De Klimapakt an d’European Energy Awards

klima

All lëtzebuergesch Gemeng, déi sech am Klimapakt engagéiert, gëtt vum Staat finanziell an technesch ënnerstëtzt. Mee e Klima-Label op der Startsäit vun der Internetpresenz geet do net duer.

Majorz- a Proporzgemengen

D’Begrëffer Majorz- a Proporzprinzip héiert een ëmmer erëm am Kontext vun de Walen zu Lëtzebuerg. Wat komplizéiert kléngt, muss et awer net onbedéngt sinn.

D’Lëtzebuerger Fussballstadionen

Ganz einfach gefrot: Wat brauch e Fussballsveräin, fir Fussball spillen ze kënnen? D’Äntwert ass ganz simpel: En Terrain, op deem ee ka spillen. Mee wat mécht dës Lëtzebuerger Spillwisen esou besonnesch a bekannt?

Querdenker aus Iwwerzeegung

Hie war Kënschtler, Designer, Editeur, Computerpionéier, Reklammsmécher, dat schlecht Gewësse vu senger Stad, onkonventionell, konservativ. Zwou Saache waren him besonnesch wichteg: d’Lëtzebuerger Musel a seng Heemechtsstad Gréiwe­maacher. Fir béid huet hie villes gemaach an iwwer béid konnt hie sech ganz fuerchtbar opreegen. Mam Usch (Eugène) Burton ass e Mann gestuerwen, deen d’Queesch­denken oder och d’Géint-de-Stroum-Schwammen zu senger Passioun gemaach hat.

Eng kleng Gemeng am wëlle Weste vum Land

Vill Leit kennen déi scheinbar onendlech laang Haaptstrooss, déi schnouerriicht duerch den Daul, wéi d‘Gemeng vu ville genannt gëtt, féiert. Mir waren der Meenung, de Préizerdaul hätt méi ze bidde wéi dëst, an dofir hu mir eis op de Wee an déi kleng Gemeng am Réidener Kanton gemaach. Als éischt ziele mir e puer Fakten […]

Eng Kludder Schlësselen

Mol e Weekend als Tourist am eegene Ländchen ënnerwee sinn, firwat net? Déi 24 Kilometer duerch dat schéint Dall vun de Siwe Schlässer misst ee jo ouni Weideres packen …

Seeërcher ëm den Hellege Willibrord

Zwee Schrëtt no riets, zwee no lénks an dat Ganzt esou laang, bis d’Basilika vum Hellege Willibrord erreecht ass. All Joer um Päischtdënschdeg treffe sech dausende Leit zu Iechternach, fir hei bei der Sprangpressessioun matzehopsen. Mat engem Nuesschnappech an den Hänn an a Reie vu fënnef bis sechs Persoune sprangen déi wäiss gekleeten Dänzer duerch […]

Energetesch autark

Autark – e Wuert, wat aus dem Griichesche kënnt, a vun autos „selwer“ an arkein „duergoen“ zesummegesat ass. Autark kéint ee graff mat „sech selwer duergoen” iwwersetzen, am Sënn vun: net ofhängeg si vun aneren. Selwer dat fabrizéieren, wat ee brauch. Wat brauch de Mënsch haut? Eng Wunneng, déi e virum Wieder schützt. E System, […]

En Héichuewen als Noper

Och wann déi 124 Hektar Land, ëm déi et hei geet, net all op dem Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht leien, sou schwätzt dach bal jidderee vun Esch-Belval, wann et ëm dee Chantier geet, deen europawäit ënner den 10 éischte läit, wat d’Gréisst an d’Wichtegkeet ubelaangt. Deen erwäänten Terrain tëschent Esch a Bieles (Gemeng Suessem) huet eng Geschicht, op déi et derwäert ass, anzegoen.

Lëtzebuerg, eng archeologesch a paleontologesch Fondgrouf

En eegent Mineral, e verstengerten Dromedar, réimesch Villaen a keltesch Griewer. Och archeologesch a paleontologesch huet eist klengt Ländche Grousses ze bidden. Fënnef ganz ënnerschiddlech Entdeckungen aus verschiddenen Zäitepoche stelle mir Iech an dësem Artikel vir. D’Réimer zu IechternachD’gallo-romanesch Villa zu Iechternach Iechternach, déi kleng Stad un der Lëtzebuerger Grenz zu Däitschland a gläichzäiteg déi […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.