Placeholder Dummy template

An apple a day…

… keeps the doctor away!
En aalt englescht Spréchwuert, dat beweist, datt ee scho laang iwwer d’Virdeeler vum Apel Bescheed weess. An der moderner Sprooch kéint een en och Superfood nennen.

Äppel an hir Virdeeler

1. Äert Immunsystem gëtt gestäerkt

Äppel hu vill Vitamin C. Wann Dir all Dag op d‘mannst dräi Äppel iesst, kënnt Dir zum Beispill grippal Infekter, Féiwer, Bronchitten a Giicht vermeiden. Ass d‘Erkältung schonn do, hëlleft en Téi aus Äppelschuelen. D‘Äppelschuelen op d‘mannst zéng Minutten zéie loossen.

2. Äppel hëllefe beim Ofhuelen

Wann et ëm d’Ofhuele geet, sollt Dir op alle Fall ganz Äppel iessen. Si hëllefe besser wéi Äppeljus. Iesst e mëttelgroussen Apel als Entrée, ongeféier 15 Minutte virun der Haaptmolzecht. Laut enger brasilianescher Studie hu Fraen, déi virun all Moolzecht en Apel giess hunn, 33% méi ofgeholl wéi Fraen, déi kee giess hunn.

3. Äppel an Äppeljus si gutt géint Longenerkrankungen

Wie reegelméisseg Äppel ësst oder Äppeljus drénkt, leit däitlech méi seelen un Asthma, sou eng finnesch Studie mat 10.000 Männer a Fraen aus dem Joer 2002. Den héije Flavonoidgehalt am Apel stäerkt d‘Longefunktiounen a suergt esou fir eng méi geréng Ufällegkeet fir Asthma a vill aner Longen- an och Häerzerkrankungen.

4. Äppel an Äppeljus schützen d‘Liewer

Äppel an naturdréiwen Äppeljus si fir d‘Liewer eng Zort Schutzelixier. Laut enger Studie vum Mäerz 2015 sinn et warscheinlech an éischter Linn d‘Polyphenolen am Apel, déi eng staark chemopreventiv Wierkung hunn an esou viru liewertoxesche Chemikalie schütze kënnen.

Gläichzäiteg hëllefen Äppel der Daarmflora, fir e gesond Gläichgewiicht ze behalen, dat dann erëm d‘Liewer entlaascht.

5. Äppel an Äppeljus halen d‘Gehir gesond

Wie gär (all Dag) naturdréiwen Äppeljus drénkt, kann domat och säin Alzheimerrisiko reduzéieren. Well den Äppeljus soll – sou Fuerscher am Joer 2009 am Journal of Alzheimer’s Disease – d‘Bildung vun de Beta-Amyloiden am Gehir hemmen. Beta-Amyloide sinn déi Oflagerungen, déi een och als „senil Plaquë“ bezeechent a mat Demenzerkrankungen zesummenhänken.

An och wann Alzheimer schonn diagnostizéiert gouf, sollten Äppel an Äppeljus um Ernärungsplang stoen. Zwee Äppel den Dag kënnen zu enger Verbesserung am Verhale vun den Erkrankte féieren – sou eng Studie vum Juni 2010.

6. Äppel schützen d‘Gefäässer

Och fir en Häerzinfarkt an Arterieverkalkung ze vermeiden, soll een zwee Äppel den Dag iessen. Dofir ass virun allem den héije Gehalt u Pektin verantwortlech. Dëse Quellstoff setzt de Cholesterinspigel am Blutt erof. Well de Pektin an der Schuel sëtzt, ass et wichteg, de ganzen Apel z‘iessen. Ideal sinn dofir Bio-Äppel.

