Kal, kal, waarm … 1535° Creative Hub Differdange

Zu Déifferdeng goung an der Zäit rieds vun der Schräinerei, dem Zilleschapp an dem Kesselbetrib. Dat sinn Nimm vu Gebaier aus der Stolindustrie – wou d’Fusiounstemperatur vu 1535 Grad wichteg war.
… duerch d’Latte gaangen!

Wa mir soen, datt eis eppes „duerch d’Latte gaangen ass“, da wëlle mir domat ausdrécken, datt mir eppes verpasst hunn, datt eis eppes laanscht d’Nues gaangen ass. Mee wuel déi mannsten Zäitgenosse wëssen, wou dëst Spréchwuert eigentlech hierkënnt, an zwar aus der Juegd.
Fit virun der Flimmerkëscht?

Fréier goufen et Aerobic-Programmer um Fernsee, wou ee matmaache konnt, ouni an de Fitnessstudio ze fueren. Haut hu mer do ganz aner Méiglechkeeten a vill méi Auswiel.
De Mäerder war alt nees de Gäertner …

Beim Krimidinner steet ee selwer mat am Mëttelpunkt a ka ganz schnell mat an d’Geschicht erageroden. Wäert Dir gären en Deel vun dëser Geschicht?
Fraefussball zu Lëtzebuerg – net just en Unhängsel

Jo, och Frae spille Fussball. An och zu Lëtzebuerg. Natierlech gëtt et de Fraefussball nach net sou laang wéi de Männerfussball. Dat erkläert vläicht och, firwat en nach net sou bekannt ass.
De Mann, dee Spiller erfënnt

De Jean-Claude Pellin huet en ongewéinlechen Hobby: Hien erfënnt Spiller. Seng Passioun fir Gesellschaftsspiller huet hie schonn als Kand entdeckt. Elo verkeeft hien seng eege ronderëm d’ganz Welt.
Pilot, Braun, Hellers, Saibene, Barreiro …

Et war fréier éischter d’Ausnam fir Lëtzebuerger Futtballer, sech als Profi an d’Ausland ze woen an sech am haarde Futtballbusiness duerchzesetzen. Dat huet sech an de leschte Jore grondsätzlech geännert.
Stonnelaangt Spillen um Computer: e systematescht Unzeeche fir Ofhängegkeet?

D’Kanner spillen ëmmer méi op Bildschiermer. Déi meescht Eltere si beonrouegt, datt d’Kanner sou vill Zäit mat Videospiller verbréngen. Munch gesinn doran en Unzeeche vu Videospillsucht. Ass dat wierklech e Krittär, fir vun Ofhängegkeet ze schwätzen?
Panini Carbonara …

Déi aktuell Panini-Lawin fält e bëssen aus der Roll am Verglach mat fréiere Weltmeeschterschaften, zum Beispill och wëll se zäitlech versat ass. Deemno ass et wuel fir d’éischt, dass d’Kanner an der Strooss de Pak oprappen mat engem liichte Neelchen an de Fanger, wëll dat ronnt Lieder vun November bis Dezember am Katar rullt.
De Mënsch Jeff Strasser

Dem Fussballspiller Jeff Strasser säi Werdegang ass impressionant. Wéi huet hien déi eenzel Etappe vun senger Karriär erlieft? Hien erënnert sech, datt den Ufank schwéier war, fir Proffi ze ginn.