Schmantegt gielt Gefrups!

„Schreif kee Kéis“, soten si, „schreif iwwer Kéis, iwwer Kachkéis!“ A well ech nach ëmmer fir Gastronomie ze begeeschtere war, hunn ech mir selwer en appetitlechen Ausfluch an dës pecheg Nationalwelt gebucht. A scho war d’Gloscht erëm do, a si ass bis haut nach net fort! Am Lëtzebuerger Vollekslidd vum Pir Kremer no der Weis […]
Tai-Chi Eng Sportaart duuss wéi Seid, an och genau esou bestänneg

Tai-Chi, kuerz fir Taijiquan, ass eng traditionell Beweegungs- a Kampfkonscht aus China. Am Géigesaz zu aneren asiatesche Kampfsportaarten ass dat sougenannt „Schattenboxen“ awer keng äusserlech Kampfkonscht, mee eng ënnerlech. Et geet ëm d’Sich no de Verbindungen am Kierper, déi – wa richteg genotzt – Energie fräisetzen a sou heelend Wierkungen ausléise kënnen. De Volker Bänsch […]
Ouni.lu Verpackungen? OUNI eis!

Wie kënnt dat net: Et geet een akafen, fir de Frigo ze fëllen a et fënnt een sech mat engem risege Koup Plastik a Kartrong an der Kichen erëm. Kloer, et ginn Initiative wéi d‘Valorlux, déi sech deem unhuelen – mee kann een net eigentlech dorobber verzichten? Genee déi Fro hu sech och d‘Grënner vun […]
Am Krees dréien

Spéitstens säit der Rifkin-Etüd ass de Begrëff Kreeslafwirtschaft oder och économie circulaire dagdeeglech ze héieren. Am Ofschlossrapport vun der Etude gëtt d‘Kreeslafwirtschaft als e wichtegen Aspekt vun der Innovatioun a vum nohaltegen Wuesstum vu Lëtzebuerg definéiert. Mee wat verstoppt sech eigentlech hanner dësem Begrëff? Wéi funktionéiert de Konzept a wéi kann d‘Kreeslafwirtschaft zu eisem Wuesstum […]
D’Buerg vu Veianen

Majestéitesch steet si héich iwwer dem Ourdall. Déi mëttelalterlech Buerg vu Veianen ass eng vun de bedeitendste Lëtzebuerger Buergen.
Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

En Iwwerbléck iwwer déi verschidde Jugendherbergen zu Lëtzebuerg …
De groussherzogleche Palais

De groussherzogleche Palais an der Stad ass a villen Hisiichten interessant. Lies hei d’Geschicht vum Palais.
Festivalen zu Lëtzebuerg

Festival… do denken déi meescht direkt un d‘Ausland, un déi grouss Nimm. Mee muss et esou wäit sinn, oder huet Lëtzebuerg och eppes an där Richtung ze bidden? Mir sinn der Saach nogaangen a ware selwer iwwer d‘Resultat iwwerrascht.
E sprëtzegt Amusement

Wann een eng Persoun op Schi gesäit, denkt all Mënsch direkt un de Wantersport. Nëmmen deene mannsten géif afalen, datt ee mat dësem Sportmaterial och Waasserschi ausübe kann, eng Sportaart mat Traditioun zu Lëtzebuerg …
Wann d’Bëtongsmaschinnen aschlofen

Den 1. Januar 1975 ass zu Lëtzebuerg e Gesetz a Kraaft getrueden, dat de kollektive Congé am Bausecteur reegele soll. Dës Zort vu Kollektivcongé ass spezifesch fir Lëtzebuerg …