Am Fokus vun der Ëffentlechkeet

Den Dokter Jean-Claude Schmit am Gespréich

Virun der Coronapandemie war den Dokter Jean-Claude Schmit der breeder Ëffentlechkeet éischter manner bekannt. Den 1. Januar 2016 huet hien de Poste vum Directeur de la Santé am Gesondheetsministère iwwerholl an ass säit Ufank vun der sanitärer Kris am Fokus vun der Ëffentlechkeet. Als Spezialist fir intern Medezin an infektiéis Krankheeten huet hien eng Beruffserfarung vun iwwer 25 Joer, dovun 19 am Service des Maladies infectieuses an der Travel Clinic vum Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL). Bis zu senger Ernennung zum Verwaltungsdirekter vun der Santé war hien Direkter vum Luxembourg Institute of Health (LIH), dem fréiere CRP-Santé.

Obwuel déi aktuell Pandemie nach net eriwwer ass, kucke mir mam Dokter Schmit an d’Zukunft: Mir wollte vun him wëssen, wéi hien de Wee aus der aktueller Pandemie gesäit, wéi d’Opstellung fir zukünfteg Pandemien ass, a firwat asiatesch Länner besser duerch d’Pandemie komme wéi Europa.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D’Welt ass zanter iwwer engem Joer an enger Pandemie, déi an hirem Ausmooss vergläichbar mat der Spuenescher Gripp aus de Joren 1918-1920 ass. D’Impfstoffer sinn déi grouss Hoffnung um Wee zeréck an en normaalt Liewen. Den Dokter Schmit erkläert, datt ongeféier 70 Prozent vun der Weltbevëlkerung misste geimpft sinn, fir de Virus kontrolléierbar ze maachen. Et ass wichteg, sech impfen ze loossen, engersäits fir sech selwer virun engem schwéiere Verlaf vun enger Infektioun mam Covid-19 ze schützen, mee anerersäits och aus solidaresche Grënn, well een domat och dozou bäidréit, déi vulnerabel an eeler Leit ze schützen, well de Risiko ganz geréng ass, fir aner Persounen no der Impfung unzestiechen.

Vill Informatiounen iwwer de Covid-19 an d’Impfungen zirkuléieren an de Medien an an de sozialen Netzwierker. Och wann d’Impfgéigner a -skeptiker an och d’Verschwörungstheoreetiker eng kleng Minoritéit duerstellen, esou geléngt et hinnen awer, muench Leit ze veronsécheren. De Gesondheetsministère huet elo eng grouss Informatiounscampagne lancéiert, fir der breeder Ëffentlechkeet allgemeng Informatiounen zum Theema Impfungen ze ginn. Wichteg ass och, datt d’Leit, déi veronséchert sinn an nach net wëssen, ob si sech sollen impfe loossen, sech beim Dokter vun hirem Vertraue mellen, fir datt dësen hinne mat sachlechen Informatiounen déi Bedenke kann ewechhuelen. Allgemeng zweiwelt den Dokter Schmit awer net un der grousser Bereetschaft vun de Leit, sech impfen ze loossen. Gutt Grënn ginn et dofir genuch: déi eege Sécherheet, d’Solidaritéit vis-à-vis vu vulnerabele Persounen an, zu gudder Lescht, de Wonsch erëm zu engem „normale“ soziale Liewen zeréckzefannen.

Déi aktuell sozial Restriktioune si fir vill Leit schwéier ze erdroen. E Lockdown geet op d’Käschte vun der psychescher Gesondheet vun der Bevëlkerung.

Den éischte strikte Lockdown war zum Deel och e wéineg eng Panikreaktioun. Et wosst een nach net, wou de Wee géif higoen. Et huet een nach net vill iwwer de Virus gewosst, och net iwwer seng Transmissiounsweeër. „A sou enger Situatioun muss een op Nummer sécher goen. Do hate mir keng aner Méiglechkeet“, ënnersträicht den Dokter Schmit.

