Tai-Chi, kuerz fir Taijiquan, ass eng traditionell Beweegungs- a Kampfkonscht aus China. Am Géigesaz zu aneren asiatesche Kampfsportaarten ass dat sougenannt „Schattenboxen“ awer keng äusserlech Kampfkonscht, mee eng ënnerlech. Et geet ëm d’Sich no de Verbindungen am Kierper, déi – wa richteg genotzt – Energie fräisetzen a sou heelend Wierkungen ausléise kënnen. De Volker Bänsch ënnerriicht säit 1999 dës besonnesch Kampfkonscht zu Lëtzebuerg an erkläert, wou se genau hierkënnt: „Am 16. a 17. Joerhonnert gouf et a China de General Chen Wangting. Wou dëse bekannte Krichsheld sech zur Rou gesat huet, huet e gemierkt, dass d’Kombinatioun vun den haarden, äussere Kampfstiler an der ënnerlecher Aarbecht vum Qi Gong hie fit gehalen huet an seng eege Kraaft doduerch erëm méi grouss ginn ass.“
Als Member vun der „Taiji & Qi Gong Luxembourg a.s.b.l.“ vermëttelt de Volker Bänsch den urspréngleche Chen-Stil. „Taiji funktionéiert nom Prinzip vu Yin a Yang, dat heescht no der Philosophie vun de Géigesätz. Yin a Yang sinn zwee Pendanten, déi een ouni deen aneren net existéiere kéinten”, sou de Volker. De Begrëff Taiji oder Tai-Chi steet dobäi fir d’Source, de Wuertdeel -quan oder Chuan bedeit am Chineseschen „Fauscht”. Eng duuss Sportaart also, déi trotzdem an d’Kategorie vun de Martial Arts fält.
D’Beweegungen am Taijiquan bauen ëmmer op dem Prinzip vu Kreesser op. Am Kierper muss eng gewësse Balance bestoen, fir dass d‘Energië richteg fléisse kënnen. „Dat Wichtegst beim Tai-Chi ass d’Beepositioun, dat ass d’Basis vun allem. Et ass e bësse wéi bei engem Bam: wann d’Wuerzele stabil sinn, da kënnen d’Äscht sech am Wand beweegen, ouni hiren Halt ze verléieren“, erkläert de Volker. Tai-Chi ass awer net einfach just d’Ausféiere vun enger astudéierter Choreographie, et ass e Liewensstil. Net nëmmen de Kierper gëtt trainéiert, mee och de Geescht. Sou solle virun allem déi ënnerlech Prinzipie vun der Tiefenentspanung mat der Zäit an den Alldag integréiert ginn, fir esou effektiv wierken ze kënnen.
Wat an der westlecher Kultur vu villen awer einfach just als wëchentlechen Hobby gesi gëtt, gehéiert a China zum alldeegleche Rhythmus. Besonnesch a Groussstied treffen sech Pensionnairen all Moien an ëffentleche Parken, fir zesummen Tai-Chi ze praktizéieren. Och am Yogaloft zu Märel an um Kierchbierg gi reegelméisseg fréi moies Coursen ugebueden, fir esou der Philosophie vum Sport gerecht ze ginn. „Bei eis ass Tai-Chi eng Manéier, fir den Dag unzefänken a seng physesch a psychesch Gesondheet ze erhalen“, erkläert eng vun de Proffen. Tëschent 80 an 90 Prozent vun de chinesesche Senioren notzen de Kampfsport, fir fit ze bleiwen. „Am Weste sinn al Leit oft hëlleflos a gleewe guer net, dass een sech selwer heele kann. Dat ass traureg. A China sinn et d’Grousselteren, déi sech de ganzen Dag iwwer ëm d’Enkelkanner këmmeren, do muss ee kierperlech a Form sinn an dat geet mat Tai-Chi“, sou déi gebuere Chinesin. Hire Cours fänkt si mat Meditatioun un, hei soll déi ënnerlech Linn fonnt ginn, déi de Kierper vu Kapp bis Fouss matenee verbënnt a sou d’Energie fléisse léisst. Duerno geet et weider mat den Exercicen „24“ an „Eight pieces of silk“, béid gängeg Übungen am traditionelle Yang-Stil. D’Beweegunge sinn alles Ugrëffs- a Verdeedegungsmouvementer, déi op eng duuss Manéier d’Gelenker an Organer deblockéieren.
Reegelméisseg Coursen a Privatstonne ginn et awer net nëmme fir Erwuessener. „Am Ufank hunn effektiv just eeler Leit Taijiquan praktizéiert, mee mëttlerweil geet den Alter vu menge Schüler vu 4 bis 102 Joer. Virun allem Kanner tëschent 6 a 7 Joer hu schonn oft Defiziter, wat hir Flexibilitéit ubelaangt, dës kann ee mat Tai-Chi ganz einfach erhalen“, erkläert de Volker Bänsch. E Pluspunkt: de Kampfsport muss net ëmmer just meditativ an duuss sinn, mee kann och emol dynamesch a kämpferesch gestalt ginn – ganz nom Besoin vum Publikum. Traditionell Outdoor-Coursen op der Wiss sinn zu Lëtzebuerg wéinst dem ville schlechte Wieder éischter rar, ma trotzdem ginn och hei ëmmer erëm Workshoppen dobannen an dobaussen organiséiert. Keng Ausried also, fir sech net selwer eng Kéier op d‘Sich no sengem ënneren Chi ze maachen.
En Artikel vum Laura Tomassini