Majorz- a Proporzgemengen

D’Begrëffer Majorz- a Proporzprinzip héiert een ëmmer erëm am Kontext vun de Walen zu Lëtzebuerg. Wat komplizéiert kléngt, muss et awer net onbedéngt sinn. Am Fong handelt et sech dobäi einfach nëmmen ëm zwee ënnerschiddlech Walsystemer. Jee no Gréisst vun der Gemeng hei am Ländche gëtt deen een oder deen anere Prinzip ugewant. Mee et gëtt och nach en anert Land, wou déi zwee Begrëffer benotzt ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Bei de Gemengewalen am Juni spillt et eng weesentlech Roll, wéi grouss eng Gemeng ass. Huet se manner wéi 3.000 Awunner, da gëtt nom Majorzprinzip gewielt. Huet se méi wéi 3.000 Awunner, da gëllt de Proporzprinzip. Iwweregens, laut den neisten Zuele vum Statec ass Sëll (Saeul) déi klengste Gemeng am Land, mat nëmmen 960 Awunner. Direkt hannendru komme Wal (1.043), Pëtschent (1.127) a Groussbus (1.130). Op där anerer Säit vun der Lëscht steet d’Stad Lëtzebuerg mat 128.097 Awunner als gréisste Gemeng am Ländchen. Eleng do wunnt ronn e Fënneftel vun alle Residenten.

De Majorzprinzip heescht op Däitsch Mehrheitswahl a bedeit, datt no der relativer Majoritéit gewielt gëtt. De Wieler huet esou vill Stëmmen, wéi Memberen an de Gemengerot ze wiele sinn. Fir engem Kandidat eng Stëmm ze ginn, kann de Wieler d’Case hannert deem sengem Numm ukräizen.

Beim Proporzprinzip gëtt nom Verhältniswalrecht gewielt. Hei sinn d’Kandidaten a Lëschten agedroen an de Wieler kann entweeder eng ganz Lëscht ukräizen, da kritt all Kandidat dorobber eng Stëmm, oder e kann eenzel Nimm, och a verschiddene Lëschten, ukräizen. An de Proporzgemenge kann de Wieler engem Kandidat och zwou Stëmme ginn. Dobäi muss en allerdéngs oppassen, datt en d’Gesamtzuel vun de Stëmmen net iwwerschreit. En däerf nämlech am Total net méi Kräizer verginn, wéi Kandidaten um Stëmmziedel vu sengem Bezierk stinn.

Am Majorzsystem gëtt d’Gewiicht vun de Wielerstëmme fir deen, dee vir läit, nach weider erhéicht, well d’Stëmme fir déi ënnerleeë Kandidaten oder Lëschten net weider berücksichtegt ginn a souzesoe „verluer“ ginn. Dowéinst hu méi kleng Parteien et am Majorzprinzip dacks méi schwéier, ausser se verfügen iwwer Héichbuergen an hirem Bezierk. Déi Parteien, Lëschten oder Kandidaten, déi am meeschte Kräizer kréien, kënnen am Majorzsystem also vun engem zousätzleche Stëmmegewiicht profitéieren a sech doduerch nach vill méi vun den anere Parteien oder Kandidaten ofkapselen. Dofir gëllt de Proporzprinzip allgemeng als méi e gerechte System. E féiert zu enger méi breetgefächerter Representatioun vun alle gesellschaftlechen Interessen, well d’Unzuel vun de Mandater, wéi den Numm et verréit, proportional zu der Unzuel vun de Stëmmen ass.

D’Begrëffer Majorz a Proporz ginn tel quel och an der Schwäiz benotzt. Bei den Eidgenossen gëtt awer net wéi zu Lëtzebuerg tëschent groussen a klenge Gemengen ënnerscheet. Bei de Parlamentswale gëtt nom Proporzprinzip gewielt. De Majorzprinzip gëtt an de meeschte Schwäizer Kantoner bei der Wal vum Ständerat (fr. „Conseil d’État“) vun e puer kantonale Parlamenter souwéi bei der Wal vu kantonalen a kommunale Regierungen ugewant. An deene meeschten EU-Länner huet d’Proporzwal sech duerchgesat.

Zu Lëtzebuerg ass bei de leschte Gemengewalen am Joer 2017 a 56 Gemengen nom Majorzprinzip an a 46 Gemengen nom Proporzsystem gewielt ginn. Bei de Kommunalwalen dëst Joer hunn zéng Gemengen hire Walsystem geännert: Helperknapp, Parc Housen, Rouspert-Mompech, Schengen, Beefort, Bettenduerf, Esch-Sauer, Lëntgen, Réiden op der Atert a Wuermer. Déi véier éischt Gemengen hate fusionéiert an do sinn elo fir d’Kommunalwalen am Juni d’Iwwergangsbestëmmungen ausgelaf. Dat bedeit, datt an dëse Gemengen nom Proporzprinzip wäert gewielt ginn. An de sechs anere Gemengen ass am September 2022 d’Schwell vun den 3.000 Awunner iwwerschratt ginn. Dowéinst gëtt och hei am Juni nom Proporzprinzip gewielt. An der Fusiounsgemeng Habscht hat d’Sektioun mam selweschten Numm schonns 2017 nom Proporzprinzip gewielt, wärend d’Sektioun Simmer (Septfontaines) nach am Majorzprinzip war. Dëst Joer ass d’Gemeng Habscht fir d’Walen net méi a Sektiounen agedeelt a wäert als ganz Gemeng an de Proporzprinzip falen.

Zwou Gemengefusioune sinn nach amgaang a fir d’Kommunalwalen am Juni nach net ganz ofgeschloss. Dobäi handelt et sech ëm d’Zesummeschlëss vun de Gemenge Bous mat Waldbredimus a Groussbus mat Wal. Well d’Fusioun eréischt den 1. September 2023 ofgeschloss ass, ginn déi véier Gemenge bei de Walen am Juni nach als eenzel Gemenge gezielt. No dëser Fusioun wäert eist Ländchen da just nach honnert, amplaz bis elo 102, Gemengen zielen.

Dëst Joer wielen deemno 46 Gemengen nom Majorz- a 56 Gemengen nom Proporzsystem. 2017 war et genau emgedréint: 46 Proporz- a 56 Majorzgemengen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.