Derno huet ee versicht, en Equiliber ze fannen tëschent néidege Restriktiounen, fir d’Situatioun ëm d’Pandemie méiglechst am Grëff ze behalen, op der enger Säit, an d’Vermeide vum negativen Impakt op den eenzele Mënsch an op d’Ekonomie opgrond vun ze strikte Moossnamen, op der anerer Säit.

Et ass gewosst, datt deen héchste Prozentsaz vu Leit sech am private Kontext mam Virus ustécht. „Dofir huet eis Regierung de Kontakt doheem op zwee Gäscht limitéiert. Bei dëser Moossnam si mir sécherlech eent vun de Länner, déi am striktste sinn. Doduerch kënne mir de Leit awer esou muench aner Fräiheete loossen. Lëtzebuerg ass zum Beispill eent vun de wéinege Länner op der Welt, wou d’Fitnessstudioen op sinn, wann och mat Restriktiounen. An anere Länner, wéi an Däitschland, muss een sech e Rendez-vous huelen, fir zum Beispill Schong ze kafen. Bei eis ass den Handel op. Mee trotz allem si mir eis bewosst, datt dës Situatioun fir jiddweree belaaschtend ass“, seet de Santésdirekter.

Wéi kënne mir eis besser fir zukünfteg Pandemien opstellen?

„Déi aktuell Pandemie mécht eis sécherlech méi räich un Erfarungen. Villes, wat mir elo méi oder manner spontan ëmgesat hunn, wäert eis sécherlech och an enger eventueller zukünfteger Pandemie zeguttkommen. Lëtzebuerg huet mam Large-Scale-Testing a mam Contacttracing gutt Waffen am Kampf géint de Coronavirus entwéckelt. Mir hu bewisen, datt mir an der Lag waren, a kierzter Zäit eng héich Testkapazitéit ëmzesetzen. Beim Contacttracing ass eis och den héije Grad un Digitaliséierung hei am Land zeguttkomm. D’Leit, déi sech teste gelooss hunn, hunn a ganz kuerzer Zäit hiert Resultat iwwer hiren Handy matgedeelt kritt. An esou muenche Länner mussen d’Leit heiansdo vill Deeg dorop waarden. Wat Protektiounsmaterial wéi Masken, Händschen a Bluse betrëfft, huet eis dës Kris och geléiert, wéi vill Quantitéiten een am beschten op Stock soll hunn. Wärend deem éischte Lockdown am Fréijoer 2020 war et och flott ze gesinn, wéi vill Fräiwëlleger do waren, fir an egal wéi engem Beräich eng Hand mat unzepaken“, ënnersträicht den Dokter Schmit.

Firwat huet een den Androck, datt déi asiatesch Länner besser duerch d’Pandemie komme wéi Europa?

„Dat läit virun allem dorun, datt d’Asiaten eng Traditioun hu fir Masken. Si hunn och schonns virun der Coronakris bei Schnapp- a Grippesaison Maske gedroen. D’Barrière, fir Masken unzedoen, war also éischter niddereg. Si sinn och ganz disziplinéiert, well se entweeder a Staate liewen, wou strikt Uweisunge vun uewe kommen oder an Demokratie wéi Südkorea a Japan, wou éischter eng Mentalitéit besteet, enger Autoritéit ze follegen an dës manner a Fro ze stellen. Och d’Gefill vu Responsabilitéit fir seng Matmënschen ass do méi staark ausgepräägt wéi an de westleche Länner. Dëst si sécherlech alles Elementer, déi et enger Regierung an dëser Krisenzäit méi einfach maachen, mat der Pandemie ëmzegoen“, erkläert den Dokter Schmit.

Kënnt et zu engem Mentalitéitswiessel, esoudatt d’Leit déi gutt Gewunnechten och no der Pandemie bäibehalen?

Den Dokter Schmit ka sech virstellen, datt a Saache Maskendroe punktuell hei an Europa eng Hemmschwell kéint gefall sinn. Wat och Sënn géif maachen, well, wéi mir all konnte feststellen, ass déi normal Gripp, un där déi lescht Joren och ëmmer eng Rei vu Leit gestuerwe sinn, dëst Joer quasi ausgefall. De Grond ware sécherlech d’Masken an d’Geste-barrièren.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.