„Net mam Gesiicht widder d’Fënster!“ Ech weess net, wéi oft ech dëse Saz aus dem Mond vu menger Mamm héieren hunn, wa mir beim Lassner laanschtgaang sinn. Virdrun hat ech schonn ëmmer Krich mat menger Mamm – oder soe mer léiwer, si hat Krich mat mir –, wann ech beim Sternberg, engem aneren Traditiounshaus an der Stad, net vun der Fënster mat de Spillsaache fort wollt.
Mat der Nues widder der Vitrinn hunn ech deemools vum elektreschen Zuch gedreemt oder vun der Autobunn. Ech ka mech och nach un een, wéi géing een haut soen, „mega coole“ Pompjeescamion beim Lassner an der Fënster erënneren.
Op eng Kéier war e fort a fir mech ass deemools eng kleng Welt zesummegebrach. Meng Mamm huet mech getréischt an huet mer vu schéinen Zoppentellere geschwat, déi si beim Lassner gesinn hat, an déi och elo fort wieren. Dat konnt mech awer guer net iwwer mäi Pompjeesauto ewechtréischten. Méi spéit a mengem jugendleche Liewe sinn ech, wéi vill Kolleegen och, meng Bausätz fir d’ferngesteiert Fligere bei de Lassner kafe gaangen.
Fréier huet mech d’Geschicht vum Haus Lassner kal gelooss, de Pompjeescamion an den elektreschen Zuch ware mir méi wichteg wéi d’Fassad aus der Belle Époque. Haut erënnert nach just den Numm un der Fassad un déi fréier Zäiten: Maison Veuve A. Lassner. J. Simonis-Lassner, Successeur. Niewent dem Numm liest een och nach Lampes, Cristaux, Porcelaines iwwer de Vitrinnen. Kee Wuert vu Jouets?
Dat hat säi gudde Gronn, wéi ech elo aus der Geschicht vun dësem Haus erausgelies hunn. Am Ufank hat de Lassner keng Spillsaachen. Déi koumen eréischt an den 1930er-Joren derbäi. D’Gebai um Knuedler, dat haut nach eent vun de markantsten an dësem Eck vun der Stad ass, gouf 1905 gebaut. D’Firma Lassner besteet awer scho vill méi laang. De Schrëftzuch op der Fassad erënnert un den A. Lassner, de Grënner vum Haus Lassner. Den Adolphe Lassner ass Mëtt vum 19. Joerhonnert aus Schlesien op Lëtzebuerg komm, fir bei der Firma Villeroy & Boch Parzeläin ze bemolen. Am Joer 1860 mécht hien e Parzeläinsgeschäft um Eck vun der Rue de la Reine an der Rue du Fossé op. Haut ass do eng Filial vun der Spuerkeess.
No nëmmen zéng Joer plënnert hien an d’Haus op Nummer 4 an der Rue de la Reine. Vis-à-vis dovun, op der Nummer 3, huet ee bis 2020 nach d’Geschäft Lassner Sports & Fun fonnt. Nom Doud vum Adolphe ass de Betrib 1878 vu senger Wittfra Victorine Zinnen an hiren zwee Meedercher iwwerholl ginn. D’Geschäft huet du Maison Veuve A. Lassner geheescht. E puer Joer méi spéit gouf den Numm a Lassner Soeurs ëmgeännert an zwar zu deem Moment, wéi d’Victorine gestuerwe war an hir Schwësteren de Betrib iwwerholl hunn. 1890 ass eng vun de Schwësteren, d’Maria, mam Joseph Simonis bestuet ginn, deem seng Elteren e bekannt Schonggeschäft an der Stad haten.
D’Famill Simonis-Lassner huet 1905 dat Gebai um Knuedler gebaut, wéi mer et haut nach kennen. D’Haus Lassner gouf op enger historescher Bausubstanz aus dem 16. Joerhonnert opgeriicht, déi zu engem fréiere Franziskanerklouschter an engem Refuge vun den Dominikanerinne gehéiert huet. De verwëllefte Keller staamt aus dem Joer 1528.
1920 huet de Fils vum Joseph, de Paul Simonis, d’Geschäft vu sengem Papp iwwerholl. Am selwechte Joer koum säin éischten Bouf, de Victor, a véier Joer méi spéit den zweete Fils, Pierre, op d’Welt. Iwwer dem Geschäft huet d’Famill Simonis gewunnt, an um Stack uewen driwwer d’Famill Hamilius. Den Emile Hamilius, de spéidere Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, war mam Jeanne Simonis bestuet a vun 1930 u mat un der Firma Lassner bedeelegt.
Wärend dem Zweete Weltkrich waren de Pierre an de Victor agezunn. De Victor ass un d’Ostfront komm, war spéider a russescher Gefaangenschaft a war am Lager vun Tambow. Nom Krich ass hien op Lëtzebuerg zeréckkomm. De Pierre war zu Berlin an a Polen, a wéi hien zéng Deeg „Heimaturlaub“ kritt hat, huet säi Papp decidéiert, de Pierre mat falsche Pabeieren a Frankräich ze schécken, wou hien an der Auvergne op engem Bauerenhaff ënnerdaach komm ass an do als Kniecht geschafft huet.
Nom Enn vum Krich hunn déi zwee am Betrib vun hirem Papp geschafft. 1963 huet de Geschäftspartner vum Papp, den Emile Hamilius, aus gesondheetleche Grënn seng politesch Positiounen an och seng Aarbecht an der Firma missen opginn. De Victor, de Pierre an hir Schwëster Elisabeth hunn d’Undeeler vum Emile Hamilius opkaaft.
Am Joer 2006 huet d’Famill dat herrlecht Gebai um Knuedler verkaaft. De Pierre huet sech awer deemools derzou entscheet, an der Rue de la Reine e Geschäft ënner dem Numm Lassner Sports & Fun opzemaachen, dat am Mäerz 2020 dunn endgülteg seng Dieren zougemaach huet. Haut befënnt sech op där Plaz de Marguerite’s, eng glutenfräi Pâtisserie, déi vum Besëtzer vum Chocolate House bedriwwe gëtt.
Wat d’Gebai aus der Belle Époque um Knuedler ubelaangt, sou ass dat tëschent 2007 an 2009 komplett renovéiert ginn. Un der Fassad huet awer näischt dierfe geännert ginn. Iwwer de Geschäftsraim, wou een haut e Restaurant mam Numm Bazaar fënnt, sinn um éischten an zweete Stack Büroen ënnerbruecht, ënner dem Daach ginn et zwee Appartementer.
Souwäit dee klengen Ausfluch an déi beweegte Geschicht vum Haus Lassner. Vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis haut ass villes geschitt. Och d’Faarf vun den Zoppentelleren huet heiansdo gewiesselt, déi vum Pompjeescamion, deen ech ni kritt hunn, awer net.
En Artikel vum Roger Infalt