ASBL also mat Hëllef vu CELL, déi Repair Café Lëtzebuerg als Deel vun hirem Projet fir eng ekologesch a gesellschaftlech Transitioun ënner d’Äerm gräift. Dobäi gëtt CELL vum Ëmweltministère finanzéiert a Repair Café Lëtzebuerg huet eng Konventioun mat der Gemeng Mäerzeg.
„Esou kréie Gemengen, déi am Klimapakt dra sinn, Punkten, wann se e Repair-Café organiséieren“, erkläert de Ben Bossi. Hie selwer kuckt da mat Repair Café Lëtzebuerg, wéi een dat konkreet kann op d’Bee stellen. „An eiser Konventioun ass virgesinn, datt mer d’Repair-Caféë fir Gemengen, Entreprisen a Schoule maachen.“ Och hie selwer ass op villen Events dobäi an huet schonn eng jett bäigeléiert. „Ech kann elo selwer Saache léiden an Objeten ewéi Luuchte reparéieren“, seet hien net ouni Stolz. Mee un d’Häerz vun der Elektronik traut hien sech (nach) net erun.
An der Moyenne kann ee soen, datt ronn 60 Prozent vun de Géigestänn, déi d’Leit matbréngen, direkt sur place reparéiert kënne ginn. Heiansdo sinn d’Geräter esou spezifesch, datt een dann un en anere Repair-Café weidergeleet gëtt, wou sech dee spezifesche Spezialist befënnt. Munchmol kommen d’Leit awer och eran a soen, datt hir Maschinn net méi geet. „Mir kucken dann an, ouni eppes ze maachen, funktionéiert erëm alles.“
De Ben Bossi erzielt eis, datt emol e Fechter mat engem Deegen erakoum. Well bannendran e Kabel gerass war, huet den Deege beim Fechte keng Treffer méi un d’Meldeanlag gesent. Méi heefeg ewéi en Deege sinn awer al Bitzmaschinnen, déi net méi funktionéieren an de Wee an e Repair-Café fannen. Ëmmer erëm héiert de Ben Bossi, datt d’Leit sech zwar schonn eng nei Bitzmaschinn kaaft hunn, awer eigentlech vill léiwer mat där aler géife schaffen. „Déi kréie mer meeschtens reparéiert, och well mer e Spezialist hunn, un deen ee sech ka wenden, falls d’Reparatur sech als méi komplex erausstellt.“
Am Prinzip kann ee soen, datt dräi Véierel vun de Géigestänn, déi an e Repair-Café bruecht ginn, Elektrogeräter sinn. An dësem Kontext weist de Ben Bossi drop hin, datt vill vun dëse Géigestänn deels absichtlech esou gebaut goufen, datt eng Reparatur ganz schwiereg bis bal onméiglech ass.
Wéi kommen d’Repair-Caféen da bei de Leit un? De Ben Bossi war zwar net vun Ufank un dobäi, „mee wat ee sécher ka soen, ass, datt mir bis elo e risegen Erfolleg haten, e groussen Zousproch. D’Leit sinn immens frou, datt et rëm eng Méiglechkeet gëtt, eppes reparéieren ze loossen.“ Dëst géif zumools fir eeler Leit gëllen, déi dat nach vu fréier kannt hunn. Mee och déi Jonk kéimen ëmmer méi op de Goût.
A wat huet et dann eigentlech mam Kaffi op sech? Schliisslech schwätze mer jo déi ganzen Zäit vu Repair-Caféen. Bei dësen Events geet et zwar prioritär drëms, Geräter ze reparéieren, mee net nëmmen. „Et si virun allem och sozial Eventer, wou een sech trëfft, sech austauscht a sech mat Kaffi a Kuch beieneen un en Dësch setzt, och wann een sech virdru vläicht nach net kannt huet“, erkläert de Ben Bossi. „De Prinzip ass jo, datt Bierger anere Bierger hëllefen, souzesoen eng Hëllef zur Selbsthëllef ubidden.“ Hie seet, datt et net esou ass, datt ee säi futtist Gerät am Café ofstellt a méi spéit erëm siche kënnt. „Et soll een op d’mannst derbäi sinn, wann et gefléckt gëtt.“ Dat wär d’Iddi hannendrun, fir datt ee vläicht och eppes derbäi léiert. Dobäi kënnt dann de versécherungstechneschen Aspekt. Jiddereen, deen e Gerät matbréngt, muss ënnerschreiwen, datt en domadder averstanen ass, datt d’Reparateuren dono kucken däerfen.
