Walflicht? Walrecht?

Walflicht oder Walrecht – wiele mussen oder wielen däerfen. Op dëst Thema stéisst een ëmmer erëm, wann een sech mat der Politik befaasst. An deenen enge Länner ass et eng Flicht, als Staatsbierger wielen ze goen, an deenen aneren ass et eng perséinlech Wiel …
75 Joer an nach ëmmer jonk a frësch

Ganz ouni Pomp presentéiert sech den 9. Dezember 1939 d‘Revue dem Lëtzebuerger Lieser, op der éischter Säit eng schwaarz-wäiss Foto vum Prënz Felix a sengem Bouf Jean ewéi se uechter d‘Stroosse vun New York spadséieren. Eng weider Wochenzeitung mat politeschen Theemen, huet deemools wuel esou munchereen sech geduecht.
Nei Informatiounskultur

Aus deem Zäitalter wéi dat, wat an der Zeitung stoung, als absolut an eenzeg Wouerecht ugeholl gouf, si mir wuel eraus. Mam Opkomme vum Internet krut d’Press déi eenzegaarteg Roll fir ze informéieren ewechgeholl. Mëttlerweil gëtt et eng ganz Rei vun ënnerschiddleche Méiglechkeete fir un Informatiounen ze kommen, dorënner och iwwer déi sozial Medien.
Ouni Arbitter gëtt et och kee Match!

Et gëtt ee vernannt, ugejaut an heiansdo esouguer aggresséiert: Wien als Arbitter um Terrain steet, deen huet et net ëmmer einfach, well all Decisioun ass deem enge seng Freed an deem anere säi Leed.
De Lëtzebuerger Fussball:

Zu Lëtzebuerg gëtt Fussball um héchsten Niveau an der BGL Ligue gespillt. Sinn déi Investoren aus dem Grand-Duché an iergendenger Aart a Weis mat deenen aus dem Ausland ze vergläichen? D’Äntwerte fënns du an dësem Artikel.
De Kinnek ënner de Medien oder just ee vu villen?

Zënter 1969 gëtt d’Medielandschaft vum klenge Grand-Duché vun engem Haus staark dominéiert: dem RTL Lëtzebuerg, deen zur Duechtergesellschaft CLT-UFA vum internationalen RTL Group gehéiert. Sief et um Radio, op der Tëlee oder um Internet – wien um neiste Stand wëllt bleiwen, dee kënnt (quasi) net laanscht RTL. Mee wéi ass et mat deenen anere grousse Medienhaiser? Kënne si beim Noriichte-Maachen iwwerhaapt mathalen, oder hält RTL (s)eng Monopolstellung, déi dach iergendwéi net ze iwwersinn ass? Froen, déi och op anere Plazen déck diskutéiert ginn.
Nei Weeër, nei Medien

En Atelier protégé deen eng digital Zeitung op Lëtzebuergesch eraus gëtt. Eng Traditiounszeitung déi no méi ewéi 70 Joer alles iwwer de Koup geheit an nei Weeër geet. 3 Journalisten déi mat investigativem Journalismus géint de Populismus virginn, an e Jugendmagasinn dat beweist datt eng Zesummenaarbecht vun zukünftege Journalisten iwwer d‘Landesgrenzen eraus ouni Problemer funktionéiere kann.
An 4 Artikele stelle mir dir 4 nei a modern Forme vu Journalismus fir.
Journalismus

Dir kennt en all aus de Mickimausen: de Klischee vum Journalist als „rasender Reporter“, mat engem Trenchcoat an engem Hutt un, an deem sengem Bändchen en Ziedel stécht, op deem „Press“ steet, de Fotoapparat oder de Bic an de Block am Grapp. Natierlech ass et am richtege Liewen net wierklech esou – awer bal.
Am permanenten Asaz

Lëtzebuerg zielt de Moment 513 vum Presserot unerkannte Beruffsjournalisten. An deem kuerze Saz leien d’Wierder Journalist a Press dran, ëm déi et an dësem Artikel haaptsächlech geet. Als Journalist mat iwwer 30 Joer Beruffserfarung, als laangjärege President an och Generalsekretär esouwuel vum Presserot wéi och vum Journalisteverband erlaben ech mer haut, déi zwou genannten Institutiounen aus menger Siicht virzestellen.
Lëtz make art!

Wann een d’Wuert Festival héiert, dann denkt een direkt u Summer, haart Musek, knaschteg Gummisstiwwelen um Camping a virun allem: eng megagäil Zäit. Gutt Vibes gëtt et awer net nëmme vun der Bühn, well Festivalen hunn nach vill méi ze bidden, wéi just Lidder fir matzegröhlen. Wien sech e bëssen an der Zeen auskennt, dee […]