Un der Atert, no beim Waasser …

… esou fänkt eent vun de bekanntste Lëtzebuerger Vollekslidder un. D‘Lidd erzielt d‘Geschicht vum Useldenger Bauer Péitche Lauer an senger Duechter, dem Josefin. Useldeng, dat klengt Dierfche matzen a Lëtzebuerg ass awer esou muencher Lëtzebuerger e Begrëff, net nëmme wéinst der Geschicht ronderëm de Péitche Lauer a senger Duechter. Och den Numm Peinture Robin ass deene meeschte geleefeg. Säit bal honnert Joer steet d‘Fabrick vun deem bekannte Lëtzebuerger Faarwefabrickant direkt niewent der Atert.
Luxlait, e lëtzebuergesche Betrib

Luxlait steet fir Mëllechprodukter aus Lëtzebuerg, mee wien oder wat ass „Luxlait“ eigentlech? E Reportage iwwert d‘Luxlait an hir speziell Produite fir d‘Wanterzäit.
De Mäerder war alt nees de Gäertner …

Beim Krimidinner steet ee selwer mat am Mëttelpunkt a ka ganz schnell mat an d’Geschicht erageroden. Wäert Dir gären en Deel vun dëser Geschicht?
Schong maache Leit

De Lëtzebuerger Adrien Wira designt Sportschong. Hien huet seng eege Schongmark, designt als Freelancer fir bekannt Marken an huet e groussen Dram: Basketsschong fir en NBA Spiller entwerfen.
Mini-Entreprisen, e geniale Projet

Am Lycée weess een oft nach net, wat fir e Beruff een am spéidere Liewe maache wëll. De Projet „Mini-Entreprises“ gëtt de Jonken d’Méiglechkeet, hir éischt Erfarungen ze sammelen an ze gesinn, wat et heescht, als Selbstännegen e Betrib opzemaachen. A fir dat Ganzt nach méi interessant ze maachen, gëtt dëse Projet als nationale Concours […]