Wat dreift dann d’Reparateuren un, fräiwëlleg a gratis hir Samsdeger an engem Repair-Café ze verbréngen an un anere Leit hire Maschinnen ze schrauwen? „Et ass hiren Hobby“, seet de Ben Bossi. „Si maachen dat gären.“ D’Reparateuren treffen hei op Gläichgesënnter, kënnen sech austauschen, anere Leit hëllefen a léieren och ëmmer erëm eppes Neies derbäi. „Iwwregens siche mir ëmmer nach Leit, déi bitze kënnen, well mir reparéieren och Kleeder“, sou de Ben Bossi. Gesicht ginn och Leit, déi sech mat Vëloen auskennen, Bijoue flécken oder Kannerspillsaache reparéieren. Wien interesséiert ass, kann sech um Formulaire op der Websäit vun de Repair-Caféen umellen.
Wéi géif dann dat perfekt Reparéier-Netzwierk a fënnef Joer ausgesinn, wëlle mir vum Ben Bossi wëssen. „Vläicht ass et e bëssen onrealistesch, mee am beschte wär et, wann d’Geräter alleguerten esou gebaut wären, datt d’Reparatur ganz einfach wär an datt dowéinst vill kommerziell Butteker kéinten entstoen, déi vun der Reparatur vun de Geräter liewe kéinten“, sou säi Wonsch. Reparateur kéint senger Meenung no an Zukunft also e richtege Beruff ginn.
Als Undeitung un de séiere Mausklick op der Online-Plattform seet de Ben Bossi, datt een net den Instinkt sollt hunn, ëmmer eppes Neies ze bestellen. Eppes Ales ze reparéieren huet an sengen Aen e gewëssene Charme an dofir wënscht hien sech: „Et wär flott, wann dës Mentalitéit erëm méi an d’Moud géif kommen.“
En Artikel vum Eric Rings
D’Grondiddi vun der weltwäiter Repair-Café-Beweegung geet op eng Initiativ vun der Martine Postma zeréck. Si ass eng hollännesch Ëmweltaktivistin a war fréier Journalistin. Si wollt vermeiden, datt gutt Maschinnen, déi een eigentlech ganz einfach ka flécken, einfach ewechgeheit ginn. Dofir huet si am Joer 2009 deen éischte Repair-Café zu Amsterdam organiséiert. Den Erfolleg war esou grouss, datt si déi international Stëftung Repair Café gegrënnt huet. Haut ginn et Dausende vun deenen Initiativen an Dosende Länner. Hiert politescht Zil hannendrun ass et, eng besser Kreeslafwirtschaft ze schafen a méi e staarkt „Recht op Reparatur“ bei de Produiten ze erreechen, fir datt dës méi laang genotzt a méi liicht reparéiert kënne ginn. Dëst féiert dozou, datt net nëmmen Offall vermeit gëtt, mee och handwierklecht Wësse bewaart a weidergi gëtt.
Eng Hellewull Géigestänn ginn deels absichtlech esou gebaut, datt eng Reparatur ganz schwiereg bis bal onméiglech ass. Dat kënne plastiks Stécker sinn, déi beim Opmaache futti ginn oder Deeler, déi gepecht sinn an net auserneegeholl kënne ginn. Dëser sougenannter Obsoleszenz, bei där Hiersteller dem Produit eng absichtlech verkierzte Liewensdauer abauen, soll en neit EU-Gesetz entgéintwierken. Allerdéngs betrëfft dëst „Recht op Flécken“ net alleguer d’Geräter, mee just ausgewielte Kategorien, an deenen éischter méi grouss Maschinnen ewéi Staubsauger, Frigoen oder Wäschmaschinne sinn.
Mat Ausnam vum Staubsauger, deen sech an den Topp 3 vun de Repair-Café-Geräter befënnt, sinn déi gängeg Produiten net vum neie Gesetz betraff. Kaffismaschinnen, allméiglech kleng Kichemaschinnen oder Raséierapparater sinn net dervu betraff. „Et sinn awer genee dës Elektrogeräter, déi am meeschten an d’Repair-Caféë bruecht ginn“, seet de Ben Bossi. „Mir begréissen d’Initiativ, mee bemängelen, datt eigentlech all Gerät reparabel sollt sinn.“ Lëtzebuerg huet d’Gesetz nach net ratifizéiert. Handyen a Laptoppe sinn iwwregens och net dervu betraff, well dës an enger eegener Kategorie sinn.