Festivalen zu Lëtzebuerg

Festival… do denken déi meescht direkt un d‘Ausland, un déi grouss Nimm. Rock am Ring an Däitschland, Tomorrowland an der Belsch, Frauenfeld an der Schwäiz oder fir ganz exotesch ze ginn, de Burning Man, dee matzen an der Wüst am Bundesstaat Nevada an den USA stattfënnt.

Dëst sinn der nëmmen e puer vun deene ganz groussen a bekannte Festivalen uechter d’Welt. Mee muss et esou wäit sinn, oder huet Lëtzebuerg och eppes an där Richtung ze bidden? Mir sinn der Saach nogaangen a ware selwer iwwer d‘Resultat iwwerrascht.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Sécherlech ginn et Nimm, déi direkt erausstiechen, och hei zu Lëtzebuerg. Sou zum Beispill de Siren’s Call Festival oder den E-Lake zu Iechternach. Mee doriwwer méi spéit. Aner grouss Nimm sinn allerdéngs erëm séier vun der (Festivals-)Bün verschwonnen: De Food for your Senses an de Rock a Field sinn zwee Beispiller fir eng Erfollegsstory, déi op en Enn huet misse goen.

De Food for your Senses hat sech aus engem klenge Concertsowend zu Tënten, zu engem iwwer d‘Grenzen eraus bekannte Musek- a Konschtfestival entwéckelt, dee säit 2009 net méi zwee, mee dräi Deeg laang seng Fans begléckt huet. Déi lescht Editioun huet dunn 2019 ënnert dem Titel “Funeral Feast” stattfonnt. Do sinn haaptsächlech lëtzebuergesch Gruppen opgetrueden.

Och de Rock a Field huet direkt am éischte Joer vun sengem Bestoen ageschloe wei eng Bomm an huet sech mat internationale Musekbands ewéi Mando Diao, Franz Ferdinand oder Placebo, en Numm gemaach. Wärend ville Joren hunn si mat dësem Konzept bis zu 18.000 Visiteuren e puer flotter Deeg um Herschesfeld zu Réiser erméiglecht. Am Juli 2019 ass d’Ära um Festival-Terrain zu Réiser mam Optrëtt vun der Band Rammstein op en Enn gaangen.

Dës 2 Festivalen haten trotz dem Erfolleg ëmmer ërem decidéiert fir een, respektiv zwee Joer ze pausen, wat gläichzäiteg och weist, wat fir eng Mammutaufgab a Saachen Organisatioun esou e Festival mat sech bréngt.

Den Interessi un esou Eventer ass trotz allem esou grouss an dofir iwwerrascht et och net, datt ëmmer méi Festivaler zu Lëtzebuerg hir fest Plaz am Kalenner fannen.

Mat méi ewéi 25 Joer um Bockel ass den E-Lake ee fest etabléierte Rendez-vous am August. Dëse Festival iwwerzeegt net nëmmen duerch seng laang Erfarung mee och duerch déi besonnesch Locatioun ronderëm den Iechternacher Séi an zugläich duerch seng Diversitéit. Esou bitt den E-Lake méi ewéi dräi Deeg eppes fir all Goût. Wärend dëser Zäit fënnt een hei vun der Elektronescher Musek hin zum Rock, och vill Lokalmatadoren. Dëse Mix begeeschtert ronn 20.000 Leit pro Joer.

De Siren’s Call ass en Indie, Rock a Pop Festival, deen et säit 2017 gëtt an deen sech mëttlerweil zu enger fester Gréisst zu Lëtzebuerg etabléiert huet. Mat ronn 7.000 Zuschauer ass en zwar net sou grouss opgesaat wéi beispillsweis de Rock a Field, mee bräuch sech mat Bands wéi The Hives, Japanese Breakfast oder Phoenix, déi schonn dobäi waren, net ze verstoppen. Fir déi näechst Ausgab an der Abtei Neimënster den 29. Juni 2024 stinn och schonn dräi Kënschtler um Line-Up: Alvvays, Bat For Lashes an Bombay Bicycle Club. 

Niewent dëse fest etabléierte ginn et awer nach weider Festivalen am Ländchen. Am Norde vum Land, méi genau zu Clierf, gëtt et niewent der Ausstellung Family of Man och de Funky Donkey Festival, dee mat gréisstendeels Lëtzebuerger Artisten, awer och e puer auslänneschen, säin Deel zur Lëtzebuerger Kultur, dat virun allem am Norde vum Land, bäidréit. Och dëse Festival huet no fënnef Joer Abstinenz 2023 rem seng Paarten opgemaach. Den Datum fir 2024 steet scho fest: den 30. an 31. August. Dëst Event ass och ee gutt Beispill dofir, wei sou ee Festival zustane kënnt. Elei sinn et d’Scoute vu Clierf déi dëst Event organiséieren an déi ganz Aarbecht meeschteren, déi mam Organiséiere vun esou engem Festival verbonnen ass.

Wéi zu Clierf ass et och op anere Plaze sou, datt e Festival vu ville Benevolle lieft, an dat ass net ëmmer esou einfach. Vill Leit, déi op esou enger Plaz hëllefen, sinn oft och déi Leit, déi de Festival gäre besiche géifen. Genee dat mécht déi Plazen dann awer och zu esou eppes ganz Speziellem, well déi hanner dem Comptoir, hanner de Keesen oder hanner de Kulisse genee wëssen, wat si sech vun engem Festival erwaarden an da genau de Leit dat probéieren ze bidden.

Ee weidert gutt Beispill dofir ass de Kolla Festival zu Miersch, deen deemools vun engem Grupp Leit zu Stengefort an d‘Liewe geruff gouf, déi selwer leidenschaftlech gär op Festivale gepilgert sinn a selwer hiren Deel zu der ganzer Zeen wollte bäidroen. Och dëse Festival huet net ëmmer reegelméisseg stattfonnt. No véier Joer Abstinenz huet de Kolla Festival am August 2023 rem konnte säi Revival feieren, an dat direkt och an enger anerer Location: am Miercher Park. Bei dësem Festival hunn sech d’Organisateuren d’Nohaltegkeet grouss op de Fändel geschriwwen. Et ass en Event, deen sech och ganz gutt fir Famille mat Kanner eegent. Datum a Lineup fir dëse Summer ware bis Redaktiounsschluss nach net eraus. 

Vläicht hues du Loscht kritt, dech der ganz besonnescher Atmosphär vun engem Museksfestival hinzeginn oder vläicht hues du schonns en Datum vun engem Festival zu Lëtzebuerg an dengem Kalenner agedroen. Sou oder sou hu mir dir hei nach eng Checklëscht zesummegestallt, wat een alles fir déi „Minivakanz” brauch. Et soll dir jo un näischt feelen, fir déi puer Deeg ze genéissen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.