Wou den Apel läit, ass en Äppelbam net wäit –

Ei, et gëtt dach näischt Besseres wéi e gudden, frësch gepressten Äppeljus direkt aus dem Frigo vum Bongert niewendrun! Een, deen nach liicht op der Zong kribbelt, am beschten net ze séiss, fir datt en och richteg erfrëscht. Wat de Lëtzebuerger traditionell als Viz bezeechent, gehéiert scho säit Laangem zum Hierscht dozou wéi d’geréischtert Käschten zum Chrëschtmaart. […]
An apple a day…

… keeps the doctor away!En aalt englescht Spréchwuert, dat beweist, datt ee scho laang iwwer d’Virdeeler vum Apel Bescheed weess. An der moderner Sprooch kéint een en och Superfood nennen. gutt géint Longenerkrankungen moies, géint ze héije Bluttdrock Immunsystem gëtt gestäerkt den Apel als Hausmëttel hëlleft beim Ofhuelen hält d‘Gehir gesond schützt d‘Gefässer schützt d‘Liewer […]
De Rambo léisst gréissen

Foto: Fabrizio Pizzolante/Editpress Ob natierlech oder als Jus: Den Apel ass déi beléiftste Fruucht vun de Lëtzebuerger. Dräi Entrepreneren hunn sech dësem Uebst ugeholl, fir doraus Ramborn ze produzéieren: e Cider made in Luxembourg. Ewéi esou muench aner Geschäftsiddien ass och de Ramborn bei deem engen oder anere Pättchen op enger Rees entstanen – […]
D’Haus vun de Sproochen

Grënn, fir eng nei Sprooch ze léieren, ginn et der vill. Sief et, well een nei an engem Land ass, sief et, well ee sech an der Vakanz a Landessprooch verstännege wëll, oder einfach begeeschtert aus Freed u Sproochen. Eng éischt Ulafplaz dofir ass den INL, den „Institut National des Langues“. Am Mee 2019 ginn […]
Den E-Sport zu Lëtzebuerg ënner der Lupp

Wat ass eigentlech E-Sport a firwat ass en zu Lëtzebuerg nach net als Sportaart unerkannt? De Konterbont huet sech mam Joe Hoffmann, dem President vun der Luxembourg Esport Federation (LESF) ënnerhalen.
Gamescom zu Lëtzebuerg

D’Gamescom zu Köln, d’CES zu Las Vegas si weltbekannt. Zu Lëtzebuerg gouf et näischt esou bis 2016 eng lëtzebuergesch Community dat op d’Bee gestallt huet. D’LGX (Luxembourg Gaming eXperience) war gebuer.
Well et zesummen awer méi flott ass

Am Dezember 2013 hat de Veräin Videogames.lu säin éischten Event a Form vun engem Gaming Café organiséiert. D’Iddi war, datt de Gaming Café sollt eemol am Mount stattfannen.
Game Programming/Game Design: E Beruff mat Zukunft?

Zënter der Rentrée 2018 bitt de Stater Lycée des Arts et Métiers (LAM) zwou BTS-Formatiounen (Brevet de Technicien Supérieur) am Game-Beräich un: BTS Game Programming and Game Design an BTS Game Art and Game Design.
Der Mamm hir Telleren a mäi Camion

Fréier huet mech d’Geschicht vum Haus Lassner kal gelooss, de Pompjeescamion an den elektreschen Zuch ware mir méi wichteg wéi d’Fassad aus der Belle Époque. Haut erënnert nach just den Numm un der Fassad un déi fréier Zäiten: Maison Veuve A. Lassner. J. Simonis-Lassner, Successeur.
De Kinneksbond

De Kinneksbond presentéiert all Saison eng ronn 40 ofwiesslungsräich Spektakelen an offréiert senge Visiteuren en Erliefnes, dat de Virwëlz ureege soll.