Stoll garantéiert erhuelsame Schlof

Wa mir vu gesondem oder erhuelsamen Schlof schwätzen, denke mir u verschidde Konditiounen, wéi d’Klima am Schlofzëmmer, wéineg Luucht an eng gesond Portioun am Bauch, awer virun allem eng bequem Matrass. Ma op leschtere Punkt wëlle mir e Lëtzebuergesche Produzent virstellen, deen sech säit iwwer 60 Joer dorop spezialiséiert huet.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Am Joer 1920 huet de René Stoll d’Societéit ënner sengem eegenen Numm gegrënnt, spezialiséiert op de Verkaf vu Sprit, Ueleg, Pneuen ewéi och op de Feierläscher mam Numm Pyrène. 30 Joer méi spéit hunn se sech op d’Produktioun vu Latex-Matrasse spezialiséiert, der Dunlopillo, déi mat Hëllef vun den Dunlop-Pneuen entwéckelt gouf. Virun allem fir Allergiker si Matrassen aus Latex ze recommandéieren; se sinn hygieenesch a resistent géint Bakterien. Haut ass de Familljebetrib an der drëtter Generatioun ënnert dem Numm Stoll Group bekannt.

D‘Stoll Group setzt sech aus deene folgende fënnef Societéite mat am Ganzen 125 Mataarbechter zesummen:

Stoll Group, déi sech ëm d’Verwaltung, d‘Direktioun, d‘Comptabilitéit, d‘Informatik

  • an ëm d‘Personal bekëmmert;
  • Stoll Hydraulics verdreift Baumaschinnen;
  • Stoll Trucks verkeeft a verlount professionell Gefierer;
  • Stoll Safety verdreift Feierläschsystemer, Sécherheetsmaterial an -formatiounen;
  • Stoll Mâitre Matelassier produzéiert Matrassen.

D’Wuert Matrass selwer kënnt aus dem fréi-italienesche Wuert materazzo, wat vum arabesche Wuert matrah مطرح (Buedemkëssen) ofstaamt.

Bis haut ass de Stoll deen eenzege Produzent vu Matrassen zu Lëtzebuerg an huet seng Gamm ëm Ressorten, Kappkëssen, Decke wéi och Miwwelen erweidert, quasi alles fir an d’Schlofzëmmer. Säit 2006 fënnt en Stoll op hirem neie Site zu Éilereng. wou een op 2000 Quadratmeter en Ausstellungsraum wei och Lagerhalen a Bürosraim fënnt. Export gëtt bis ewell kee bedriwwen, allerdéngs sollen zukünfteg d’Produit’en iwwer eng Online-Plattform ugebuede ginn.

Stoll Mâitre Matelassier produzéiert Matrassen nom Talalay-Prinzip. Qualitéit „Made in Luxembourg“ gëtt grouss geschriwwen. Reegelméisseg gi Kontrollen un de Labo geschéckt fir sécherzestellen, datt keng Schuedstoffer am Produit enthale sinn, well de Label „Made in Luxembourg“ steet fir Qualitéit.

„Et däerf ee net vergiessen, datt e Mënsch een Drëttel vu sengem Liewen am Bett verbréngt, dofir ass et wichteg Wäert op Qualitéit ze leeën“

Yves Schroeder
Direkter Stoll

Mâitre Matelassier

Handaarbecht gëtt bei Stoll grouss geschriwwen. „Just esou kënne mir de Produit op eise Client upassen an d’Qualitéit assuréieren“, esou den Direkter Yves Schroeder. Speziell Wënsch, déi een als Client stelle kann, ginn esou wäit wéi méiglech bei Stoll erfëllt. 15 Joer hält esou eng Matrass a besteet aus Naturlatex oder fir Allergiker aus syntheteschem Latex.

D’Produktioun leeft fir déi gängeg Matrassen nom selwechte Muster of. Fir d’éischt gëtt de gewënschte Bezuch geschnidden an zesummegebitzt, derno gëtt de Kär vun der Matrass hiergestallt a mam Bezuch iwwerzunn. Bei speziellen Upassunge gëtt d‘Matrass virum Bezuch hiergestallt.

Eng flott an ekologesch Zesummenaarbecht huet Stoll mat Autisme Luxembourg a.s.b.l.. De Latexoffall gëtt an den Atelieren zu Biekerech vun Hand zerklengert an als Fëllmaterial fir „Liesschanken“ weider verschafft. Dës fannt Dir dann erëm bei Stoll am Verkafsregal.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.