Am Krees dréien

Kreeslafwirtschaft erkläert

Spéitstens säit der Rifkin-Etüd ass de Begrëff Kreeslafwirtschaft oder och économie circulaire dagdeeglech ze héieren. Am Ofschlossrapport vun der Etude gëtt d‘Kreeslafwirtschaft als e wichtegen Aspekt vun der Innovatioun a vum nohaltegen Wuesstum vu Lëtzebuerg definéiert. Mee wat verstoppt sech eigentlech hanner dësem Begrëff? Wéi funktionéiert de Konzept a wéi kann d‘Kreeslafwirtschaft zu eisem Wuesstum bäidroen?

D‘Regierung wëllt zu Lëtzebuerg eng Gesellschaft schafen, déi op eng nohalteg an ëmweltschounend Ekonomie setzt. En éischten, grousse Projet vun der Kreeslafwirtschaft soll zu Wolz entstoen.

Den historesche Site vun den ale Frichen zu Wolz soll ëmgebaut ginn. Eng Mëschung tëschent Wunnen, Schaffen a Fräizäit soll entstoen. 7 Quartiere mat 780 nei Wunnengen op 25,5 Hektar, dat sinn d’Zuele vum Projet „Wunne mat der Wooltz”, deen am Januar vun der Regierung virgestallt ginn ass. De neie Site, deen hei zu Wolz entsteet, setzt komplett op d‘Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft. Beim Entstoe vum neie Quartier gëtt opgepasst, wéi gebaut gëtt. Energieeffizienz, Ressourcespuersamkeet an op e neits ze verwäertent Materialie sollen hei eng wichteg Roll spillen. Esou guer e Zentrum fir Kreeslafwirtschaft soll entstoën. Desen Zentrum bidd Second Hand Butteker, Repair Shops, Tauschboursen, Start-Up Betriber an anere Butteker eng Plaz.

Näischt méi ewech geheien, mee recycléieren an doraus e neie Produit maachen, dat ass d‘Philosophie vun der Kreeslafwirtschaft. Deem Engem säin Offall, ass deem Nächsten säin Rostoff. Wat alles derbäi gehéiert a wéi dat funktionéiert weise mir Iech an eiser Grafik.

E Betrib produzéiert aus engem Rostoff e Produit, a verkeeft dësen un de Verbraucher, deen de Produit eng Zäit laang notzt an dann ewech geheit. De Produit lant op enger Deponie, beschte falls um Recycling. Esou funktionéiert, einfach erkläert, eise System vun der Wirtschaft. Dëse System ass linear a wéineg nohalteg. Mee et geet och anescht: e Krees vun der Wirtschaft soll an Zukunft dëse lineare System ofléisen an d‘Wirtschaft nohalteg gestalte – vun der Wéi an d‘Wéi – Cradle to Cradle.

Déi agesate Rostoffer ginn iwwer de Liewenszyklus vun engem Produit esou laang wéi méiglech verwäert an duerch Sharing Konzepter gedeelt. E Produit méi effizient notzen! Am Idealfall entsteet keen Offall. Schrauwen amplaz Pechen erlaabt zum Beispill e Produit duerno besser an seng Eenzeldeeler ze zerleeën an dës esou erëm als Rostoff ze gebrauche fir en neie Produit hierzestellen. Ganz nom Virbild vun eiser Natur, déi säit Milliarde vun Joren de Liewenskreeslaf nohalteg oprecht erhält. Aus dem Doud entsteet Liewen.

Mee wéi kann d‘Kreeslafwirtschaft zu eisem Wuesstum bäidroen?
Dat beäntwert eis den Dr. Jeannot Schroeder vum PROgroup, den sech schonn zanter méi ewéi 6 Joer mam Thema beschäftegt:

Dr. Jeannot Schroeder:
Éier ech op déi Fro äntweren, wëll ech awer nach eng Kéier preziséieren dat de Recyclage, ewéi mir en haut praktizéieren, an bal alle Fäll näischt mat Kreeslafwirtschaft ze dinn huet, well mir eigentlech DOWNcycling praktizéieren, an am beschte Fall, déi agesammelt Stoffer fir eng zweet, manner qualitativ Uwendung gebrauche kënnen.

An domat gesäit een och wéi vill Aarbecht nach virun eis läit fir eis Ekonomie ëmzestellen.

Et geet an Zukunft dorëm eise Wuesstum vum Ressourcëverbrauch ze trennen. Wann mir dat laangfristeg net packen, da gëtt et och iergendwann kee Wuesstum méi.

Eng Kreeslafwirtschaft brauch menger Meenung no nei Technologien a vill Innovatioun, an dat a bal alle Beräicher, fir déi verschidde Kreesleef ze schléissen.

An dora besteet eng Chance fir Lëtzebuerg. Mir mussen hei en Ëmfeld schafen, an deem et interessant ass, genau dës Innovatiounen a Technologien ze entwéckelen.

Esou kéint een zum Beispill d’Aarbecht manner, a gläichzäiteg de Materialverbrauch méi besteieren. Domat kéint en dann och, de ganzen Secteur vum Flécken, Opbereeden, selektiv Demontéieren a Recycléiere vill méi staark entwéckelen a mir, als Land an dësem Beräich domat eng Virreiderroll an Europa iwwerhuelen. Esou kéint Lëtzebuerg déi néideg Kompetenzen opbauen fir „circular economy ready product design“ ze entwéckelen an domat en Hotspot fir circular economy op der ganzer Welt ginn.

D’Kreeslafwirtschaft kéint, niewent dem Finanzsecteur, e weidert wirtschaftlecht Standbeen vun eiser Ekonomie ginn, wat sécher dozou bäidroe géif nei Aarbechtsplazen hei am Land ze schafen.

Eng Approche „Economie circulaire“ huet vill Potenzial fir nei Produkter a Servicer ze entwéckelen.

Dr. Jeannot Schroeder

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.