Sech bestueden, en Haus bauen oder kafen a Kanner kréien. Esou oder esou ähnlech ass meeschtens de Plang vun enger Koppel. „Bis datt der Doud Iech scheet“, seet de Paschtouer, wann se virun him steet. Awer ëmmer méi dacks mierkt ee vun de Partner, datt en net op der Doud waarde wëllt. Et ass dann net de Sensemann, deen dem Bestietnes en Enn mécht, mee e Riichter. An dësen hält sech un d‘Scheedungsgesetz, dat viru Kuerzem enger Reform ënnerzu gouf.
D‘Recht op eng Scheedung gëtt et säit 1803, wou Lëtzebuerg ënner dem Regimm vum Napoleon stoung. Allerdéngs goufen et deemools streng Reegelen, wat d‘Scheedung am géigesäitegen Averständnes betrëfft, wéi zum Beispill d‘Fra huet net däerfe méi al si wéi 45 Joer, d‘Bestietnes net méi laang si wéi 20 Joer an d‘Elteren hu missen deem zoustëmmen.
Eréischt e Gesetz am Februar 1975 huet déi streng Reegele fir d‘Scheedung am géigesäitegen Averständnes opgehuewen. Kuerz drop, fir genee ze si September 1978, koum dann och „séparation de fait“, déi länger offensichtlech Trennung vun de Partner. No an no goufen nach Upassunge gemaach, fir d‘Prozedure weider ze vereinfachen.
Säit November 2018 ass dunn déi rezentste Reform komm, déi an éischter Linn Prozedure weider vereinfache soll, ewéi och e puer aner Upassungen. Déi wesentlech Punkte vun dëser Reform wëlle mir Iech elei virstellen.
D’Scheedungsformen
Haut ginn et just nach zwou Scheedungsformen, nodeems de Scholdprinzip ofgeschaaft ginn ass: d‘Scheedung am géigesäitegen Averständnes, woubäi den Delai vun 2 Joer an de Mindestalter vun 23 Joer gestrach goufen, an d‘Scheedung aus engem gescheiterten Zesummeliewen. Elei freet ee vun de Partner eesäiteg d’Scheedung un. Wann deen anere Partner net wëllt gescheet ginn, kann d’Geriicht en Delai vu maximal dräi Méint spriechen, deen ee Mol ëm weider dräi Méint ka verlängert ginn. No deem Delai gëtt d’Scheedung awer gesprach, wann dee Partner, deen d’Scheedung gefrot huet, se nach ëmmer wëllt. Wat d‘Alimenter fir den Ex-Partner ugeet, kann de Riichter déi elo méi flexibel upassen, andeems déi finanziell Lag, den Alter a sou weider a Betruecht gezu ginn. Ausserdeem gëtt d‘Dauer vun den Alimenter, déi den Ex-Partner zegutt huet, un d‘Dauer vum Bestietnes gebonnen, dat heescht, Dir bezuelt am Prinzip net méi laang Alimenter ewéi Dir bestuet waart! Hei ginn et awer Ausnamen. Den Ex-Partner kann ausnahmsweis och iwwert d’Dauer vum Bestietnes eraus Alimenter kréien, wann hien an engem „état de besoin” ass, deen net selwer verscholt ass.
De Familljeriichter
D‘Prozeduren, déi sech ronderëm eng Scheedung gedréit hunn, sinn oft iwwer verschidden Instanze gelaf, sief et d‘Zivilgeriicht, d‘Friddensgeriicht an de Jugendriichter, fir der just e puer ze nennen. Dofir gouf elo nei de Familljeriichter agefouert, deen net nëmmen iwwer Bestietnes- a Scheedungsfroen entscheet, mee och iwwert d‘Suergerecht, d’Alimenter oder d‘Tutelle. Dëst soll engersäits d‘Prozedure vereinfachen an anerersäits e bessert Gesamtbild iwwer d‘Lag vun der Famill ginn. Zukünfteg duerch déi nei Reform soll een a spéitstens siwe Wochen no der éischter Demande „en divorce” e Rendez-vous virum Riichter hunn. Wann eng Partei am Ausland wunnt, kann deen Delai awer méi laang sinn.