7. Dir kënnt besser schlofen

Schonn een Apel virum Schlofegoe suergt laut Studie fir en erhuelsamen an déiwe Schlof. Dat läit virun allem dorun, datt en de Bluttzocker iwwer Nuecht

8. A moies…

… op de réie Mo ass laut dem éisträicheschen Dokter Prof. Dr. Josef Jagic en Apel dat beschte Mëttel géint ze héije Bluttdrock. Mineralien a Planzestoffer schwemmen iwwerschëssegt Waasser a Kachsalz aus dem Organismus.

9. Är Zänn gi méi wäiss

Natierlech kënnen Äppel net d’Botze vun den Zänn ersetzen. D‘Knae vun engem Apel reegt awer d‘Spautproduktioun am Mond un a verréngert esou d‘Bakterieproduktioun.

10. Den Apel als Hausmëttel

Bei Duerchfall verléiert de Kierper net nëmme Waasser, mee och wichteg Mineralstoffer. E geriwwenen Apel liwwert nieft Flëssegkeet virun allem de Ballaststoff Pektin. Pektin quëllt am Daarm op, bënnt d‘Flëssegkeet a verdéckt esou den dënne Stull.
(Quell: Bundeszentrum für Ernährung)

Wéi ësst een Äppel – ganz oder als Jus? Mat oder ouni Schuel?

Iesst d‘Äppel op alle Fall mat der Schuel, well an der Schuel sinn déi meescht Polyphenoler, Flavonoiden, Vitaminnen a Ballaststoffer. Nëmme vum Vitamin C ass méi am Fruchtfleesch wéi an der Schuel.

Aus deemselwechte Grond ass et natierlech och besser, amplaz Jus ze drénken, d‘Friichte ganz z‘iessen oder an de Smoothie ze mixen. Well beim Entsaafte gi vill vun de wäertvollen Inhaltsstoffer verluer. Et soll een d‘Äppel am beschten och ëmmer réi iessen, si also net zu Mous oder Kompott kachen.

En Artikel vum Tania Hoffmann

An apple a day…

… keeps the doctor away!
En aalt englescht Spréchwuert, dat beweist, datt ee scho laang iwwer d’Virdeeler vum Apel Bescheed weess. An der moderner Sprooch kéint een en och Superfood nennen.

