Partnersich 2.0: „Amore” iwwer Ëmweeër

Deslescht war erëm eng Kéier esou en Dag. Wësst Dir, ee wou een sech net esou richteg wuelfillt a senger Haut, iergendwéi näischt klappe wëll an een einfach just eng déck Ëmaarmung vum Partner brauch. Eigentlech eng ganz banal Saach, wann do net e klengen Hoke wier: et ass ee Single. Wann een dann no […]
Déi Jonk sinn iwwerproportional vun der Wunnengsdeierecht betraff

Fir déi jonk Leit ass d’Deierecht vum Logement ganz besonnesch problematesch, verréit eis de Liam Bremer, President vum Jugendrot, am Gespréich.
Gutt awer och schlecht Zäiten

Den Datum vun der Hochzäit ass endlech fonnt. Et war e ganz grousst Stéck Aarbecht bis dohin. Wou fanne mer e Paschtouer, deen nach Zäit huet, wou gëtt et e Restaurant, dee genuch Plazen huet, oder eventuell e Festsall vun enger Gemeng, deen nach fräi ass? Entscheede mer eis fir e Festsall, da musse mer […]
Sech scheede war nach ni esou einfach!

Sech bestueden, en Haus bauen oder kafen a Kanner kréien. Esou oder esou ähnlech ass meeschtens de Plang vun enger Koppel. „Bis datt der Doud Iech scheet“, seet de Paschtouer, wann se virun him steet. Awer ëmmer méi dacks mierkt ee vun de Partner, datt en net op der Doud waarde wëllt. Et ass dann […]
Lëtzebuerg am Discoféiwer

De Lord’s Inn an de Standing zu Esch… de Flashback zu Uewerkuer… den Dauphin zu Déifferdeng… den Tornado zu Péiteng… den New Oldie am Préizerdaul… de Pôle Nord, de Melusina, de Byblos an den Didgeridoo an der Stad… : Dat sinn nëmmen e puer Nimm vun Discoen, mat deene vill Leit schéin Erënnerungen aus der […]
Films “made in Luxembourg”

Filmer aus Lëtzebuerg Wou de Monsieur Hublot an de Superjhemp hierkommen Spéitstens säit de Laurent Witz 2014 den Oscar fir dee beschten animéierte Kuerzfilm fir säi Monsieur Hublot kritt huet, ass och eist klengt Ländche keen onbeschriwwent Blat méi an der weltwäiter Filmlandschaft. A mat der Verfilmung vun eisem Lëtzebuerger National-Kachkéis-Held, dem Superjhemp, ass erëm […]
Léift geet duerch..… de Portmonni?

Eng Stuff voller Fraen, vill Geschnadders, geselleg Atmosphär. Eng vun de Frae schéngt d‘Wuert ze féieren, déi aner lauschteren interesséiert no, probéieren, paken un, stelle Froen. Fotoen: Claude Piscitelli Dat ass dat „klassescht” Bild vun enger sougenannter Verkafsparty – wann dat Iech näischt seet: Si gëtt och „Tupperparty” genannt – no dem Mann, deen um […]
Léift an all senge Faarwen

Vältesdag steet virun der Dier. An dat ass bekanntlech den Dag vun der Léift. Allerdéngs kann nach laang net jiddwereen sech un deem besonneschen Dag esou richteg erfreeën. Eng Kategorie vu Leit, fir déi et och 2019 nach ëmmer net esou selbstverständlech ass, fir ëffentlech zu hirer Léift ze stoen, si Schwuler a Lesben. Natierlech […]
Léift geet duerch de Mo…

… also firwat net säi Léifst oder säi Léifsten op Vältesdag mat engem selwer gemaachte Liebesknochen oder enger Pomme d‘amour iwwerraschen a mat dësem Cadeau d‘Häerz an de Mo zum Laache bréngen? Mee wat huet et op sech mat där Schank a mat deem Apel? A wéi maachen ech dat eigentlech? Wat hunn dës Schneekegkeete […]
Eechternoacher Foasicht

Schonn iwwer 130 Joer gëtt et se schonn zu Eechternoach, d’Foasicht, also zënter 1885. Et soll een awer net mengen, datt et virun 1885 keng Fuesent zu Iechternach gouf. „D‘Fueszäit“, huet de Professer Dominik Constantin München ëm 1815 festgehal, „gëtt vu Liichtmëssdag bis Äschermëttwoch am ganze Land méi oder wéineger gefeiert. Baler, Kavalkade sinn dann […]