Nei ass och, datt Mineuren sech kënne selwer un de Familljeriichter riichten, fir zum Beispill eng Ännerung vum Suerge- oder Besuchsrecht unzefroen.
„Divorce pour faute“ – Scholdprinzip
Wann een e Bestietnes ageet, geet ee gläichzäiteg och Rechter a Flichten an. Wann ee mengt, sech scheeden ze loossen, well de Partner dëse Rechter oder Flichten net nokomm ass, huet een dësem missen e Feeler beweisen. Dëst huet oft zu engem laangen an och oft gëftege Sträit gefouert, net nëmmen tëschent deene Betraffenen, mee och tëschent de Familljen. Grad wa Kanner am Spill sinn, kann dat fir si zu engem Trauma ginn. Fir dee Risiko ze reduzéieren, gouf de Scholdprinzip ofgeschaaft. Komplett verschwënnt d’Notioun vun der Schold awer net. Bei verschiddenen Doten, wéi zum Beispill Gewalt géint d‘Kand oder de Partner, kann den Täter verschidden Avantagë verléieren, wéi zum Beispill säi Recht op Alimenter.
Suergerecht
Dat elterlecht Suerge – an Erzéiungsrecht gouf un d’gesellschaftlech Realitéiten ugepasst. Soumat ass et irrelevant, ob Eltere bestuet, gepacst oder näischt vun deem sinn. Béid verfügen iwwert e gemeinsamt Suergerecht. Och wann d’Eltere gescheet ginn, gëllt am Prinzip weiderhin dëst gemeinsamt Suergerecht. A spezielle Fäll kann d’Suergerecht allerdéngs och weiderhi just engem vun den Elterendeeler zougesprach ginn. Bei geriichtlechen Entscheedunge steet ëmmer dat iwwergeuerdnet Interessi vum Kand am Vierdergrond.
Zwou Froen un de Felix Braz, Justizminister:
D‘Kanner sinn déi, déi am meeschten ënner enger Scheedung leiden. Sinn hei an Zukunft Strukturen virgesinn fir dës Kanner psychologesch ze betreien an hinnen eng Méiglechkeet ze ginn sech ausserhalb dem gewinnte Kader auszedrécken?
Eent vun den Ziler vun dem neie Gesetz ass et, d’Scheedungen esou wäit wéi méiglech ze pacifiéieren, virun allem am Interessi vum Kand. An deem Sënn gëtt och den Divorce pour faute ofgeschaf, deen an der Vergaangenheet zu besonnesch vill Streidereien tëschent den Elteren gefouert huet. D’Gesetz encouragéiert och d’Médiatioun am Kontext vun der Scheedung. Spezifesch nei Strukturen fir Kanner am Kader vun enger Scheedung psychologesch ze betreien ginn vun dësem Gesetz net geschaf. Weider Informatiounen iwwer besteeënd Strukturen fënnt een um Internet Site vum Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
Bei enger Scheedung sinn och meeschtens Kanner mat am Spill. Oft gëtt no der Scheedung ëm d‘Geld fir d‘Kanner, also d‘Alimenter gestridden. An och am neie Gesetzestext ass dëst net, wéi zum Beispill an Däitschland duerch d‘Düsseldorfer Tabelle, geregelt, mee geet duerno opwändeg viru Geriicht erstridden, wat de Steierzueler Geld, an déi Betraffen vill Nerve kascht. Ass hei och eng Ännerung a Sicht?
Dat neit Gesetz gesäit keng Tabell nom Modell vun der Düsseldorfer Tabelle vir. D’Alimenter ginn weiderhin vum Riichter festgeluecht. De Montant hänkt of vun de Besoinen vum Kand an de Fakultéiten vun den Elteren. Dëst soll dem Riichter erlaben, an all Fall op déi konkret Situatioun vun der Famill Rücksicht ze huelen, onofhängeg vun enger Tabell.