Films “made in Luxembourg”

Filmer aus Lëtzebuerg

Wou de Monsieur Hublot an de Superjhemp hierkommen

Spéitstens säit de Laurent Witz 2014 den Oscar fir dee beschten animéierte Kuerzfilm fir säi Monsieur Hublot kritt huet, ass och eist klengt Ländche keen onbeschriwwent Blat méi an der weltwäiter Filmlandschaft. A mat der Verfilmung vun eisem Lëtzebuerger National-Kachkéis-Held, dem Superjhemp, ass erëm e Stéck Lëtzebuerg op de groussen Ecran komm.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Mee wou ginn dës Filmer eigentlech produzéiert? Eventuell esouguer am Ausland? Mir hunn eis op d‘Sich gemaach, a fonnt hu mir e pechschwaarzt Gebai an der Kielener Industriezon. Filmland steet op der Dier.

„Op méi ewéi 4000 m² fënnt een hei véier Filmstudioen, zwee Konstruktiounsatelieren, Toun- a Schnëttstudioen, en Auditorium, awer och 500 m² Bürosräim, déi enger Hellewull vu Produktiouns- an Animatiounsfirmaen an anere Spezialisten aus der Filmbranche en Doheem bitt“, erzielt eis de Jérôme Tewes, Studio Manager vum Filmland, deen eis kuerz hanner der Dier empfänkt.

Mam Filmland si perfekt Konditioune geschafe ginn, fir Filmer ze produzéieren. Virdru waren d‘Konditiounen alles anescht ewéi gutt. Gedréit gouf oft an den alen Industriehale vun der TDK zu Nidderkäerjeng, an dëst war alles anescht ewéi e perfekt Ëmfeld fir eng Filmproduktioun.

Sechs Firmaen aus der Lëtzebuerger Filmbranche (Bidibul Productions, Codeca, IRIS Productions, LUCIL, TARANTULA a Paul Thiltges Distributions) wollten dëst änneren an hunn am Joer 2012 Neel mat Käpp gemaach. Enn 2012 gëtt e groussen Deel vum Gebai fäerdeg an am selwechte Mount fänken och schonn déi éischt Dréiaarbechten an de Studioen un. Zur selwechter Zäit sinn d‘Ateliere vum Filmland nach am Bau. Dës ginn eréischt am Mee 2013 fäerdeg.

Niewent wuelbekannte Lëtzebuerger Filmer wéi dem Doudege Wénkel, de Rusty Boys oder och Documentairen iwwer d‘Gebridder Schleck oder de Fausti, déi vun A bis Z am Filmland produzéiert ginn, entstinn och international Filmer, respektiv international Coproduktiounen ewéi MURER – Anatomie eines Prozesses zu Kielen. An och bekannte Schauspiller hu schonn an de Studioe vum Filmland hir Spuren hannerlooss. Esou hu schonn d‘Emma Watson (bekannt aus Harry Potter) an den Hugo Weaving (bekannt aus Matrix an dem Herr der Ringe) hei gedréit.

„Mir sinn e One Stop Shop“, erzielt eis de Jérôme Tewes. „Du kënns mat denger Iddi oder mat dengem fäerdege Skript, mir këmmeren eis ëm de Rescht. Net nëmme fir Filmer, och Kuerzfilmer, Reklamme fir op de Fernsee oder an de Kino esouwéi Reportagen entstinn hei.“ Zéng Firmae mat ronn 70 Persoune schaffen hei Hand an Hand ënner engem Daach. Ob et ëm digital Animatioun, Spezialeffekter, Toun a Musek, de Bau vun den Dekoren oder d‘Distributioun geet, alles dat kann d‘Filmland bidden.

Mam Filmland huet sech d‘Filmlandschaft zu Lëtzebuerg verännert, mécht ëmmer méi op sech opmierksam a schaaft gläichzäiteg och nei Aarbechtsplazen. Eis Schoulen droen deem Rechnung. Scho säit e puer Joer bitt de Lycée des Arts et Métiers mam „BTS Cinéma et Audiovisuel“ an „BTS Dessin d‘Animation“ engem jonke Schüler d‘Méiglechkeet, sech a Richtung Kino a Fernsee ze orientéieren. An Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg huet een säit dem Schouljoer 2018/2019 neierdéngs d‘Méiglechkeet, am Beräich vun der Animatioun säi Bachelor ze maachen.

Filmland, eng lëtzebuergesch Story mat Happy End.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.