Roude Léiw, huel se!

„Roude Léiw, huel se!“ – mat dësem Sproch spornen eestëmmeg d’Unhänger d’Foussballekipp vun engem Mini-Land un, dat nach ni déi ugepeilte lescht Etappe vun der FIFA-Weltcoupe erreecht huet, obwuel et zënter 1934 mat dobäi ass. Amüsant … an derwäert, sech Gedanken driwwer ze maachen! Wat soll dee Slogan, a firwat e Léiw?
De Mënsch Jeff Strasser

Dem Fussballspiller Jeff Strasser säi Werdegang ass impressionant. Wéi huet hien déi eenzel Etappe vun senger Karriär erlieft? Hien erënnert sech, datt den Ufank schwéier war, fir Proffi ze ginn.
Mini-Entreprisen, e geniale Projet

Am Lycée weess een oft nach net, wat fir e Beruff een am spéidere Liewe maache wëll. De Projet „Mini-Entreprises“ gëtt de Jonken d’Méiglechkeet, hir éischt Erfarungen ze sammelen an ze gesinn, wat et heescht, als Selbstännegen e Betrib opzemaachen. A fir dat Ganzt nach méi interessant ze maachen, gëtt dëse Projet als nationale Concours […]