gutt géint Longenerkrankungen

moies, géint ze héije Bluttdrock

Immunsystem gëtt gestäerkt

den Apel als Hausmëttel

hëlleft beim Ofhuelen

hält d‘Gehir gesond

schützt d‘Gefässer

schützt d‘Liewer

bessere Schlof

wäiss Zänn

Äppel an hir Virdeeler

  1. Äert Immunsystem gëtt gestäerkt
    Äppel hu vill Vitamin C. Wann Dir all Dag op d‘mannst dräi Äppel iesst, kënnt Dir zum Beispill grippal Infekter, Féiwer, Bronchitten a Giicht vermeiden. Ass d‘Erkältung schonn do, hëlleft en Téi aus Äppelschuelen. D‘Äppelschuelen op d‘mannst zéng Minutten zéie loossen.
  2. Äppel hëllefe beim Ofhuelen
    Wann et ëm d’Ofhuele geet, sollt Dir op alle Fall ganz Äppel iessen. Si hëllefe besser wéi Äppeljus. Iesst e mëttelgroussen Apel als Entrée, ongeféier 15 Minutte virun der Haaptmolzecht. Laut enger brasilianescher Studie hu Fraen, déi virun all Moolzecht en Apel giess hunn, 33% méi ofgeholl wéi Fraen, déi kee giess hunn.
  3. Äppel an Äppeljus si gutt géint Longenerkrankungen
    Wie reegelméisseg Äppel ësst oder Äppeljus drénkt, leit däitlech méi seelen un Asthma, sou eng finnesch Studie mat 10.000 Männer a Fraen aus dem Joer 2002. Den héije Flavonoidgehalt am Apel stäerkt d‘Longefunktiounen a suergt esou fir eng méi geréng Ufällegkeet fir Asthma a vill aner Longen- an och Häerzerkrankungen.
  4. Äppel an Äppeljus schützen d‘Liewer
    Äppel an naturdréiwen Äppeljus si fir d‘Liewer eng Zort Schutzelixier. Laut enger Studie vum Mäerz 2015 sinn et warscheinlech an éischter Linn d‘Polyphenolen am Apel, déi eng staark chemopreventiv Wierkung hunn an esou viru liewertoxesche Chemikalie schütze kënnen.
    Gläichzäiteg hëllefen Äppel der Daarmflora, fir e gesond Gläichgewiicht ze behalen, dat dann erëm d‘Liewer entlaascht.
  5. Äppel an Äppeljus halen d‘Gehir gesond
    Wie gär (all Dag) naturdréiwen Äppeljus drénkt, kann domat och säin Alzheimerrisiko reduzéieren. Well den Äppeljus soll – sou Fuerscher am Joer 2009 am Journal of Alzheimer’s Disease – d‘Bildung vun de Beta-Amyloiden am Gehir hemmen. Beta-Amyloide sinn déi Oflagerungen, déi een och als „senil Plaquë“ bezeechent a mat Demenzerkrankungen zesummenhänken.
    An och wann Alzheimer schonn diagnostizéiert gouf, sollten Äppel an Äppeljus um Ernärungsplang stoen. Zwee Äppel den Dag kënnen zu enger Verbesserung am Verhale vun den Erkrankte féieren – sou eng Studie vum Juni 2010.
  6. Äppel schützen d‘Gefäässer
    Och fir en Häerzinfarkt an Arterieverkalkung ze vermeiden, soll een zwee Äppel den Dag iessen. Dofir ass virun allem den héije Gehalt u Pektin verantwortlech. Dëse Quellstoff setzt de Cholesterinspigel am Blutt erof. Well de Pektin an der Schuel sëtzt, ass et wichteg, de ganzen Apel z‘iessen. Ideal sinn dofir Bio-Äppel.
  7. Dir kënnt besser schlofen
    Schonn een Apel virum Schlofegoe suergt laut Studie fir en erhuelsamen an déiwe Schlof. Dat läit virun allem dorun, datt en de Bluttzocker iwwer Nuecht gläichméisseg verdeelt.
  8. A moies…
    … op de réie Mo ass laut dem éisträicheschen Dokter Prof. Dr. Josef Jagic en Apel dat beschte Mëttel géint ze héije Bluttdrock. Mineralien a Planzestoffer schwemmen iwwerschëssegt Waasser a Kachsalz aus dem Organismus.
  9. Är Zänn gi méi wäiss
    Natierlech kënnen Äppel net d’Botze vun den Zänn ersetzen. D‘Knae vun engem Apel reegt awer d‘Spautproduktioun am Mond un a verréngert esou d‘Bakterieproduktioun.
  10. Den Apel als Hausmëttel
    Bei Duerchfall verléiert de Kierper net nëmme Waasser, mee och wichteg Mineralstoffer. E geriwwenen Apel liwwert nieft Flëssegkeet virun allem de Ballaststoff Pektin. Pektin quëllt am Daarm op, bënnt d‘Flëssegkeet a verdéckt esou den dënne Stull.
    (Quell: Bundeszentrum für Ernährung)

    Wéi ësst een Äppel – ganz oder als Jus? Mat oder ouni Schuel?
    Iesst d‘Äppel op alle Fall mat der Schuel, well an der Schuel sinn déi meescht Polyphenoler, Flavonoiden, Vitaminnen a Ballaststoffer. Nëmme vum
    Vitamin C ass méi am Fruchtfleesch wéi an der Schuel.
    Aus deemselwechte Grond ass et natierlech och besser, amplaz Jus ze drénken, d‘Friichte ganz z‘iessen oder an de Smoothie ze mixen. Well beim Entsaafte gi vill vun de wäertvollen Inhaltsstoffer verluer. Et soll een d‘Äppel am beschten och ëmmer réi iessen, si also net zu Mous oder Kompott kachen.
    En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.