Op de leschte Meter vun Esch2022 mam Nancy Braun

Mat hire markante groen Hoer an dem Pony-Schnëtt ass d’Nancy Braun mëttlerweil eng Aart Kultfigur zu Lëtzebuerg ginn. Zanter 2018 ass déi gebierteg Ettelbréckerin Generalcoordinatrice vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 an huet domat wuel déi komplexst Roll vum Projet.

Matzen dran oder just derbäi?

D’Kulturfabrik zu Esch, am Volleksmond kuerz Kufa genannt, ass deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff. Niewent dem Carré Rotondes, dem Cube 521 an dem Kinneksbond ass se eent vun de wéinegen Haiser zu Lëtzebuerg, wou praktesch all Zort vu Kultur eng Plaz fënnt.

Wann den Alldag Konscht ass

Laang ass et geplangt ginn, elo ass et sou wäit: Esch an d’Gemenge ronderëm – op Lëtzebuerger a franséischer Säit – sinn zesummen europäesch Kulturhaaptstad. Wat gesäit een elo schonn alles vun Esch2022?

Ëmmer nees zu neiem Liewen erwächt

Si waren 2007 den Epizentrum vun der deemoleger europäescher Kulturhaaptstad. Net nëmmen d’Ouverture vun dësem Event huet do stattfonnt, mee och ganz vill kulturell Veranstaltungen: Rieds geet vun de Rotonden zu Bouneweg, déi schonn eng laang an och facettëräich Geschicht hunn.

E Piano op Reesen

Mat engem Hocker, engem Filmteam an engem Pianostéck reest den David Ianni vun enger Kulturhaaptstad an déi aner, fir engem breede Publikum (seng) Musek zougänglech ze maachen. D’Revue huet de Lëtzebuerger Pianist a Komponist zu Schëffleng getraff.

Hariko, fräien Zougang zur Konscht fir Jugendlecher

D’Zil vum Projet Hariko, dee vum Lëtzebuerger Roude Kräiz bedriwwe gëtt, ass et, Jonker fir Konscht ze begeeschteren an hinnen en einfachen a fräien Zougang zu dëser ze erméiglechen. De Startschoss vum Projet war am Joer 2015 zu Bouneweg. Den Numm Hariko, deen de Konschtprojet sech ginn huet, ass eng Allusioun op den Numm vum Quartier „Boun“.

En Héichuewen als Noper

Och wann déi 124 Hektar Land, ëm déi et hei geet, net all op dem Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht leien, sou schwätzt dach bal jidderee vun Esch-Belval, wann et ëm dee Chantier geet, deen europawäit ënner den 10 éischte läit, wat d’Gréisst an d’Wichtegkeet ubelaangt. Deen erwäänten Terrain tëschent Esch a Bieles (Gemeng Suessem) huet eng Geschicht, op déi et derwäert ass, anzegoen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.