Ech si Grenzgänger a mengem eegene Land

212.288 Grenzgänger ginn et zu Lëtzebuerg. Dovu liewen am Joer 2022 iwwer 13.330 Grenzgänger mat Lëtzebuerger Nationalitéit an Däitschland, an der Belsch oder a Frankräich, a schaffen awer weiderhin zu Lëtzebuerg. Si ginn atypesch Grenzgänger genannt. Grenzgänger an hirem eegene Land.
„Mir musse méi bauen“

Op eiser Sich no Äntwerten op d’Problematik vun der Wunnengsnout zu Lëtzebuerg, hu mir dem Economist an Logementsexpert Michel-Edouard Ruben vun der Fondatioun IDEA op den Zant gefillt.
Dëppegéisser: Mat Schréips an Téitsch

De Beruff vum Dëppegéisser ass ausgestuerwen, oder awer och net? Bis virun net allze laanger Zäit sinn d‘Dëppegéisser vun Dier zu Dier gezunn an hunn aus Kachdëppe Schréips an Téitsch erausgemaach, an och muncher Kéier e Lach gestoppt, wann d‘Dëppen emol gerënnt huet. An obwuel haut bal kee Mënsch seng Dëppe méi flécke léisst, huet […]
Laurent Carnol

Just keep swimming… heescht et am dräi-D animéierte Film Finding Nemo vu Pixar. A genau dat huet de Lëtzebuerger Laurent Carnol sech eng laang Zäit zu Häerze geholl, an dat mat Erfolleg.
Den Ausseminister um Suedel

„Wir hatten früher dafür immer einen Bengel“ – spéitstens no dësem Sproch an der däitscher Fernseekachsendung „Lafer!Lichter!Lecker“ um ZDF huet sech eisen Ausseminister en Numm am däitsche Raum gemaach, och ofsäits vun der Politik. Opgefall, muss een hei soen, ass de Jang Asselborn virun allem duerch seng eege verdäitschten Aussoen, ewéi „das sieht aus als […]
E gewëtzte Fuuss bei der Pall

An hirer Kandheet war d’Christiane Wickler dacks bei hirer Groussmamm am Norden: d’Famill hat e klenge Bauerebetrib, an et ass do, wou de Kär fir der Christiane Wickler hir „gréng Astellung“ geluecht gouf. „Do ass ëmmer alles verschafft an d’Natur gewäerde gelooss ginn.”
Mäi Knéi deet wéi!

Wéi ech mech drop virbereet hunn, en Artikel iwwer de Mënsch hanner dem Dausendsassa Fausti ze schreiwen, hunn ech him telefonéiert, fir kënnen e bësse mat him iwwer säi Liewen ze poteren. Als Äntwert krut ech gesot „Mäi Knéi deet mir esou wéi, vill méi wéi däin“, grad wéi op senger leschter CD, déi och […]
Ass dat Konscht?
Oder kann dat fort?

Eng abstrakt Figur, eng Schrëft, emol eng Landschaft oder e Message, faarweg a meeschtens verréckt. Op Maueren, ale Gebaier an alem Gemaier, ënner Brécken awer och emol am Agang vun engem moderne Gebai oder doheem an der Stuff. Graffiti ginn dës Schmierereie genannt! Ass dat Konscht? Oder kann dat fort? A wat ass eigentlech Konscht? […]
Poznennö!*

1988 gëtt de Superjhemp déi éischte Kéier op d‘Lëtzebuerger Bierger lassgelooss. „De Superjhemp géint de Bommeléer“ ass deen éischte vu bis haut 28 Comic–Bicher iwwer e Superheld an engem karikaturistesch duergestallte Land mam Numm „Luxusbuerg“. E Glach mat engem reell existéierende Mikro-Staat mëtten an Europa ass natierlech rengen Zoufall! De Superjhemp ass dat humoristescht Wierk […]
Jang Linster – Linster Studios

De Jang Linster ass bekannt duerch seng Musek- a Videoproduktiounen an der Lëtzebuerger Sprooch. Wéi ee Lëtzebuerger huet sech net, entweder a senger eegener Kandheet oder iwwert seng Kanner oder Enkelkanner, vun senge bekannten Toungeschichten inspiréiere gelooss?